Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Ideologescht Gewulls 

Ideologescht Gewulls
Bild von Andrew Martin auf Pixabay

 

Als Invité vun der Redaktioun sot de Procureur adjoint vum Departement Jugendschutz beim Parquet, den David Lentz den 29. August op Radio Lëtzebuerg, datt d’Jugendkriminalitéit am gaange wier ze explodéieren. Zejoert wären 1500 nei Dossieren opgemaach ginn – wat schonn aussergewéinlech war- an déi Zuel géing dëst Joer phänomenal getoppt ginn: an den éischte 7 Méint wiere schonn nees 1200 Dossieren derbäi komm.

Nach dëse Weekend koum et an der Haaptstad an zu Kéinzeg zu Kläppereien tëscht Clanen. Dat gouf et wuel nach ëmmer, ma et huet zougeholl, och un Intensitéit: et gi Messeren benotzt, Macheten…

De Mann sot weider, d’Gesellschaft wier méi aggressiv ginn, de Manktem u Respekt wär immens an d’Luucht gaangen. Kann dat sinn? Muss net och de Procureur adjoint sech beléiere loosse vu Leit, déi et besser wëssen? Zum Beispill vun engem Minister Kox? Zum Beispill vu Politiker, déi mat der Kierbiischt ënnert dem Teppech aktiv sinn? Zum Beispill vu verschiddene Journalisten déi Informatioun mat Ideologie verwiesselen?

Här Lentz: loosst et Iech gesot sinn! Dir leit ënnert engem subjektiven Onsécherheetsgefill! Dat léist sech awer heelen. Therapie an der Gruppendynamik mam Thema: wéi léieren ech, mir selwer net méi ze gleewen?

D’Sozialiste bretzen sech: geschwë kéim den tiers-payant och bei den Dokter-Honorairen. Kee bräicht méi Sue virzestrecken an da laang, ganz laang op de Remboursement ze waarden. D’Sozialisten huelen et net esou genee mam Kalenner. Et sinn elo quasi 4 Joer hier, datt den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider -dat war dee mat de Fënsteren!- no enger Quadripartite deen tiers-payant ugekënnegt hat. 4 Joer! An nach kee Resultat a Siicht.

Ministeren am allgemenge reportéiere gären…munchmol bis op Mokuchsdag. Schonn ee Joer duerno, also 2020 hunn d’Gesondheets- an d’Sozialminister den Dossier vum tiers-payant op 2023 reportéiert.

Och dat Joer ass elo gläich gefeiert. Also 2024? Oder sos iergendwann? De Rorschachtest huet fir d’Sozialisten erginn, datt si déi Gréisst an déi Bescht sinn. Ëmmerhin hunn si de Ministère vun der Santé elo schonn zanter 35 Joer an der Hand. An esou waarden ech -zesummen mat iwwer 800.000 Affiliéierten- schonn iwwer 7 Wochen op de Remboursement vun enger Zänndokteschrechnung. Déi nächste Kéier loossen ech se reportéieren.

Ma et ass och sos net ëmmer einfach iwwer de rouden Teppech ze stolzéieren. D’LASEP-Leit mussen sech zum Beispill géint eng Ënnerstellung wieren duerch en éischter onglécklechen Interview am Lëtzebuerger Wort, hier Partei wéilt d’Ierfschaftssteier aféieren. Ënnerstellung? De Wirtschaftsminister Franz Fayot hat als jonken Deputéierten eng Kéier dovunner geschwat. An de fréieren sozialistesche Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch plädéiert nach haut fir esou eng Ierfschaftssteier an direkter Ligne. Si géing zu sozialer Gerechtegkeet bäidroen.

Bild von Peter H auf Pixabay

D’Partei wëll näischt dovunner wëssen. Op d’mannst net déi nächst Wochen, well et huet sech erëmgeschwat, datt een mat esou enger Schnapsiddi keng Stëmme bäikritt, ma der vill ka verléieren. Ënnert de Genossen gëtt et allerdéngs grousst Gewulls an där Thematik. Dat gesäit een um Site vu smartwielen.https://bit.ly/3EHZKzw

Do sinn ech mir déi verschidde Profiller vun de Sozen ukucke gaangen. D’Spëtzekandidatin am Bezierk Zentrum Francine Closener ass kategoresch: neen fir esou eng Steier! De männleche Spëtzekandidat am Zentrum Franz Fayot äntwert mat: éischter neen. Hie géing also mat sech schwätze loossen. D’Liz Braz – wéinst där déi ganz Diskussioun nees relancéiert gi war- ass dogéint. Uff! Déi Kéier näischt falsch gemaach!

Den Dan Kersch am Süden wëll wuel och erëmgewielt ginn, well hien äntwert net méi grad esou kategoresch mat: éischter jo fir eng Ierfschaftssteier. Hie léisst sech allemol eng Dir opstoen, grad ewéi d’Op-en-Hoer-Staatsministesch Paulette Lenert. Bartolomeo an Asselborn, Cécile Hemmen an Nati sinn nees kloer dogéint, d’Kandidatin Rita Velazquez Lunghi mengt éischter jo an de Gabriel Boisante ass sech sécher mat engem däitleche Jo! Do kritt e schonn den Dràihälschen…

Nach gëllt fier d’Kandidat*innen déi perséinlech Meenungsfräiheet. Ma nom 8. Oktober gëtt et nach just eng eenzeg Meenung: déi vun der Partei. Villäicht grad esou gutt!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    ‘t ass dach alles sou einfach – wann ee gewësse Politiker sou kuerz virun de Walen sou nolauschtert. Mit Walvollek mengen dann tatsächlech an eiser Naivitéit, do wär (am Kontext Direktreegelung beim Dokter) schonn alles prett…mitnichten! Wëssend, datt (wéi een Dokter mir gesot huet) hien (oder si) déi grouss Nouvelle (sou wéi ech als Versécherten) an den Noriichten héieren oder gesinn huet – um Terrain, mengt an der Praxis, guer näischt ! Sou mécht een eebe Walpropaganda….Realpolitik, trotz laanger Ukënnegung an hëtzegen Debatten e.a. mat der AMMD!
    O mei….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *