Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Gesellschaft

D’Muecht vun de Minoritéiten 

D’Muecht vun de Minoritéiten
Photo by Anete Lusina: https://www.pexels.com/photo/male-rebel-in-anonymous-mask-on-red-background-5721173/

Fréier – wéi bekanntlech alles besser war- koumen déi Alternativ vill manner an de Medien zu Wuert ewéi dat haut de Fall ass. Begrënnung deemools: wann een si all Dag um Radio ze héieren, an den Zeitungen ze liese kritt, da sinn si jo net méi esouuu alternativ. Dat huet sech virun 20 Joer an de Medien lues a lues gedréit, warscheinlech well eng Partie Journalisten sech vun deene Leit ideologesch ugezu gefillt hunn. Bannent där Zäit koum nach déi elektronesch Welt dobäi. Eng ganz Rei Persoune féieren sech op deene verschiddenen Internetsäiten esou op, wéi wann si grad eiser Här zu Graf gedroen hätten. Si deelen aus, si fachen dran ouni dee geréngste Respekt virun anere Leit, virun anere Meenungen. Geschlaffe Guillotine vum Robespierre.

Fréier hate mir zum Beispill de Kollektiv Spackelter. Deen ass vun Zäit zu Zäit iwwer d’Gesellschaft hiergefall, huet sech fir en aneren Ëmgank mat den Drogen agesat, d’Rechter vun den Homosexuellen thematiséiert, déi eng oder aner Pressekonferenz organiséiert an dat war et dann. Haut hu mir zum Beispill de Kollektiv22. Bouwen a Meedercher déi sech mat Virléift wëlle lénkslasteg ginn an aner Leit als Faschisten ofstempelen.

Vun Zäit zu Zäit ginn si an de Guerilla-Krich. Esou haten si virun engem Lycée mat Kräid gekrozelt, datt hire Geographieprofesser e Rassist wier ouni jeemools Beweismaterial an d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Si “schaffen” an der Anonymitéit grad ewéi déi, déi dem Inneminister seng Fassade beschmiert an Autopneuen opgeschnidden hunn. Alles am Numm vun der Gerechtegkeet. Heesche goen ass schliisslech en elementaart Mënscherecht.

An der Internet-Poubelle heefen sech dann d’Kreesch vu Solidaritéit aus dem Vollek. Awer keng Solidaritéit mam Politiker, exklusiv Solidaritéit mat dësen anonymme “Revoluzzer” oder Dräibitz-Anarchisten fir déi d’Schrëftstellerin Edith Eucken-Erdsiek scho viru 50 Joer déi heiten Definitioun ginn hat: Kein ausgebeutetes Proletariat, keine unterdrückte Minderheit begehrt hier auf. Es sind vielmehr eher verwöhnte, sehr gebildete, oft auch sehr begabte junge Intellektuelle, erklärte Lieblinge einer älteren Generation, die sich sogar dann noch auf Spass versteht, wenn sie selbst aufs Korn genommen wird. (…) Sie wissen nicht, wohin mit ihren Kräften.

D’lescht Woch hat d’Google-Welt nees esou eng bosseg Situatioun erlieft. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig hat en Artikel op dësem Blog iwwer d’Heesche gedeelt. Dat nämmlecht hat den Inneminister Léon Gloden gemaach. Pech fir hien! De Skandal war banent Minutten perfekt. Op Facebook de kriskrosso, nach esou en Anonymmen, ma säi richtegen Numm ass deene meeschte bekannt. Also de kriskrosso ass der Meenung, datt wann de Léon Gloden e Blogpost gedeelt huet deen och vum “wannebe Fascho Tom Weidig gedeelt gouf, hien dann misst zerécktrieden.

De Politiker misst also bei all de presüméierte Faschisten am Viraus nofroen: deelt Dir, deelt Dir net?!  De Journalist Jacques Ganser léisst d’Geleeënheet net aus fir an dat nämmlecht Holz ze schloen:  déi zwee Politiker leien op enger Linn, just datt deen een CSV ass an deen aneren ADR. Am Genre: so mir wiens du likes an ech soen Dir wiens du bass. In fine bedeit dës Logik jo näischt aneschters ewéi: de “wannebe Fascho” Tom Weidig huet meng Websäit gedeelt, also muss och ech e Fascho sinn! A meng fräi Mataarbechter grad esou. Vun de Lieser (user) net ze schwätzen! Alles Faschisten!

 

 

Ech erënneren un de Blaise Pascal: de Mënsch ass weder Engel nach Déier, ma hie gëtt zum Déier wann hien onbedéngt wëll un d’Engelcher erukommen. An esou ass d’Welt weder Häll nach Paradäis, ma et gëtt ee scho mol op d’Häll preparéiert, wann ee probéiert, aus dëser Welt e Paradäis ze maachen. Där Jünger gëtt et net esou vill, ma duerch déi technesch Méiglechkeeten aus der Google-Welt kréien si dach eng gewëssen Importenz, ëmsou méi wou déi ekrasant Majoritéit vu raisonabele Leit sech net an deem Mooss zu Wuert mellt.

An esou gëtt aus enger Minoritéit eng Majoritéit déi et net gëtt!

 

 

Related posts

6 Comments

  1. Jean

    Iwer sou eppes soll ee besser lachen.
    Ech sin en antifa well ech dei rietsextrem netanyahu regierung an Israel kritiseieren …mais an den aen vum antifa futballvereen sankt pauli sin ech e faschist well hamas mir da leiwer as.
    😀😀😀
    Op fb sinn ech net mei…kann also keng posten deelen…zum gleck.

  2. Dichtung 420

    Do kann awer een net recherchéieren! Esou vill Feeler an dem Text, do misst een jo scho bal drun denken, datt et bewosst Liggen sinn?

  3. Kieffer Guy

    Een genoss iech ze liesen. Exzellenten artikel.

  4. Guido+Gennen

    “Ich bin die Kraft, die stets das Böse will und stets das Gute schafft” frei nach Goethes Faust.
    Seien wir positiv ! Am Ende hat weder der Hetzer, noch der Journalist und noch weniger der Politiker recht. Am Ende wendet sich alles zum Guten auch wenn die Zwischenzeit oft chaotisch ist.

  5. Dominique Wingert

    Nees en gudden Artikel, Kompliment Här Kaiser, liesen är Artikelen ëmmer gären.

    1. Guy Kaiser

      Merci Här Wingert. Dat mécht Courage fir weiderzefueren

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *