Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Kriminalitéit an der Haaptstad kritt eng aner Nues 

D’Kriminalitéit an der Haaptstad kritt eng aner Nues
Photo de cottonbro provenant de Pexels

D’Gegrommels ënner de stater Geschäftsleit hëlt net of. D’Pandemie huet hinnen duebel zougesat, duerch d’Krankheet selwer an duerch hir Niewewierkungen, also duerch déi reegelméisseg Manifestatiounen géint d’Covid-Politik vun der Regierung. Dobäi kënnt dem Minister Kox säin subjektiivt Onsécherheetsgefill vum Bierger. An d’Kommerzante soen, datt d’Kriminalitéit an den Alentouren vun der Groussgaass am gaangen ass, sech ze veränneren.

Ausgerechent d’Pandemie huet awer och Positives ervirbruecht! De Schäfferot koum de Restaurant a Café vill entgéint a gouf drop an derwidder Autorisatiounen eraus fir Terrassen ze installéieren oder just ze vergréisseren.

Photo de Rachel Claire provenant de Pexels

Dat stuert administratiivt Denke gouf fale gelooss, do wou virun 3 Joer eng Terrasse aus Sécherheetsgrënn refuséiert gouf, konnten neierdéngs Dëscher a Still opgeriicht ginn. Doduercher koum automatesch méi Liewen an d’Bud.

Dat ass de Fall op der Gare, an der Stad oder och a Quartieren ewéi de Lamperbierg. D’Restaurateuren an d’Cafetier konnten op déi Manéier hir Verkafsfläch dacks verduebelen. An trotzdeem koum zejoert an der gudder Saison net déi grouss Freed op. Schold war de sabbelege Summer, d’Pandemie an déi kleng Kriminalitéit. Och d’Geheeschs op Schratt an Tratt geet enger Partie Leit op d’Nerven.

Ech schwätzen net vun deenen, déi roueg um Buedem sëtzen, mam Becher virdrun a mat engem Schëldchen j’ai faim.

Photo de Timur Weber provenant de Pexels

Gemengt sinn déi Heescherten, déi op d’Passante duerginn, si uschwätzen, réischt da lass loossen, wann si eng Mënz kruten. Esou gouf eng eeler Damm an der Groussgaass vun engem Mann ugehalen. Si war net bereet him eppes ze ginn an esou war de Mann hir nogaangen bis op de Parking vun der Theaterplaz. Net onbedéngt berouegend fir d’Fra!

Datt dës Zort vun Heescherten dacks als organiséiert Band optrieden, iwwersprangen ech elo hei. Ma si ginn ëmmer méi aggressiv, maachen och den Tour iwwer d’Terrasse selwer, froe Suen, Zigaretten, halen engem den Hutt esou laang ënner d’Nues, bis datt een endlech eppes gëtt fir seng Rou ze hunn. Op der Plëss d’Arem gouf ech Zeien vun enger Zeen, wou mir d’Laachen am Hals stieche bliwwen ass.

Eng Heeschefra koum op d’Terrasse vun engem Restaurant an huet wéi gewinnt de Becher dohinner gehalen. Eng Madamm huet refuséiert, hier eppes ze ginn. D’Heeschesch huet sech revanchéiert an hir d’Stéck Taart vum Teller bei all de Leit zou ewechgiess!. De Proprietär vum Restaurant war deen, deen sech am meeschten opgereegt huet: net wéinst dem Stéck Taart, ma wéinst der schlechter Reklamm fir seng Terrasse.

“…Déi kleng Kriminalitéit hëlt zou!…”

Et brauch een net bis an d’Stad ze goen, och am Supermarché kënnt ëmmer nees den Appell iwwer haut-parleur: Léif Client, gitt den Täschendéif keng Chance…” An der Stad awer, a besonnesch am Zentrum, schéngt dee Phenomen an de leschte Méint kräfteg zougeholl ze hunn. Dat liest een vun Zäit zu Zäit op der Lokalsäit an der Press, dat héiert een vun der Police an dat confirméiert sech duerch eng Reunioun op héijem Niveau.

De Staatsminister souz rezent zesummen mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, mam Policeminister Kox, mat Vertrieder vun der Police selwer a mat der Procureur Générale d’Etat. Et goung ëm de Sécherheetsperimeter am Fall vun enger Demonstratioun, an et goung ëm d’Kriminalitéit an der Haaptstad.

Photo de cottonbro provenant de Pexels

Et wieren nämlech an der Lescht ëmmer méi Mannerjäreger um Wierk. Jonk Meedercher, jonk Bouwen, déi de Leit de Portmonni aus der Posch klauen, virum Bancomat d’Suen aus dem Grapp rappen. Wann si erwëscht ginn, behaapten si, mannerjäreg ze sinn, kommen also relax laanscht eng Strof. Dat geet net nëmmen der Police op d’Nerven, déi reegelméisseg an Zivilkleedung duerch d’Gaassen patrulléiert, ma och der Procureur général d’Etat Martine Solovieff, déi elo gläich 7 Joer am Amt ass, an déi weess, wéi déif de Frust sëtzt bei Untersuchungsriichter a Polizisten.

Well et gëllt d’Reegel: haut festgeholl, muer lafe gelooss. Mat e bësselche Chance ass nach eng Plaz fräi zu Dräibuer&Co an da sinn et eben e puer Iwwernuechtunge méi. Den Alter festzestellen, erweist sech dacks als iwwerflësseg, schliisslech kann den Dokter net am Detail aus dem Handgelenk vun deene Leit den Alter erausliesen. Säi Verdikt héiert sech dann un wéi e sibyllinescht Orakel: dee jonke Mënsch ass mannerjäreg, kann awer duerchaus och volljäreg sinn. Am Zweiwelsfall fir den ‘Ugekloten’! De jonke Mënsch gëtt fräi gelooss!

Meeschtens schaffen si zu Zwee, e jonke Borscht an e jonkt Meedchen. Eng Koppel gëllt als harmlos, déi mat sech selwer beschäftegt ass a sech wéineg ëm de Laf vun der Welt këmmert. Deen een passt op, datt keen aneren nokuckt, deen aneren mécht d’Tirette op vun Posch oder Rucksak. Si maachen dat am Agank oder an der Sortie vun enger Galerie, also do wou si sécher sinn, datt keng Video-Surveillance ass.

Et geet meeschtens net ëm vill Suen. D’Leit bezuelen jo ëmmer méi dacks mam elektronesche Ritsch-Ratsch; par contre ass een dann Woche laang gehäit, all seng Pabeieren erneieren ze loossen: d’Kreditkaarten, Carte d’identité, Fürerschäin, CMCM, ACL, Rescue….op alle Fall Grond genuch, fir sauer ze ginn!

Related posts

2 Comments

  1. Phil

    An der Entrée vun engem Parkhaus an der Stad, déi den Numm vun enger kalifornëscher Stad dréit,
    sëtzt bal Dag an Nuecht en Heeschert mat engem Ostblockakzent. No bei der der Keess um Bueden, awer ëmmer am “Wandschied” vun der Iwwerwaachungskaméra an wënscht de Leit fir en Euro en schéinen Dag. Wann et net hien ass, ass et ee Kolleg deen net esou docile ass, an deen d’Leit och emol am Soff oder Drogenrausch emmerdéiert an tëltert. Dat geet net! An schon guernet bei deenen Tariffer déi een do bezillt. Dem Här Kox seng Executive wees jo, dass SIE do sëtzen, mä machen… NÄISCHT! Vu, dass den Här Kox an säin Transporthomologue, esouwéi den Energieminister an der selwechter politescher Clique sin, huet et bestëmmt kee Wärt do virzespriechen…. well d’Äntwert wees ech elo schon: “Ma huel dach den Tram!”

  2. Frank Bertemes

    De beschtbekannte Problème vun där organiséierter Heescherei huet jo scho fir vill Opreegung an der Press respektiv op deenen diverse Foren gesuergt – den Engagement vum Maître Vogel ass jo an deem Topic beschtens bekannt…Et geet awer leider domat genee esou weider , wéi mat där Organiséierter Kriminalitéit generell gesinn, déi och hei am Ländchen absolut present ass – et geschitt näischt!! Ech wéilt hei just een Auteur zitéieren, dee sech an Däitschland well laang Jore mat deem Sujet vun där ominéiser Organiséierter Kriminalitéit beschäftegt: De Jürgen Roth a sengem Buch: “Ermitteln verboten!” Hie stellt fest, datt d’Politiker eis all iwwert déi reel Dimensioun vun der O.K. (Stéchwuert Mafia!) beléien, déi Kriminell selwer triumphéieren an d’Police dertëscht steet, a “machtlos” muss nokucken…Wat soll s’och maachen, besonnësch an deene Fäll, déi den Här Kaiser hei an eisem Alldag am Marienländche beschreiwt.
    Et gesäit och weiderhin net gutt aus, wëssend, wéi och hei am Land den Alldag nach weider riskéiert, sech ze verschlëmmeren…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *