Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Dach Impfflicht um Beispill Domaine Thermal Mondorf? 

Dach Impfflicht um Beispill Domaine Thermal Mondorf?
domaine thermal

Et gëtt keng Impfflicht zu Lëtzebuerg an och net an deenen anere Länner vun der Europäescher Unioun. Dat ass zanter Méint de Message vun der Politik an dat ass och gutt esou. Wat net verhënnert, datt Privatpatron e gewëssene Spillraum iwwerlooss bleift a virun allem, datt eis Gesellschaft a kokass Situatiounen gedréckt gëtt.

Ass et normal, datt d’Personal an den Alters- a Fleegeheemer – also do, wou bis ewell am meeschten u Corona gestuerwe gouf-, just op e Vaccinatiounstaux kënnt vu 47 Prozent?! Well, och wann dervunner auszegoen ass, datt déi eeler Leit gréisstendeels sech impfe gelooss hunn, esou geet ee klengsten Infekt dach duer, fir als Nächsten dem Hades e puer Euro mussen an de Grapp ze drécken.

D’Argumenter vun den Impfgéigner sinn dacks duerchaus nozevollzéien. Reegelméisseg héiert een, datt all déi Vaccin extreem séier entwéckelt a wéineg getest goufen. Jonk Fraen maachen sech Gedanken, si kéinten eventuell net méi schwanger ginn, wat u sech gläichzesetzen ass mam Sproch: d’Haut sëtzt engem méi no ewéi d’Hiem. Dobäi ass en Heem eng wirtschaftlech Entreprise wéi eng aner, an och den domaine thermal. An do huet de Verwaltungsrot elo eng wichteg Decisioun geholl un d’Adress vun de Santé-Mataarbechter.

gk online

Dat liest sech wéi eng Erpressung an ass et wuel och. D’Argumentatioun vum Verwaltungsrot – iwwregens unanime-: auch alles tun muss, um eine “Häufung” von Infektionen zu vermeiden, die katastrophale finanzielle Auswirkungen auf die Domaine und damit auf unsere Fähigkeit Gehälter zu zahlen, haben wird. Also schonn e Wénk mat der Scheierpaart!  Ass et dofir awer komplett falsch?

Souwisou! Viru Joer wéi d’Welt nach näischt vu Corona wosst, hu mir et als Skandal betruecht, datt et an de Klinicken esou vill Streptokocke gëtt, esou vill, datt een no enger harmloser Blinddaarementzündung eng fatzeg Entzündung kann erwëschen an ee vill Méi huet, dem Doud vun der Schëpp ze sprangen. D’Opreegung vru Joer war grouss ënner dem Vollek. An haut? Sinn déi Iwwerleeungen op eemol falsch. E Virus ass keng schlecht Bakterie wäert? Oder spillt beim Corona ze vill d’Ideologie mat?

Vun enger Fra krut ech där Deeg ze héieren, datt si sech warscheinlech vun hirer Botzfra wäert trennen: déi Persoun kënnt aus Frankräich a léisst sech net impfen. Déi eeler Madamm huet keng Loscht sech allkéiers nom Passage vun der Botzfra musse Gedanke maachen, ob si dann elo eventuel liicht ugestach ass oder net a scho guer net am Kontext vun enger geplangter Vakanz!

Wien vun deenen zwou Säiten huet Recht? Sollte méi Leit esou denken, wéi dës Madamm, dann ass d’Botzfra geschwënn ouni Aarbecht. Also och an hirem Fall eng Zort wirtschaftlech Erpressung. Vun engem Handwierker krut ech déi nämmlecht Gedanken erzielt; hien, deen dacks bei d’Leit heem schaffe geet, wäert wuel och vu sengem Patron frëndlechst un d’Häerz geluecht kréien, sech dach picken ze loossen.

Zu Lëtzebuerg gëtt wéi ëmmer, guer net iwwer dës Problematik geschwat. Wat ass méi wichteg? Staatsbiergerlech Verantwortung a Solidaritéit, wéi de Verwaltungsrot vu Bad Mondorf et afuerdert oder awer ieren déi perséinlech Fräiheet vum eenzelen Individuum, deen ëmmer méi dem Individualismus verfält? Zu Lëtzebuerg wëlle mir keng Diskussioun, kee Sträitgespréich a scho guer net um politeschen Niveau.

Mir beloossen et bei Zuelen an Zifferen, vun Infektiounen a vun Doudeger, déi de Radio-Journalist erofliest wéi d’Zuelen aus dem Lotto….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *