Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Finanzen

Beim Gerechens verléiert d’Regierung de Kapp! 

Beim Gerechens verléiert d’Regierung de Kapp!
Image par Steve Buissinne de Pixabay

gëschter war eng gemeinsam Sëtzung vun de parlamentaresche Kommissiounen Aussepolitik a Finanzen. Et goung drëm de Point ze maachen nom EU-Sommet. Dobäi goufen et zwou Iwwerraschungen.

Déi international Medien haten ausgerechent, datt Lëtzebuerg misst 3,4 Milliarden Euro an deen europäeschen Rettungsfong abezuelen. Déi Zomm ass zwar eréischt an 8 Joer zeréckzebezuelen, an awer ass et vill Geld fir eist Land. Ma et kascht jo wat et kascht! De Staatsminister koum allerdéngs just op 1 Milliard 100 Milliounen. Eng gutt Noriicht also. Firwat a wisou déi lëtzebuerger Contributioun ëm zwee Drëttel zeréckgoung, do kruten d’Deputéierten weider keng Explikatiounen. Waarde mer of!

Donieft goung et och ëm de lëtzebuerger Bäitrag an den normalen EU-Budget. Rien à signaler war do de Message vum Här Bettel, et bléif bei 300 Milliounen d’Joer. Op déi Äentwert vum Staatsminister waren se ronderëm den Dësch paff! Schliisslech hunn eis d’Briten verlooss a bezuelen net méi an d’Europakeess an. Wat esou vill bedeit ewéi datt déi aner Memberlänner mussen méi déif an de Portmonni gräifen. Lëtzebuerg wär also vun enger Hausse verschount bliwwen? Als eenzegt Land net méi ze bezuelen? De Moien fréi kruten all d’Volleksvertrieder huerteg e Rectificatif:

“Quant aux contributions du Luxembourg au prochain MFF, le mécanisme de calcul restera en grande partie le même. Le calcul de la TVA simplifié jouera en défaveur, tandis que la hausse de 20 à 25 % des  frais de perception des droits de douane jouera en faveur. de notre pays.  Par contre, en chiffres absolus, l’évolution sera en hausse dans tous les Etats membres suite aux effets du Brexit et, dans une moindre mesure, des rabais accordés à certains États membres. S’y ajoutent les facteurs de l’inflation, de l’évolution de la part du RNB du Luxembourg dans l’ensemble du RNB européen et le fait qu’à la fin d’une période CFP, le montant déboursé est plus élevé qu’au début de la période. Au début de l’actuelle période CFP, la contribution luxembourgeoise était de 300 millions d’euros par an, tandis que pour 2020, ce montant se chiffrera aux alentours de 450 millions d’euros.”                                       
An anere Wierder: de lëtzebuerger Bäitrag an den EU-Budget ass ëm 50 Prozent geklommen, vun 300 op 450 Milliounen! Wat net näischt ass.
Ganz éierlech gesot: mir ass et e bësselchen ellen virun der Zukunft, virun der Gestioun vun der Wirtschaftskris, déi am gaangen ass, wéi en Tsunami iwwert eis ewech ze rullen. Wann Politiker esou mat de Suen jongléieren an net mierken, datt hinnen 150 Milliounen duerch d’Päif ginn, da fäerten ech dat Schlëmmst!
D’Zäiten sinn eriwwer, wou d’Land am Geld geschwommen ass, wou d’Ministeren d’Schäiner -Häerz-wat-begiers-de?!- konnten ënnert dem Vollek ausdeelen. Elo muss eng Vollbremsung gemaach ginn. D’Investitiounen solle wuel  héich gehale ginn fir d’Wirtschaft ze ënnerstëtzen, ma all Sou soll zweemol ëmgedréit ginn, ier ën ausginn gëtt! Et geet och ëm e Mentalitéitswiessel an der Politik, well, d’Suen déi kommen ëmmer nach vum Bierger….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *