Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Am SREL tickt eng Auer op d’mannst! 

Am SREL tickt eng Auer op d’mannst!

 

Op eise Geheimdéngscht ass Verlooss! Schliisslech huet de SRE eng Regierung gekippt an eng CSV fir 10 Joer an d’Oppositioun geschéckt. Dat muss ee mol fäerdeg bréngen! A méi laang ramouert et scho neess an der Matrix vum Spëtzeldéngscht. De SRE schéngt zwar gutt Aueren ze hunn, ma ka fir keng security clearance garantéieren. D’Kiischt um Kuch: de Spiounechef huet demissionéiert.

Eigentlech eng Cheffin. D’Doris Woltz verléisst den Auerebuttek no 7 Joer a grad zu engem Ablack, wou d’Spionage-Spezialisten fir bad Publicity suergen an der Europäescher Unioun an och an NATO-Kreesser. Lëtzebuerg ass net à même fir déi néideg Recherchen kënnen ze maachen. De SRE kritt net genuch Informatiounen zustanen. A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Pirat Sven Clement hat den Ex-Premier Xavier Bettel ënner anerem schreiwe gelooss:

Also d’Confirmatioun, datt d’ANS zanter 2019 keen Zougang huet weder op déi juristesch Archiven nach op d’PVen a Rapporten vun der Police. Si gesi just ob eng Persoun en Dossier bei der Police huet, awer net wat dra steet. A si gesinn och de Bulletin nº 2 vum Casier.

De Grand-Duché verstéisst zanter op d’mannst 4 Joer géint international Normen. D’Enquêten kënnen net no de Spillreegelen gefouert ginn déi am offizielle Journal vun der Europäescher Unioun esou definéiert sinn:

Schonn 2016 wéi d’Gesetz No 6961 iwwer d’ANS an der Chamber gestëmmt gouf, huet musse Route gewénkt ginn: d’Moyene ginn einfach net duer!

Also duerchaus bad Publicity. D’NATO huet dorobber reagéiert a léisst dem Grand-Duché net méi all d’Informatiounen zoukommen, mir sinn an den Abseits gestallt. Et ass an deem Kontext wou d’Doris Woltz elo de SRE verléisst an an d’Pensioun geet. Stécht net méi dohannert?

rtl.lu

Déi nämmlecht Madamm war an der Zäit Untersuchungsriichterin an am Kader vun der Bommeleeër-Affär hat si sech Loft gemaach an den deemolege Justizminister Luc Frieden an der Ëffentlechkeet verbal ugegraff mat der Beschëllegung, hie géing Drock maachen fir déi Affär wollen ze klasséieren. Bon, aus dem ale Luc gouf deen neie Luc, ma et ass unzehuelen, datt hien dat weder vergiess nach verzien huet.

Observateuren- och aus dem Ausland- sinn der Meenung, datt d’Doris Woltz just déi logesch Konsequenz gezunn huet. An der internationaler Press an op de soziale Medien gi SREL-Leit zitéiert, datt et sech géing ëm eng privat Decisioun vun der Madamm Woltz -eis Miss “M”*- handelen, an datt déi guer näischt mat aneren Aktivitéiten ze dinn hätt déi vun der Press déiten avancéiert ginn. Dat muss een elo awer net gleewen.

D’Madamm Woltz muss nach bis den 1. Juni waarden, brav bleiwen, d’Babbel net ze grouss oprappen. Si krut nämlech eng Pensioun an allen Éieren versprach. Ganz am Géigesaz zum President vun der SRE-Personaldelegatioun dee stante pedes virun d’Dier gesat gouf, nëmmen well hien dem Spionagedéngscht aus engem anere Land ze verstoe ginn hat, datt Lëtzebuerg zanter Joer net méi NATO-konform ass. Dee Mann gouf an Onéieren entlooss, seng Pensiounsrechter si futsch!

Den ‘ale’ Luc war 2013 zesumme mam Premier Juncker mat der SREL-Affaire politesch ënnergaangen, um ‘neie’ Luc ass et, all déi James Bonden an de Grëff ze kréien an dofir ze suergen, datt Lëtzebuerg endlech nees eng security clearance op d’Bee gestalt kritt. Éischte Jalon wäert wuel d’Nominatioun si vum Nofollger vun der Madamm Woltz. An da bleift nach d’Fro: wat ënnerhëlt déi nei Regierung am Fall vum Frank Schneider? Deen ass zanter Méint vun der Bildfläch verschwonnen, ma et gëtt ronderëm d’Welt no him gesicht!

De fréiere Premier a Chef vum Geheimdéngscht Xavier Bettel wollt fir dee Mann kee Fanger kromm maachen, mol ofwaartden wéi flénk an där Saach de Frieden ass….

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Dei spannendst fro bleiwt…wou ass de Fraenk Schneider drun?
    Vleicht an Israel,well de Mossad jo nei genien brauch,nodeem se d attack vun der Hamas anscheinend net komme gesinn haten.
    Oder dach an Nordkorea,well do eng ausliwerung op Washington am improbabelsten schengt.
    Oder nach emmer beim franzeischen noper,fir de president Macron heemlech a strategie froen ze beroden.
    Vleicht wesse mir an zukunft mei oder och net.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *