Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Un d’Scriben aus dem Tageblatt 

Un d’Scriben aus dem Tageblatt

 

laut dem Tageblatt gehéieren ech zu Lëtzebuerg zu de sougenannten influencer. Meng Meenung wier also esou wichteg, datt ech d’Meenung vun anere Leit kéint beaflossen. Doriwwer léisst sech streiden, ma effektiv gouf mäi leschten Artikel iwwer d’Impfgéigner https://bit.ly/3317BZf  iwwer 5200 mol gelies, also ëmmerhin d’Halschecht vum staatlech subventionéierten Tageblatt. Ech ginn awer net nëmmen als Influencer dohinner gestallt, ma zugläich als Schwurbler.

Konkretes hunn déi 4 Journalisten allerdéngs net fonnt. Als Kritik halen si zeréck: Die Quellen in seinen Beiträgen sind dabei unter anderem solche: “Ich weiss von einer Frau(…), von einer Person die um Gesundheitssektor arbeitet(…) von einem jungen Mann bekam ich erzählt”. Jo, dat stëmmt. Ma wann ee vu Leit Saachen erzielt kritt, mam Vermierk, si nëmmen net beim Numm ze nennen, dann hält een sech dorunner. Dateschutz! Quelleschutz!

E Journalist deen d’Politik observéiert, zitéiert jo och reegelméisseg Politiker ouni si beim Numm ze nennen- dat hänkt vun der géigesäiteger Ofmaachung of. Et gehéiert zum journalistesche business, also näischt Aussergewéinleches. Datt en Dokter, eng Infirmière oder eng Kiné net wëll beim Numm genannt ginn, versteet sech am klenge Lëtzebuerg vum selwen, oder?

D’Journaliste-Kolleegen musse léieren, Texter richteg ze liesen, also fräi vun iergendwellecher Ideologie. Ech hunn tatsächlech zwou Covid-Geschichten vun enger Fra erzielt. Och hei keen Numm, ma ech gouf hir de fiktiven Numm Sandra. An ech hat zum Deel hir Dokumenter publizéiert. Wat ass dogéint anzewennen?

d’Analyse vun den Tageblatt-Schrëftsteller leeft jo indirekt dorobber eraus, wéi wann ech mir alles géing aus de Fanger suckelen. Hir Konklusiounen bei aneren Influencer, Schwurbler wëll ech hei net weider kommentéieren, ma verschiddentlech kënnt et op Ënnerstellungen eraus, op Verleumdung. E bësselche wéi munnchmol op facebook. Dobäi ginn et tatsächlech ënnert den Impfgéigner Männer a Fraen, wou een sech ka Gedanken, jo Suerge maachen iwwert hire séileschen Zoustand.

Viru Méint gouf ech iwwerschwemmt vu Mailen, vu Lieserbréiwer. E puer raisonnabeler hunn ech publizéiert, déi meescht allerdéngs vertikal klasséiert. Vun Ufank un hunn ech präziséiert, datt ech selwer net zu den Impfskeptiker gehéieren an datt ech mech impfe loossen- zanter 5 Deeg geboostert. Ech war awer entsat, datt d’Stëmm vun den Impfgéigner quasi ni an de klassesche Medien ze héieren oder ze liese war.

An dat ass menger Meenung no e krasse Feeler! Net jiddereen dee refuséiert, am Kontext Vaccinatioun vu Begeeschterung an d’Hänn ze klappen, huet e Rass an der Schossel. Et sinn duerchaus verstänneg Leit dorënner, an et sinn net si déi e leschte Samschdeg d’Gëlle Fra gestiermt hunn wéi wann et d’Bastille wier. Grad mat dëse Leit hätt musse geschwat ginn, och an de Medien, déi sech haut de Virworf musse gefale loossen, net ganz onschëlleg un där ablécklecher Situatioun ze sinn.

D’Santé huet et allemol an endlech bekäppt an fir dës Deeg eng ganz Impfwoch organiséiert. Kuckt Iech, léif Kolleegen, den Titel un vum Artikel op RTL: https://bit.ly/3pDHRtT . Jidderee soll d’Chance kréien, seng Froen ze stellen… Uff! Et huet e Strapp gedauert, dat hätt vill éischter musse geschéien, och an de Medien. Seng Froe stellen bedeit natierlech och seng Meenung soen. Ech perséinlech hu mech ëmmer dofir agesat, datt et méi wéi just eng Meenung gëtt.

d’Demonstratioun(en) vun e leschte Samschdeg hunn ech ferrem kritiséiert. Och dat passt Iech net an de Krom an Dir stellt d’Fro: “Ob da jemand kalte Füsse bekommen hat, nach Monaten des Schönredens?”. Do verzapt Dir awer richteg Kabes! Bis ewell krut ech just de Contraire virgehäit. Déi geréngste Kritik un der Madonna Paulette gouf jo schonn als Blasphemie interpretéiert.

Schönreden? Ech hunn als éischten de large scale test kritesch hannerfrot. Dir awer wollt näischt dovunner wëssen, bis datt den Dokter Schockmel drunner gehuwwelt huet datt d’Spéin geflu sinn. Liest als Erënnerung deen heiten Text vum Gaston Vogel: https://bit.ly/3Iv2Uai ! Ech hat och méi wéi eng Kéier de Verglach mam Juddestär ugeprangert. A bei Iech? Wien näischt mécht, deen näischt brécht?

Kaal Féiss? Mir ass et éischter kal de Réck erofgelaf. Aus de Mailen déi bei mir ukoumen an aus de Gespréicher déi ech op der Strooss mat verschiddene Leit konnt féieren hunn ech ëmmer méi kloer erausgespuert, op wéi eng Manéier kleng (!) Deeler vun der Gesellschaft sech an hier eege Welt zeréckgezunn hunn, enttäuscht, verbattert, radikaliséiert, je nodeem.

Glécklecherweis sinn net all Impfgéigner an Impfskeptiker an een Dëppen ze geheien, an nawell ass déi ablécklech Situatioun méi wéi onglécklech. Ech hunn 38 Joer a 6 Méint am Journalismus geschafft a weess, wéi wichteg et fir de Beruff ass, sech och mol selwer a Fro ze stellen. Maacht dat! Och en vue vun der nächster Diskussioun déi op eis duerkënnt, déi vun der Impfflicht. Den neie Gesondheetsminister an Däitschland huet jo schonn beim Anne Will ugekënnegt, datt een mat OMIKRONE net wäert dolaanscht kommen.

Avis aux amateurs!

Related posts

5 Comments

  1. Peter Freitag

    Häer Kaiser,

    Hu virdru vill mi reegelméisseg bei Iech laanscht gekuckt, bevir ech mech och mat méi Experten konnt verbannen.

    Ech kann Iech direkt soen, mat enger Impfpflicht fir all, « on va allumer une mèche extrêmement courte ». Ech hoffen Dir kënnt dat novollzéihen. Ech si frouh, datt de Booster bei Iech nët mat Niewewierkunge war.

    Déi Froen, déi ech bis elo gestallt hunn, wollt ee mir mol nët beim Impfbus beäntwerten, mee ech krut aaner Äntwerten do, di ët mir kaal de Réck erooflaafe loossen.

    Wat lo di Visiten bei XB ugeht, am Prinzip hutt Dir Recht, mee de gudde Mann zerstéiert säit Méint d’Privatliewen vun villen aanere Leit. Sorry, do kennen ech kéng Gnod, dofir sinn ech zesumme mat engem klénge Grupp dohinner gaangen, och well dee Feigling fortleeft wann en ëffentlech de Mikro fir eng Diskussioun ugebuede kritt an och konsequent all wierklechen Dialog verhënnert.

    Mat der zweeter Visitt, haat ech per Zoufall absolutt guer näischt ze dinn, mee ech heeschen déi Aktioun gudd. Den anscheinende Vandalismus, den dëse Leit ënnerstallt gëtt, ass vu all de Videoen net konnte verifizéiert ginn, de Schued um Auto ass suguer staark unzezweifelen, geméis engem Temoignage.

    Ech sinn e bëssi en Aussenseiter wat Wëssen iwwer Genetik a Vorologie ugeht, well ech dat studéiere wollt an dementspriechend e gewëssent Virwëssen iwwert dem Duerchschnëttsbierger hunn, ouni selwer en Expert ze sinn. Dofir kann ee mech och nët mat 0815 Bullshit beandrocken. Dat Wësse wat ech hunn, mecht mech zum Skeptiker am Fall vu COVID-Impfungen, och wann ech soss eng Reih aaner Impfunge matgemeet hunn.

    De Käer vun dem hautege Problem ass de fehlenden éierbaren an éierlechen Dialog an di vun Iech benannten Eesäitegkeet vun der Press.

  2. Jean Pierre

    Haer Kaiser…
    Ich war auch gestern etwas erstaunt ihren namen unter denen der boesen zu finden,die vom tageblatt denunziert wurden…aber mit der cargolux cheffin und einem kpl journalisten sind sie ja in guter gesellschaft.
    Was von dieser methode zu halten ist…da schweigt des saengers hoeflichkeit.
    LG von einem geimpften der den ton ,der seit einigen tagen von einigen impf fans angeschlagen wird, auch unertraeglich findet.

  3. Marc A.

    Mon cher Guy,
    Nous qui sommes des dinosaures, toi de l’information, et moi de la réalisation, nous avons toujours fait, jusqu’à aujourd’hui notre travail en montrant ou opposant deux opinions contraires pour créer un débat. Ce qui m’inquiète aujourd’hui, c’est cette information, en continu tout au long de la journée, de façon unilatérale de notre ancien employeur médiatique radio et télévision, d’une actualité Covid, qui met d’office au coin, avec bonnet d’âne, tout opposant à la vaccination. En recherchant un tout petit peu, sur google, il y a matière à débat mais personne au pouvoir journalistique ne veut enquêter, ni même s’y intéresser. Peut-être est-ce dû à la « carte de presse » dont l’Etat dispose ? Pourquoi l’ALIA dont l’un des rôle consiste à protéger la dignité de l’homme pour son opinion n’intervient-elle pas non plus dans ce courant unilatéral ?
    Pour terminer, je prends le pire des exemples, que j’ai entendu à la radio nationale: Mr Gilbert PREGNO, responsable des Droits des Hommes, qui a terminé son monologue en disant «  c’est la faute aux non-vaccinés si on doit vacciner les enfants » !
    Marc.

  4. Gilbert

    Här Kaiser, wéi sot de Malcolm X

    „Die Medien sind das mächtigste Institution der Welt. Sie haben die Macht, die Unschuldigen zu verurteilen und die Schuldigen freizusprechen, und genau das ist Macht. Weil sie den Verstand der Massen kontrollieren.“

    An elo sidd dir och Affer vun de Medie ginn. An dat bestëmmt zu Onrecht. 

     

  5. Gilbert

    “Die größten Persönlichkeiten der Menschheitsgeschichte waren stets Querdenker, die das Vorherrschende in Frage stellten und niemals die Mitläufer einer Gesellschaft”

    Kann et sinn, datt ons Medie zu enger “Propagandamaschinn” “verkomme” sinn? Konnten déi grujeleg a brutal “Evenementer” vu virun 90 Joer net eréischt entstoen, well et ze vill “Mitläufer” gouf? “Mitläufer” déi deemools  duerch d´Medien “verfouert” goufe matzemaachen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *