Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

D’Generatioun Z: liddereg Säck? 

D’Generatioun Z: liddereg Säck?

Et huet mech net iwwerrascht an nawell erféiert. Bei der däitscher Krankeversécherung AOK loung dëst Joer d’Zuel vun de Fehlzeiten bei 6,7 Prozent. Feelzäiten, dat ass wann ee krank ass an net ka schaffe goen, dat ass awer och wann ee schwänzt, blo mécht. Virun zwee Joer louch dee Prozentsaz bei 5,7, also duerchaus eng kräfteg Hausse. A bei deene Jonken ass et scho bal dramatesch!

Jonk ass ee bis den Alter vu 35 – 40 Joer. Do ass een esou gutt ewéi ni krank, ausser mol 1 Dag mat déckem Schnapp oder 1 Dag, well et den Owend virdrun eng méi spéit gi war. Ma fir de Rescht: nix! Déi Jonk huelen an den Assurancen déi méi al mat derduerch, well déi effektiv méi dacks krank sinn. Ma déi Jonk stellen neierdéngs d’Welt op d’Kopp: si hunn dëst Joer am Duerchschnëtt 30 Deeg gefeelt. Halligalli! Op esou vill Krankendeeg koum ech perséinlech knapp bannent 39 Schaffjoer!

Bazar international

Déi Entwécklung huet sech allerdéngs scho viru 25 Joer ugekënnegt. De Wäert vun der Aarbecht huet dramatesch ofgeholl, parallel zum chrëschtlechen ora et labora. Ma loosse mir d’Relioun aus dem Spill. Et handelt sech éischter ëm en duebele Mentalitéitswiessel tëscht zwou Generatiounen.

An Däitschland hu Papp a Mamm 30 Krankendeeg ze gutt wann d’Kand gesondheetlech Problemer huet, also 60 zesummen. Dat sinn der vill, allerdéngs kann dat Klengt jo effektiv mol eng Kéier eng richteg erwëscht hunn. Da kommen engem déi Krankendeeg grad gutt. Ma d’Interpretatioun vun de Statistike geet a Richtung: mir stinn 30 Deeg zou, also huelen ech mir se och! Esou ass et awer net geduecht.

Bild von Cheryl Holt auf Pixabay

En anert Beispill: de Congé parental zu Lëtzebuerg. Dee gouf vu menger Generatioun agefouert, well si – besonnesch d’Hären- ës sat wor, datt de frësch gebakene Papp dräi Deeg no der Gebuert nees huet musse schaffe goen. Ech selwer souz deemools an der Privatbeamtechamber a mir haten d’Méiglechkeet vum Fraktionnement vun deene 6 Méint nogeschoss. Also duerchaus 1 bis 3 Méint doheem bleiwen, Pampers wiesselen, Juppele-Päerdi spillen an de Rescht vun den Deeg halen, well et kënnen och komplizéiert Zäite kommen, wann dat Klengt bis grouss ass.

A wat ass geschitt? De Congé parental (= 6 Méint) soll dem Papp hëllefen, säi Butz kennenzeléieren. Also 6 Méint un engem Stéck! Dat kéint ech als Frechheet fir mäi Geschlecht betruechten. Ass de Mann wierklech esou domm, datt hien eleng dofir 6 Méint brauch? Dee Congé war ënner anerem geduecht, fir datt de Mann der Fra och spéiderhi kéint ënner d’Äerm gräifen an also zugläich méi responsabiliséiert gëtt. 25 Joer drop mierken ech besonnesch bei eelere Pappen, wéi schwéier et fält, no 6 Méint “doheem – Bleiwen” nees um 6 Auer Moies d’Rolllueden eropzezéien an de Blatz mat op d’Aarbecht ze schleefen.

Deen nämmlechte Phenomen hate mir jo an der Pandemiezäit. Den home office gouf agefouert an ass haut schwéier ewechzedenken, well de Salarié sech dorunner gewinnt huet. An noweislech gëtt am Home Office manner effikass geschafft ewéi um Büro!

Dat alles kascht awer Geld, ma kee stellt esou ‘domm’ Froe wou d’Mécken hierkommen! D’Aarbecht ass net méi wichteg. An deem Sënn hunn ech de Slogan bei der LSAP interpretéiert: de Mënsch geet schaffe fir ze liewen, ma hie lieft net fir ze schaffen. An domadder wäre mir beim zweete Mentalitéitswiessel tëscht jonk an al.

Déi eeler Däpp ware jo och eng Kéier jonk, a mir hunn eis geschummt wa mir krank waren. Et huet ee wierklech net gären ugeruff, fir sech ofzemellen. Et wosst een, de Chef wär emmerdéiert, de Stonneplang huet musse gewiesselt ginn, jee nodeem huet d’Equipe musse méi schaffen. E schlecht Gewëssen!

Photo by Anna Shvets: https://www.pexels.com/photo/thoughtful-multiethnic-models-in-stylish-apparel-in-studio-5325586/

D’Generatioun “Z” dréit et ëm. Si mellt sech per SMS of an ass bal houfereg drop, wéi gutt si op hier Gesondheet oppasst. Aus deem nämmlechte Motiv weist si jo permanent eng Monstranz: d’Fläsch Mineralwaasser! Drénken ass schliisslech gesonnt. Schlecht Gewëssen? Dat gëtt als psycheschen Drock empfonnt, also schlecht fir d’Gesondheet!

Ech fannen déi zwou Versiounen extreem. Eng Generatioun soll vun där anerer eppes ofluussen, villäicht mécht et déi Drëtt da richteg. Ma et ginn Ursaache fir dat villt Feelen op der Aarbecht. D’AOK schreift dat heiten:

  1. Kooperationsklima,
  2. Krisenmanagement,
  3. Kreativität und Verbesserungen sowie
  4. Entscheidungsprozesse und Mitbestimmungsmöglichkeiten.

Je höher die Befragten diese Aspekte bei ihrem Arbeitgeber bewerteten, desto seltener spielten Krankheiten eine Rolle. In Unternehmen, deren Beschäftigte die Zukunftsfähigkeit eher positiv bewerteten, gab es durchschnittlich 11,6 Tage berufliche Fehlzeiten. Im Vergleich dazu lag bei eher negativ bewerteten Firmen die Anzahl der Fehltage bei 16,2.

An anere Wieder: de Patron oder de chef d’équipe muss mat senge Leit schwätzen, hinnen erklären, datt hier Aarbecht wichteg ass fir de Betrib, fir d’Clientèle, hinnen d’Fräiheet loossen, selwer (kleng) Decisiounen ze huelen, Propositiounen ze maache fir aus enger verwurrelter Situatioun de Knuet erauszekréien asw. Sécher: mir hunn zanter 50 Joer d’Gesetz vun der Co-Gestioun an den Entreprisen. Ma Hand op d’Häerz: dat muuscht dacks virun sech hin a kënnt just zum Droen, wann d’Gewerkschafte mat der Direktioun de Kollektivvertrag nei aushandelen.

Photo by Andrea Piacquadio: https://www.pexels.com/photo/female-office-worker-relaxing-with-feet-on-table-3790848/

Domadder wär ee bei de vill diskutéierte Bewäertungsgespréicher. Ech selwer hunn deen tête-à-tête tëscht Chef a Mataarbechter ëmmer konstruktiv gesinn, sief et als deen, dee bewäert gouf, sief et als deen, dee spéider bewäert huet. Als Delegatiounspresident vum OGBL hunn ech gehollef, dee System bei RTL anzeféieren an ëmzesetzen. Natierlech hunn och ech munchmol gejéimert iwwer dee Surplus un Aarbecht, ma an deenen allermeeschte Fäll war dat Gespréich vun enger Stënnchen eng Beräicherung.

Virun allem d’Gewerkschaft CGFP wiedert zanter Joer géint dat Gespréich, warscheinlech éischter nom Motto: looss mir meng Rou! Mat där Astellung gëtt et tatsächlech keen Ënnerscheed tëscht Beamten a Fräschen: si sëtzen um Hënneschten a waarden op Mécken. An anere Wieder: en Ugestellten huet just eemol de Mount e Glécksgefill an zwar op deem Dag wou d’Pai um Kont steet!

Dat eleng geet awer net duer, weder fir den Ugestellten nach fir de Betrib oder d’Verwaltung. D’Aarbecht muss nees méi Wäert an der Gesellschaft kréien a virun allem muss de Salarié e Sënn a senger Aarbecht gesinn oder fannen. Ass keng Leidenschaft fir hie méiglech wär et a sengem Interessi, sech schonn am jonken Alter no enger anerer Plaz ze ëmkucken.

Et kann net sinn, datt ee scho mat 40 Joer Meterbänner u senger Bürosdir hänken huet; all Dag schneid een e Millimeter dovunner erof a wann ee bei Null ukomm ass, däerf een endlech an d’Pensioun. Där Fäll hunn ech kannt – et gouf si also och a menger Generatioun!- a si hu mech ëmmer traureg gemaach. Fir e Betrib kann dat déidlech sinn!

Et geet mir net drëm, zwou Generatioune géinteneen auszespillen, dee Feeler gouf dacks genuch virdru gemaach. Souwisou! Wien huet déi jonk Generatioun dann esou gemaach ewéi si ass?! Keen aneren ewéi mir, d’Generatioun “y”, d’Haschisch-Pappaen a -Mammien, déi sech zu Helikopter-Elteren entwéckelt hunn.

Eis Generatioun duerft tatsächlech just Samschdes an d’Buedbidde goen. D’ganz Woch gestonk an dann de Weekend 47-11! Dat hu mir esou iwwerdriwwe fonnt, datt mir spéider eis Kënnercher all Dag am Léifsten zweemol ënner d’Dusch gejot hunn. Verbëtze vu Waasser an Energie. D’Jugend revanchéiert sech haut a pecht sech un um Goudron.

D’Bomi huet mech am Alter vu 14 Joer mat der Aax an de Bësch geschéckt, fir e puer Beem ëmzehaen. Haut schudderen ech mech beim Gedanken, e Jugendlechen esou enger grousser Gefor auszesetzen. An d’Noper schécken engem de GSG-9 op d’Panz. Dobäi léiert ee grad an esou Situatioune vill bäi, zum Beispill mat enger Gefor ëmgoen. Zum Beispill, datt Bëschaarbecht keen Zockerkichelchen ass. Zum Beispill Eegeninitiativen huelen….

Mir hunn eise Kanner all Wonsch vun de Lëpsen ofgelies a wonneren eis, datt si munchmol do sëtzen ewéi Stëmmercher. Si kruten ni d’Geleeënheet, sech mat Frust auserneenzesetzen, well (bal) all Wonsch erfëllt gouf. A wann si da fir e Vakanzenjob an eisem Betrib gelant sinn, hu mir de Spunnes mat hinne gedriwwen. Eist Laachen iwwer si misst eigentlech een Auslaachen sinn iwwer eis selwer! Mir sinn d’Architekten vu Wokistan…

Related posts

3 Comments

  1. RF

    Dat doten schwetzt mer aus der Seil. Ech gin an 3 Meint an Pensioun, war 4 wochen krankgemellt an denen 40 joer, an hun baal en schlecht Gewessen well ech verschiden Problemer an Baustellen hannerloossen. Et as genau esou wei der schreift , Am Endeffekt, schaafen mir eis selwer of.
    Et as eng Welt vun Extremer dei mer geschaf hun.
    Vum Staatsapparat guer net ze schwetzen wou keen Politiker sech traut eppes ze aenneren 🙁
    An dem Senn , dei gut Zeiten sin hannert eis an den Wuestum waert eist System net mei kennen droen.
    Ech sin emol gespant op meng Pensiounsleeschtungen waerten gekierzt gin an Zukunft, vir dei ech 40 joer abezuelt hun…. vis a vis vum hellegen Staatapparat…. 🙁

  2. Frank Bertemes

    Deen Artikel trëfft absolut zou! Just: ass nach Bildung, aktivt Matdenken, sech perséinlech mat sengem Betrib identifizéieren (dat awer duerchaus och mol kritësch am Sënn vun der Saach) , sech deemno “proaktiv” anzebréngen, wat fir eis elo “jonk” oder nei Pensionären eigentlech normal war, “in modern times” eigentlech nach ugesot? Bildung gëtt duerch “Kompetenzen” ersat, ee Wäitbléck ass egal wéi éischter onerwënscht, Kritik scho mol guer net – ‘t kéint ee jo mol op där falscher Plaz unecken, deemno kuschen an de Bak halen, “katzbuckeln” a blann fonktionéieren ass da wuel generell ugesot. An dann natierlech d’Konsequenzen vun der Digitaliséierung an där grousser “Léisung” KI – déi alles soll riichten. “Kënschtlech Intelligenz” déi ganz vill Aarbechten iwwerflësseg mécht – mat aller Konsequenz – och wann dat alles natierlech schéi geriet gëtt… A jo, d’Pensioune vun der Zukunft musse finanzéiert ginn, mä déi normal Praxis vun den “dispositions transitoires” (Iwwergangsbestëmmungen) an eiser entspriechender Gesetzgebung vermeiden retroaktiv Verschlechterungen. Mä ab Datum X (an duerfir ass déi nei Ministësch ausdrécklech an deem hei Dossier ernannt ginn – dixit Premier FRIEDEN op RTL) geet et anëscht – ech hat dat a mengem leschten Text zum Sujet jo weider ausgefouert. An dann huet eise “Sozialist” als EU-Kommissär virun e puer Joer (alles scho vergiess?) mol vun enger genereller “Pensiounssteier” gefaselt – déi mir Pensionären a Rentner*Innen da solle bezuelen!) – awer gläichzäiteg vun engem “Sozialen Europa” getéint – ni méi eppes dervun héieren. Den Här Schmit ass wuel zréckgepaff ginn an esou Äusserungen gefällegst z’ënnerloossen! Awer opgepasst: Wat net ass, kann nach ginn….Vigilance ass ugesot – fir eis all!

  3. E ganz Aalen

    „Die Jugend achtet das Alter nicht mehr, zeigt bewusst ein ungepflegtes Aussehen, sinnt auf Umsturz, zeigt keine Lernbereitschaft und ist ablehnend gegen übernommene Werte“ (Keller, 1989, ca. 3000 v. Chr., Tontafel der Sumerer).

    „Unsere Jugend ist heruntergekommen und zuchtlos. Die jungen Leute hören nicht mehr auf ihre Eltern. Das Ende der Welt ist nahe“ (Keilschrifttext, Chaldäa, um 2000 v. Chr.)

    „Die heutige Jugend ist von Grund auf verdorben, sie ist böse, gottlos und faul. Sie wird niemals so sein wie die Jugend vorher, und es wird ihr niemals gelingen, unsere Kultur zu erhalten“ (Watzlawick, 1992, ca. 1000 v. Chr., Babylonische Tontafel).

    „Denn der Sohn verachtet den Vater, die Tochter steht wider die Mutter, die Schwiegertochter wider die Schwiegermutter“ (Micha 7, Altes Testament um 725 v. Chr.)

    „Nicht ist der Vater dem Kind, das Kind dem Vater gewogen – Nicht ist der Bruder lieb, wie er doch früher gewesen; bald versagen sie selbst den greisen Eltern die Ehrfurcht“ (Hesoid, vor 700 v. Chr.)

    „Die Kinder von heute sind Tyrannen. Sie widersprechen ihren Eltern, kleckern mit dem Essen und ärgern ihre Lehrer“ (Sokrates, 470-399 v.Chr.)

    „Die Jugend von heute liebt den Luxus, hat schlechte Manieren und verachtet die Autorität. Sie widersprechen ihren Eltern, legen die Beine übereinander und tyrannisieren ihre Lehrer. (Sokrates, 470-399 v.Chr.)

    „[…] die Schüler achten Lehrer und Erzieher gering. Überhaupt, die Jüngeren stellen sich den Älteren gleich und treten gegen sie auf, in Wort und Tat“ (Platon, 427-347 v. Chr.)

    „Was nun zunächst die jungen Leute angeht, so sind sie heftig in ihrem Begehren und geneigt, das ins Werk zu setzen, wonach ihr Begehren steht. Von den leiblichen Begierden sind es vorzugsweise die des Liebesgenusses, denen sie nachgehen, und in diesem Punkt sind sie alle ohne Selbstbeherrschung. […] zornmütig und leidenschaftlich aufwallend in ihrem Zorne. Auch sind sie nicht imstande, ihren Zorn zu bemeistern, denn aus Ehrgeiz ertragen sie es nicht, sich geringschätzig behandelt zu sehen, sondern sie empören sich, sobald sie sich beleidigt glauben. Auch hoffnungsreich sind sie, denn das Feuer, das dem Zecher der Wein gibt, haben die Jünglinge von der Natur […] sie tun alles eben zu sehr, sie lieben zu sehr und hassen zu sehr, und ebenso in allen anderen Empfindungen. Wenn ich die junge Generation anschaue, verzweifle ich an der Zukunft der Zivilisation“ (Aristoteles, 384-322 v. Chr.)

    „Ich habe überhaupt keine Hoffnung mehr in die Zukunft unseres Landes, wenn einmal unsere Jugend die Männer von morgen stellt. Unsere Jugend ist unerträglich, unverantwortlich und entsetzlich anzusehen“ (Aristoteles, 384-322 v. Chr.)

    „[…] bartlosen Jüngling, für Mahnworte harthörig, großspurig im Geldausgeben, hoch hinausstrebend, rasch im Begehren“ (Horaz, um 30 v. Chr.)

    Ech halen elo op, mä et ass déi 2000 Joer duerno monter weider gaangen. Mä Fakten sinn bei guykaiserpunktlu jo souwisou net esou wichteg (Nee, d’Gen Y sinn net d’Eltren vun der Gen Z, an nee Härr Kaiser, dir sidd ganz sécher keen Vertrieder vun der Gen Y.)

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *