Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Aussepolitik

Gaston Vogel: LSAP an hire President schëppen sech selwer hiert Graaf! 

Gaston Vogel: LSAP an hire President schëppen sech selwer hiert Graaf!
image credits:études Gaston Vogel

DEN DOUDEGRIEWER

 

No där batterer Néierlag vum leschten Oktober sin d’Genossen mat Flemm an doudmidd an d’Generalversammlung gaangen.

Do huet déi komatös Gesellschaft an enger tragescher Minut hiren DOUDEGRIEWER gekürt.

D’Lous as gefall op de jonke FAYOT mat aalen Iddien, déi längstens iwwerholl sinn.

Elo wëllt dee gudden Mann, dee fréier kapitalistesche Gesellschaften mat Root an Doot zur Säit stoung, vïr beschte Wéer ze fannen,Steieren ze spueren, dem klengen Mann eng méi staark Steierbelaaschtung opdrëcken, an lang ofgeschafe „BAUZEGKEETEN“erëm nei opliewen lossen, wéi de leidejen Impôt sur la Fortune. WONNERBAR!

Den Text am “Lëtzebuerger Wort”, en uergen LAPSUS deen där maroder Partei ëmmer op d’ NUES drëpse wärt, enhält déi verheerend Energie vum coup de grâce.

Aarm a verlossen Sozialistesch Aarbechterpartei!  Waat maachen sie mat dir!?

Do huet de Chef de Kueder aus dem Saak gelooss. – Ech wor ëmmer der Meenung de Mann wär genial, awer esou gutt an effikass am Handelen konnt ech mir hien nun awer nët virstellen!

 

So liegen nun die Kartoffeln und sehnen sich nach ihrer Auferstehung

(Georg Christoph Lichtenberg)

Le 12 mars 2019.

Gaston VOGEL

 

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *