Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Hutt Dir de Pilot gesinn? Et ass e Gréngen! 

Hutt Dir de Pilot gesinn? Et ass e Gréngen!
Image par Gerhard Gellinger de Pixabay

déi Gréng polariséieren onheemlech! Dat hunn grad an der Lescht Commentairen op RTL.LU gewisen an och op mengem Site. E klengen Deel vun der Populatioun – nawell gären aus dem Schickimicki-Beräich- hält hier de Fändel héich an zwar ganz egal wat geschitt, iwwerdeems eng breet Majoritéit mat hinnen glat a guer näischt wëll um Hutt hunn. Déi Situatioun vun der extreemer Polariséierung ass schued.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg appelléiert un eis Solidaritéit! Déi wier grad wéi an der Pandemie batter néideg an der Klimakris. De Verglach hippt zwar, ma loosse mir ë gëllen. D’Madamm kënnt direkt drop mat hire Maximalfuerderungen un d’Adress vun der Aviatioun, also vun der Luxair: Vollen à courte distance, also manner ewéi 2 Stonnen, sollte verbuede ginn.Besser wären Zuch oder Elektroauto. Schliisslech huet d’Regierung der Aviatioun a Covid-Zäiten finanziell gehollef, also kann déi am Krich géint de Klimawiessel eppes zeréckginn. Nom Motto: eng Hand wäscht déi aner.

Image par Free-Photos de Pixabay

Wann een dat mat den 2 Stonnen wuertwiertlech hëlt, fiert een neierdéngs mam Zuch op Palma an op Llido di Jesolo, Rimini…Ma d’Ministesch mengt wuel éischter esou Destinatiounen ewéi London, Paräis, Madrid, Stiet, déi gären vu Finanzleit a vu Politiker ugeflu ginn. Wann d’Madamm dat eescht mengt, misst si net eleng der Luxair dës Vollen verbidden, ma dem ganzen Lux-airport FINDEL. Well, wann eis national Loftgesellschaft esou Strecken net méi däerf fléien, ass d’Konkurrenz séier do, fir se sech ënnert den Nol ze rappen.

huet d’Madame Dieschbourg mat Leit vun der Luxair geschwat, éier si des Fuerderungen opgestallt huet? Ass Lëtzebuerg – London rentabel oder net? Wéi ass et mat deenen anere Stied? Oder huet d’Gesellschaft déi lescht Joerzéngten einfach mol Suen iwwer d’Schëller gemaach, einfach nëmmen fir mat deene Grousse pissen ze goen? Wéi vill Personal vun den 3000 Ugestellten misst entlooss ginn, wann een d’Fuerderungen vun deene Gréngen tatsächlech wéilt ëmsetzen? Wat ass d’Reaktioun vun der nationaler Gesellschaft, oder ass den Deal schonn in the pocket mam grad nei genannten Generaldirekter?

Vu Lëtzebuerg aus mam Zuch(tgv) op Paräis oder op Bréissel ze fueren, mécht jo nach Sënn, virausgesat et gëtt keng technesch Pann oder ee vun deene ville Streiken, déi reegelméisseg am Hierscht an der grande nation lancéiert ginn fir d’Gewerkschaftskeesen opzefëllen. Et stellt sech awer d’Fro, ob et sënnvoll ass, sech esou Destinatiounen definitiv ze verbauen. Schliisslech fléien eng ganz Partie Lëtzebuerger op Frankfurt(Lufthansa) an op Paräis, fir vun do aus weider ze reesen. D’Madamm Dieschbourg verweist op Frankräich, wou d’Regierung d’AIR FRANCE mat engem Hëllefspak vu 7 Milliarden Euro an d’Knéien gedréckt huet. Aha! Mol eng Kéier, wou déi Gréng net no Däitschland luussen!

Image par Günther Simmermacher de Pixabay

Dobäi ënnerstëtzt Berlin “seng” Lufthansa mat 10 Milliarden Euro a setzt grad ewéi Frankräich op eng Reduktioun vum CO2-Ausstouss. Mam rengen Ënnerscheed, datt Däitschland sech net an d’Privatwirtschaft amëscht an als eenzeg Conditioun der Gesellschaft virschreift, hire Fliegerpark lues a lues ze erneieren: méi al Maschinnen ginn géint Neier ausgetosch, déi manner Dreck an der Atmosphär hannerloossen. De ganze Rescht, nämlech Fléien a Business maachen, bleift der Gesellschaft iwwerlooss, fir datt aus der Lufthansa net e Lufthänschen entsteet.

Iwwregens flitt och eng Cargolux Strecken vu manner wéi 2 Stonne Vol. Wär et net ubruecht, och deenen hir Wuer zu Beetebuerg an de Waggon ze tässelen?! Ma wat iergeren ech mech? Warscheinlech huet d’Ministesch Blannemännerches drop lass geschwat, ouni den Accord vun den zwee Koalitiounspartner DP an LSAP ze hunn. An déi Richtung ziilt den CSV-Deputéierten Serge Wilmes mat enger parlamentarescher Fro: ”

  • Alors que la compagnie aérienne Luxair, occupant quelque 3’000 salariés, traverse actuellement sa plus grande crise depuis son existence en raison de la pandémie Covid-19, Messieurs les Ministres estiment-ils qu’une telle annonce s’avère opportune ?
  • −  Messieurs les Ministres peuvent-ils me confirmer que des réflexions concrètes visant à suivre l’exemple français ont déjà été menées ? “

Oder sollt tatsächlech méi derhannert stiechen? Da si mir eben an e puer Joer houfereg op eise Findel, awer just wéinst senger pancarte: fauchage tardif!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *