Recent Posts

Post Categories

Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...

Blog Post

Innepolitik

Amëschung vum François Bausch an d’Justiz? 

Amëschung vum François Bausch an d’Justiz?
image credits: Wikipedia.org

Am Joer 2017 gouf et op der Streck tëscht der Hëttermillen a Stadbriedemes e Schantjen. D’Ponts et chaussées haten eng Deviatioun installéiert, wat matt sech bruecht huet, datt d’Chauffeuren op enger Plaaz hu musse kuerz iwwer den Trottoir fueren. Dat schéngt éischter onglécklech fir d’Motorieder gewierscht ze sinn, well bannent zwee Méint goufen et op d’mannst 4 Accidenter op där Plaz; d’Motocyklisten haten sech dobei nawell gutt wéi gedoen, matt där enger oder anerer Fractur a matt engem Schädeltrauma.

Der Police war dat opgefall a si huet Récksprooch mat Ponts et chausssées geholl. Den zoustännege Beamten huet dorobberhinn decidéiert, op deem Stéeck, wou et vun der Strooss erop op den Trottoir goung, e bësselche Goudron verdeelen ze loossen, fir d’Opfahrt méi einfach ze maachen. Esou wäit, esou gutt. Ma den éischte Substitut Guy Breistroff huet sech agemëscht an dem Direkter vun der Bauverwaltung e Schreiwes zoukomme gelooss, mam Message: entweder, déi betraffe Motoradfuerer ginn vun der Administratioun entschiedegt, oder awer, d’Saach kënnt op de correctionnel, wat eng zousätzlech Belaaschtung fir d’Geriichter wier.

Dat rifft den zoustännege Minister François Bausch op de Plang. Versteet sech, datt hien sech virun seng Leit wëll stellen, ma hie schreiwt direkt un d’Madame Procureur Génénral a weist sech verwonnert iwwer en elektronesche Courrier vum éischte Substitut, esou gudd wat d’Terminologie betrëfft, déi do benotzt gi wär, ewéi och, wat d’Manéier ugeet, fir deen Dossier ze behandelen. Domatter ass wuel d’Propositioun gemengt, fir mat Entschiedegungen laanscht e Prozess ze kommen.Dës Prozedur schéngt allerdéngs den Usus ze sinn

Wat nawell fir vill Gedäischs hanner de Coulisse suergt, ass de Fait, datt de Minister sech per Bréif un d’Madame Procureur Général adresséiert huet. Am kuerze Bréif, datéiert op den 18. Juli 2018 schreiwt hien: permettez-moi de vous faire part de mon étonnement quant aux termes de ce courriel et à la façon de procéder de M. le Premier Substitut dans cette affaire. De Bréif goung also kuerz virun der Summervakanz eraus; de Substitut äntwert den 19. September, an zwar gläich op 5 Säiten: do ginn d’Faiten opgezielt a beschriwwen; hie weist sech verwonnert, datt de Minister just vun engem elektronesche Courrier schwätzt, net awer vun engem Bréif, deen un d’Direktioun vu Ponts et chaussées goung.

Wat sauer eropstéisst, ass, datt e Minister higeet a sech an eng laafend Prozedur vun der Justiz amëscht. Et ass op där enger Säit luewenswäert, datt hie sech fir seng Leit am Ministère asätzt, op där anerer Säit geet et allerdéngs zimmlech wäit. Et stellt sech déi prinzipiell Fro: huet e Minister dat Recht? A wa jo, gëllt dee Prinzip allgemeng oder je no Ermiessen vum Minister? Eleng aus där Fro ergëtt sech schonn d’Aentwert: de Minister muss sech eraushaalen, wéi eis viru Joer d’Affaire Bommeleeër geléiert huet.

Related posts

2 Comments

  1. Guy Ludig

    Stuerm am Waaserglas.

  2. François Bausch zu Einmischungsvorwurf: « Das will ich nicht kommentieren » | Tageblatt

    […] in laufende Ermittlungen eingemischt zu haben. Der ehemalige Chefredakteur von RTL Radio Guy Kayser hat auf seinem Blog ein Schreiben veröffentlicht, das auf den 18. Juli 2018 datiert ist. In dem Brief an die […]

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *