Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Affär Lunghi? Affär RTL? Oder typesch rout-wäiss-blo? 

Affär Lunghi? Affär RTL? Oder typesch rout-wäiss-blo?
gkonline

 

Stellt Iech vir, Dir maacht als Reporter op engem europäesche Sommet en Interview mam Staatsminister. De Xavier Bettel flippt dobäi komplett aus, leeft entgeeschtert fort, kënnt erëm, fummelt um Mikro a béit Iech den Aarm. En absolutten no-go, oder? Ëm déi Situatioun goung a geet et an dëser Geschicht Lunghi, déi an den nächsten Deeg no 6 Joer a 5 Méint hiert virleefegt Enn wäert kréien, an zwar um Geriicht.

Natierlech ass den Direkter vum Mudam net gläichzesetzen mam Regierungschef. D’Envergure ass deementspriechend bedeitend manner grouss. An nawell bleift et bei der Feststellung, datt en Interviewpartner dem Journalist net kann/däerf den Aarm verbéien, an zwar egal, ob deen duerno vill Péng huet oder net. A wann dee Gespréichspartner net averstanen ass mat der Manéier wéi den Interview gefouert gëtt, da seet hien ‘Schluss’! Den Interview ass eriwwer, op d’mannst mol ënnerbrach. Wat deen Ament diskutéiert gëtt, däerf de Reporter fir säi Papier net benotzen.

D’Sophie Schram hat Enn 2016 esou een Interview mam Enrico Lunghi gefouert. Et hat sech séier bei RTL erëmgeschwat, wat virgefall war an et haten sech iwwerraschend vill Leit fräiwëlleg gemellt, fir ze intervenéieren, sech der Saach unzehuelen. Als deemolege Chefredakter vum Radio hat ech näischt mat der Affär ze dinn, hat mir allerdéngs d’Fro gestallt, ob déi Persounen all tatsächlech berechtegt waren, hiren Avis ofzeginn an d’Decisioun ze huelen, déi Mikro-Aarm-Zeen net ze senden.

“…an de Generol Alain Berwick…?”

Deen hat zu deem Ablack keng Meenung. Hie konnt keng hunn, well hie war am Ausland a wosst näischt vun der Geschicht. Zeréck zu Lëtzebuerg goung et allerdéngs Ruckizucki! De Berwick huet dem Lunghi ugeruff fir deem et gutt lafen ze loossen an huet eng Partie vun deene Persounen déi d’Zeen zensuréiert haten, an de Bureau geruff fir si an d’Bild ze setzen, datt grad déi puer Sekonne Biller vun der Aggressioun missten der Ëffentlechkeet gewise ginn. D’Stëmmung an den RTL-Ekippen war gereizt bis explosiv.

D’Lous huet säi Laf geholl, an d’Figuren um Schachbriet sinn extreem séier eng no där anerer ëmgefall. Den Enrico Lunghi huet sech zwar bei der Reporterin entschëllegt…

gkonline

krut dorobberhin d’Vertrauen vum MUDAM-Verwaltungsrot confirméiert…

gkonline

an huet kuerz drop aus fräie Stécker demissionéiert. Den Alain Rousseau, Chef-Redakter bei Tëlee Lëtzebuerg hat sech an der ganzer Geschicht wuel ze wäit zur Fënster erausgewot a krut och seng Demissioun un d’Häerz geluecht. Den Alain Berwick krut iwwerraschend séier e very golden hand-shake: Warscheinlech hat de Mann am Grupp RTL ze vill Muecht ugesammelt, grad déi lescht Joer als Gestionär vum RTL tower-Schantjen. Eng passend Geleeënheet, de Mann ofzeschéissen?

Iwwerhaapt hat de Berwick sech am Laf vun de Joerzéngten net nëmme Frënn gemaach. Wien Erfolleg huet a sengem Beruff brauch sech normalerweis ni ze bekloen iwwer ze wéineg Feinden. Deementspriechend waren d’Reaktiounen an der Press, wéi d’Beispill vum Tageblatt-Big Boss Alvin Sold gewisen huet, datéiert op de 26/27. November 2016, mat der Iwwerschrëft “Abus de pouvoir”:

gkonline

Do hat wuel een d’Néierlag am ELDORADIO-Geschäft schlecht verkraaft! Dann zum Deemoolege Chefredakter am Lëtzebuerger Wort. De Jean-Lou Siweck huet ë.a. dat heite geschriwwen:

gkonline

De Marc Thoma – oder sos een- hätt also Toun a Bild manipuléiert! Wéi konnt de Siweck dat wëssen? Op rtl.lu konnt een deemools iwwregens déi zwou Versioune gesinn, also d’Original, rush, an déi ‘geschnidde’ Versioun, déi als Reportage gesent gi war. Den Alain Berwick hat mir se deemools pour avis gewisen, an ouni Expert ze sinn konnt ech perséinlech just feststellen, datt 30 Sekonnen erausgeschnidde gi waren, mam Argument, wat mécht et fir e Sënn, Biller ze weisen wou sech absolutt näischt deet? De Lunghi war nämlech fortgaangen, war ronn eng hallef Minutt net méi am Bild ze gesinn!

Am iwwregen wär et méi korrekt gewiescht, de Chefredakter vum ‘Wort’ hätt sech zeréckgehalen. Et muss een nämlech wëssen, datt seng Madamm selwer am MUDAM schafft. Si ass do fir de Mezenat responsabel.

gkonline

An déi Madamm huet am MUDAM eng Petitioun zu Gonschten vum Lunghi mat ënnerschriwwen. Wat hiert gutt Recht wor.

gkonline

Deontologesch wier et allerdéngs méi propper gewiescht, wann hire Mann -ëmmerhin Chefredakter, also influencer-, sech aus der ganzer Geschicht erausgehalen hätt. Hie mécht de Géigendeel! Den 18. November twittert hien: nothing but a big, big pack of lies

D’Lëtzebuerger Land huet grad esou vun engem abus de pouvoir geschwat. De 25. November 2016 schreift d’Josée Hansen an hirer Analyse http://bit.ly/3kkKtyb

Car en diffusant, le 3 octobre dans son émission Den Nol op de Kapp, un montage biaisé et totalement à charge contre Enrico Lunghi, alors encore directeur du Mudam, montrant une altercation avec sa journaliste Sophie Schram, RTL a provoqué un séisme dans le paysage médiatico-politique. A si huet d’Aarbecht vu Marc Thoma a Co am Nol op de Kapp eng poujadistesch, populistesch an demagogesch Emissioun genannt!

Natierlech kann een sech d’Fro stellen, ob deen Interview vun der Sophie Schram korrekt gefouert gi war oder net: hat si et net iwwerdriwwen? Hat si de Lunghi net wollen an den Eck drécken, bis datt et zu deem Eclat koum, jo hätt musse kommen? Eng Rechtfertegung fir d’Behuelen vum MUDAM-Direkter awer ass et net! An et ass net onwichteg ze wëssen, datt d’Journalistin Hansen bis den 11. Oktober 2016 Member war am Verwaltungsrot vum…. MUDAM. Si huet deen Dag demissionéiert an 6 Wochen duerno op RTL, Thoma, Nol op de Kapp, Schram schaarf geschoss. Journalistesch Deontologie vum Feinsten!

An der WOXX-Zeitung schreift de Luc Caregari, den Enrico Lunghi wier an eng Fal gelackelt ginn: Si le geste envers Sophie Schram reste condamnable, il semble désormais clair qu’il s’agissait d’un piège dans lequel Lunghi est tombé. Also eng Zort Verschwierung géint de MUDAM-Direkter: wien en aneren an eng Fal lackelt, mécht dat premeditéiert! Firwat wär dat geplangt gewiescht? Just fir e Scoop ze kréien? Staark Ënnerstellung! De Journalist besteet am Presserot op engem blâme fir RTL.

D’Sophie Schram krut iwwregens Hausverbuet bei RTL. Dat ass geschitt zu engem Zäitpunkt wou ech schonn an der Pensioun war. Déi eigentlech Ursaachen kennen ech net, ma deen Hausverbuet stéisst bei mir sauer erop. Hien hannerléisst bei den RTL-Reporter de Message: wann et brenzeleg gëtt, loosse mir dech falen ewéi eng waarm Gromper. D’Sophie Schram gouf komplett am Reen stoe gelooss: si muss d’Onkäschten fir de Prozess nämlech aus eegener Täsch bezuelen. Super Reklamm fir deen net bëllegen RTL-Tower!

D’Nervositéit ënner den RTL-Journalisten war Enn 2016 extreem héich. Et war de Beweis, datt Journalisten Krisesituatiounen och net besser geréiert kréien ewéi normal Stierflecher an esou gouf eng prise de position des équipes RTL Tëlee Lëtzebuerg publizéiert, wou een allerdéngs ni gewuer gouf, wien dann esou alles ënnerschriwwen hat a wien net!

gkonline

Meenungsdivergenzen tëscht den eenzelen Mataarbechter a vrun allem de Chefredakteren mam Capitan Berwick stoungen op der Dagesuerdnung. Dat huet eppes mat de Charakter ze dinn, virun allem awer mat der Diversitéit a mat der Hektik vun der Aarbecht als Journalist.

Et stellt sech d’Fro: wier et journalistesch tatsächlech méi propper gewiescht, deen Tëschefall komplett lénks leien ze loossen? Ëmmerhin agresséiert den Direkter vun enger ëffentlecher Instanz eng Journalistin! Einfach ënnert den Teppech kieren, am Genre: mir ënner eis ginn eens? “Mir”, dat sinn an dësem Fall Leit déi der Kulturzeen nostinn. D’Josée Hansen verréit am Lëtzebuerger Land: “…Parce que Caroline Mart, cheffe de la rubrique culture, s’y était virulemment opposée, comme le rapporta le Feierkrop…”

Geet eng cheffe de rubrique duer als lescht Decisiounsinstanz? Wa jo, da kann et virkommen, datt de chef de rubrique am Sport eng aner Decisioun hëlt, wann hien dann och eng Kéier sollt vun engem änleche Fall betraff sinn. Idem fir de chef de rubrique vun der Innepolitik. Chef de rubrique Auto-Magazin etc. Schéin Kakophonie am Pressebësch!

Ech wéilt an den nächsten Deeg net Geriichtsreporter bei RTL sinn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *