Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Nom “Bleif Doheem” elo de masssiven “Géi Eraus”! 

Nom “Bleif Doheem” elo de masssiven “Géi Eraus”!
image credits: pixabay.com

de Mënsch ass munchmol en ‘aartelege Kadett’! Während dem Confinement huet hien sech strikt un d’Spillreegelen gehalen- Ausnamen ginn et bekanntlech ëmmer-, a knapp waren déi Reegelen opgehuewen, gëtt sech esou beholl wéi wann de Virus wéi vum Äerdbuedem verschwonne wier.

Bescht Beispill sinn d’Café a Restaurant. Do sollen d’Dëscher aus Sécherheetsgrënn annerhallwe Meter vunenaner ewech stoen. Bannenan kann dat fir eng ganz Partie Betriber eng grouss Ännerung bedeiten, awer baussen op der Terrasse bedeitend manner. Social distancing vun 1 Meter 50? Elo mol lues! Déi Distanz gëllt fir d’Dëscher a fir sos keen. Setzt e Mënsch sech unn, zitt hien de Stull eraus, jee no Korpulenz tëscht 65 an 90 Zantimeter; de Client hannert him mécht dat nämmlecht, an esou bleift tatsächlech net méi vill Sputt, déi zwou Persounen sëtzen souzesoen Kapp widder Kapp! Ma vergiess ass d’Panik vu viru Wochen, d’Angscht ëm den Toilettepabeier….

Image par Alexandra_Koch de Pixabay

A wéi dat esou ass op den Terrassen, et gëtt haart geschwat a gutt gelaacht, jee, déi ideal Situatioun fir d’Aerosolen. Ma, dovunner schwätzt kee méi: de Virus ass fort! Verschwundibus! Villäicht ass déi Meenung jo mol guer net esou falsch an déi méi héich Temperaturen dobaussen hunn dat Stéck Véi tatsächlech verdriwwen. Déi franséisch Akademie vun der Mezin schreift: C’est ce que semble confirmer l’Académie nationale de médecine dans un avis émis à ce sujet le 25 mai. Elle explique que “plusieurs travaux montrent que l’élévation de la température et du taux d’hygrométrie [humidité, NDLR] affecte la viabilité du virus et réduit le nombre d’infections. L’importance de cette corrélation a pu être quantifiée, une augmentation de 1 degré de température étant associée à une diminution de 3,1 % des nouveaux cas et de 1,2 % des décès. ” Ze schéin fir wouer ze sinn?

ma och sos gëtt sech bei wäitem net méi un d’Spillreegelen gehalen, déi souwisou schonn kräfteg opgeweecht goufen. Um Ufank vum déconfinement waren d’Leit nach brav a stoungen an der Schlaang, fir an e Geschäft eran ze goen. Neierdéngs ginn d’Geschäfter am Stuerm eruewert; an enger Verkafsfläch wou maximal 2 Persounen erlaabt sinn, drécken sech 5 Persounen, eng ouni Mask. De Virus ass doud! D’Begriefness war an der Intimitéit!

Ech vergonnen de Kommerzanten, datt hir Keess sech nees lues a lues fëllt. Idem fir den HORESCA-Secteur. Ech wëll just mäin Erstaunen zum Ausdrock bréngen. Wat gëschter wouer war, schéngt haut komplett falsch ze sinn. An ech ginn de Verdacht net lass, datt déi, déi sech iwwer eng Corona-Party vu Jugendlechen op den Dräi Eechelen iergeren, selwer et och net esou ganz genee huelen. Ech si gespaant, wéi vill Leit hir Masken, déi se vum Staat geschenkt kréien, mol iwwerhaapt net siche ginn; gespaant och, wéi vill Leit sech dann nach teste loossen. Firwat eigentlech och? A mir ginn wuel ni gewuer, wéi vill vun eis als Tourist iwwer de Péngschtweekend onerlabt a Frankràich an an der Belsch ënnerwee waren….

“…De virus ass dout! Vive de Virus!….”

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *