Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Innepolitik

Gambia huet elo och eng SREL-Affaire um Been! 

Gambia huet elo och eng SREL-Affaire um Been!
Image parGerd Altmann de Pixabay
  • déi gréng Ministeren Bausch a Braz haten um Ufank näischt vun der Affaire wëlle wëssen; spéitstens an hirer Aentwert op eng parlamentaresch Fro (Mosar a Roth) hun si mussen gestoen, datt awer méi derhannert stécht. Et ass also net aus der Loft gegraff, wann de maître Gaston Vogel sech eräifert, matt de Wieder: d’Regierung huet gelunn! Gëschter waren déi zwee Minister an d’juristesch Kommissioun invitéiert, fir a Präsenz vun enger ganzer Partie Deputéierten d’Problematik ze skizzéieren:
  • iwwer 2000 Fonctionnairen hunn Zougrëff op deen zentrale fichier
  • verschidden Donneeën ginn un de Parquet, deen déi Daten och gespäichert huet! Also duerchaus en décken Hond, eng “Affaire, déi méi schro ass, wéi d’SREL-Affaire”, wéi den Deputéierten Marc Baum vun déi Lénk während der Sitzung vun der Kommissioun sot. Déi verschidde Politiker, och déi aus de Reien vun der Majoritéit waren iwwer d’Ausmoossen schockéiert, jo esouguer katastrophéiert! Sécher, e Fonktionnaire ass zur Diskretioun verpflicht, ma, ass et net wéi ëmmer am Klengen-Duché: wann een e kennt, deen e kennt, deen e kennt…?! An et bleiwen nach eng Abberzuel Froen ze klären, wéi et eng zousätzlech parlamentaresch Fro vun der CSV weist, wat ënnert anerem d’PVën betrëfft an och d’Rapporten vun der Police. Si bleiwen am Besëtz vun der Justiz, och dann, wann et ni zu enger Veruurdeelung koum!

Politesch ass et normal, datt d’Oppositioun probéiert, d’Eisen ze schloen, esou laang et waarem ass, an si wäert dofir suergen, datt et nach e ganze Strapp um Glouse bleiwt. Op Majoritéitssäit ass et just ëmgedréit, ma do ass et interessant, ze héieren, wéi ënnerschiddlech d’Positiounen vun den zwee Ministere sinn, déi ee spéider am Verbatim kann noliesen.

 

ganz oppen gewisen hu sech de Minister François Bausch an den Direkter vun der Police: si hunn sech éischter pro-aktive gewisen, sech souzesoen bereed erkläert, matzeschaffen, fir aus deem Schlamassel erauszekommen. De Minister huet agesinn, datt et net duergeet, just e spatze Mëndchen ze maachen, als beleidecht Liewerwurscht opzetrieden. Ganz aaneschters de Justizminister Braz a virun allem d’Procureure générale Martine Solovieff! Si schwätzen sech zwar fir déi absolutt Transparenz aus, ma weisen allebéid mam Fanger op d’Responsabilitéit vun der Police. De Parquet awer wäscht seng Hänn an Onschold! Gelunge Logik! Den Zentralfichier bei der Police huet keng legal Basis, wou bleift déi fir de fichier beim Parquet?! Gëllen do aner Gesetzer? Et héiert een vu verschiddene Politiker, datt d’Procureure générale staark ofgeblockt hätt. Et versteet ee jo nach, datt d’Madame Solovieff keng Loscht huet, an dee politesche Morast matt eragezun ze ginn, ma esou ze maachen, wéi wann de Parquet souzesoen eng eegestänneg Basis hätt, ass mat Sécherheet net déi richteg Positioun! Et ginn zum Beispill PVën a Rapporten iwwer Mannerjährecher archivéiert. Wéi steet et an deem Kontext mat den UN-Mënscherechtsfroen?

 

D’Regierung ass op alle Fall hell wakereg ginn. Feelt eigentlech nach just den Haaptschëllegen, nämlech de fréiere Minister fir bannenzeg Sécherheet, den Etienne Schneider. Hie souz säi ganzt Mandat of, de Bausch huet eréischt zanter 7 Méint iwwerholl. Ma den Etienne ass ewéi ënnert dem Radar verschwonnen an ausgerechent an dësen Deeg heefen sech op en Neits d’Rumeuren, de Mann géing nach virun der Summervakanz aus der Regierung demissionnéieren. Dat ass näischt Neits, an et hätt och näischt mat der ablacklecher Affaire ze dinn, ma éischter domatter, datt him d’Loscht un der Politik vergaange wier. Et gëtt och schonn e méigleche Successeur fir hien an der Regierung gehandelt: de Franz Fayot!

Wéi een et och dréit a kéiert, den Ufank vu Gambia 2 ass versaut: Fënsteren grouss oprappen ass eriwwer, et ootemt een neierdéngs den CO2 vum eegene Miif!

 

D’Presse ass och erwecht! Et hat déikéier e ganze Strapp gebraucht, schliisslech hat ech ” d’Partie schonn Mëtt Abrëll ugepaff”, ma et wollt kee mattspillen. A verschiddene Redaktiounen huet een eng Intrigue vun der CSV géint déi Gréng geroch, an esou huet ee getwittert a gefacebooked, datt dat alles en aalen Hutt wier: déi, déi nach virun Deeg geschriwwen haten, d’Oppositioun géing sech mat dommen parlamentaresche Froen lächerlech maachen, sin elo déi Fläisechst, fir d’Regierung an den Eck ze drécken. Luewenswäert Ausnahm war an dësem Fall d’Tageblatt, dat als éischte Media den Eescht erkannt huet. Zanter gëschter ass et also e Sujet fir d’Presse a si wäert mat derzou bäidroen, datt et zu enger parlamentarescher Enquêtekomissioun kënnt. Do kënnt d’Regierung souwisou net derlaanscht, well d’Oppositioun sech an den näechste Wochen op deem Punkt wäert eens sinn; wann d’Regierung nämlech géint esou eng Kommissioun ofstëmmt, gesäit d’Resultat matt 31 zu 29 Stëmmen richteg “miifeg” aus, mat vill Fräiraum fir déi wëllsten Interpretatiounen, dorënner déi: d’Regierung huet eppes ze verstoppen!

Ma och, wann een op déi voll Transparenz sätzt, huet een d’Partie nawell verluer. An der SREL-Affaire hat de Juncker och méi Transparenz am Dossier versprach….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *