Zanter dem leschten Hierscht gëtt et an der fonction publique de sougenannte compte épargne-temps (CET) an dee soll elo och Konsequenzen hunn fir de Privatsecteur; dobäi gëtt et dee CET scho méi laang am Privaten, d’Gesetz soll elo just nobesseren, op alle Fall déi verschidde Fomüllen, déi scho bestinn, och an Zukunft weider erméiglechen. Regelméisseg e bësselche méi schaffen, fir – um Enn vun der Carrière- sech kënnen eng ‘année sabbatique’ leeschten ze kënnen, bei vollem Lounausgläich. Héiert sech gutt unn, an ass et och. Ech gouf allerdéngs drop opmierksam gemaach, datt en net onwiesentlechen Detail mam Gesetz fir d’Fonction publique geännert gouf: bis ewell haten d’Leit per Gesetz ” un repos hebdomadaire de 44 heures consécutives” zegudd an dat ass elo net méi de Fall!
Den Artikel 18-5 vum Gesetz iwwer den Zäitspuerkont definéiert déi wöchentlech Rascht nämlech aaneschters: repos hebdomadaire de 24 heures auquel se rajoutent les 11 heures de repos journalier .
An anere Wieder: 24+11= 35 Stonnen repos hebdomadaire! Dat mécht op eng gewësse Manéier Sënn, well et – och beim Staat- an de leschte Joer ëmmer méi komplizéiert gouf, déi 44 fräi Stonnen un engem Stéck ze respektéieren; ëmmer méi dacks koum et fir, datt en Service, en Ugestellten an der Illegalitéit wor. An nawell sinn déi 9 Stonnen repos hebdomadaire (44 – 35 =9) futsch, wéi den Alain Jaans feststellt, selwer Beamten an der fonction publique:
“…D’Auswierkungen kéinte besonnesch am Privatsecteur remarkabel sinn”
Eng Vendeuse am Commerce hällt den Ament – wéinstens mol am Prinzip- Samschdes Owes um 18 Auer op, a fänkt Méindes géint 14 Auer nees unn; fir d’Saach net ze komplizéiert ze maachen, schwätzen ech elo hei net vun de verkaafsoppene Sonndeger. Den Ament huet déi Fra also 44 Stonnen un engem Stéck fräi. Mam neie Gesetz kéint déi nämmlecht Madame allerdéngs gezwonge ginn, Méindes Moies um 5 Auer unzetrieden!
Am Grousse Ganzen geet et wuel drëm, den Aarbechtsmarché ze flexibiliséieren. E Patron kann duerchaus sengem Handwierker soen. an der Woch schaffs Du all Dag just 7 Stonnen, dofir trëtts Du dann awer Samschdeg Moies unn! Déi Situatioun kann et och hautdesdaags ginn, nëmmen fällt dat deen Ament – am Prinzip- ënner d’Iwwerstonnen. Soziaale Fortschrëtt héiert sech aaneschters unn, oder? Et kann een et och zynesch ausdrécken: d’Gesetz ka Virdeeler hunn fir de Salarié a grad esou fir de Patron , eng win-win-Situatioun also.Mä, Här ass Här, a Max ass Max….