Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Dräierkoalitioun 

Dräierkoalitioun

2013 goung d’CSV (déi mam Juncker) geschwächt an d’Wahlen wéinst der SREL-Affaire. 2018 geet Gambia geschwächt an d’Wahlen: DP wäert 2 Sëtz verléieren (Zentrum a Süden), déi Gréng waerte Problemer hunn, hire Sëtz am Norden ze behalen (e Claude ass kee Camille) a vun der LSAP ass dervunner auszegoen, datt si d’Rudder net erëmgerappt kréien.

No deene leschte Wahlen war ech deen eenzegen an der Mediewelt, dee skeptesch wor vis-à-vis vun enger Dräierkoalitioun. Konsequenz: ech gouf direkt an d’Dëppen vun der CSV gepucht. Mat där Logik goung et och 4 Joer weider. All Kéiers, wann ee gewoot huet, e Minister oder e Projet vu Blo-Rout-Gréng ze kritiséieren, kruut een ënnerstallt, dofir um Enn vum Mount e Scheck vun der CSV an der Bréifkëscht leien ze hunn. Ass natiirlech komplette Quatsch, ma besonnesch déi sougenannten lénksliberal ‘Denker’ sinn op deem Plang schlëmm Bridder (a grad esou Schwësteren).

Dobäi hunn ech just gemengt, datt et méi einfach ass, eng Regierung ze féieren, déi aus 2 Parteie besteet, an net aus dräi. Well déi vierecht Regierung huet jo gewisen, datt et schonn net esou einfach ass, eng Koppel zesummen ze halen, wann et mol kraacht; wéisou sollt et da méi einfach sinn, eng Dräierkoalitioun ze dirigéieren? Ech hat Uganks vum Joerdausend eng Paus vun 20 Méint am Journalismus gemaach a goung op d’Finanzplaz schaffen (ABBL). Déi puer Kéieren, wou ech duerft eng kleng Ried halen, hunn ech d’Erfahrung gemaach, datt auslännesch Gäscht deemols begeeschtert waren vun eisem politesche System: Stabilitéit héich 6. Permanent eng CSV um Rudder, héchstens de Koalitiounspartner gouf all 15 Joer gewiesselt. Net, datt Dir mech elo falsch verstitt: ech well net permanent eng CSV um Rudder hunn (ma esou war d’Situatioun jo awer bis 2013!), allerdéngs bleiwen ech der Meenung, datt eng Dräierkoalitioun net gutt ass, komplett onofhängech vum Constat, datt Gambia guer keng schlecht Aarbecht geleescht huet.

Isolatiounsmaterial a Yoghourt weisen elo, wéi schwéier en Dreierbündnis ass: DP an LSAP leien wirtschaftlech op der nämmlechter Linn, an domatter automatesch sech mat deene Gréngen an den Hoer. DP an LSAP hu scho méi laang d’Iddi vu Gambia 2 opginn an et sinn virun allem déi Rout, déi op dee Klengste klappen(allerdéngs och de Premier huet dat scho gemaach, mat senger Remarque: d’DP ass net d’Partei, déi de Leit seet, wat si ze denken, wéi si ze liewen hunn). Dat wäert esou weidergoen bis an den Oktober: 50 Méint ass esou gemaach ginn, wéi wann alles a beschter Uerdnung wier, an elo flitt den Deckel an d’Luut: den Etienne jickt all Moies just dat Gréngt aus dem Roquefort…dat Blot hällt hie sech bis no der Summervakanz.

Image Credits: tageblatt.lu

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *