Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Grouss Onsécherheeten ëm den Internet, och zu Lëtzebuerg! 

Grouss Onsécherheeten ëm den Internet, och zu Lëtzebuerg!
image credits:pixabay

D’Opreegung ass grouss! Et wär d’Enn vum fräien Internet. Dobäi geet et mol fir d’alleréischt ëm d’droits d’auteurs, déi esou nach net an der digitaler Welt bestinn. En Artist, e Schrëftsteller, e Journalist hunn e Wierk zustaane bruecht, dat zig dausendemol an de soziaale Medien gedeelt gëtt, ma woufir et fir den Auteur vum Wierk näischt Bares auf die Kralle gëtt. Et gouf fatzeg gestridden op europäeschem Niveau, Lëtzebuerg stëmmt dergéint -huet domadder d’Jugend hannert sech-, an elo soll dës Woch alles ganz séier goen.

D’Saach ass komplizéiert an einfach zugläich. Wann déi grouss Internetplattformen wéi Google a Co zum Beispill en Artikel vun enger Zeitung iwwerhuelen

image credits:pixabay

, da missten si elo am Prinzip allkéiers en Accord mam Medienhaus aushandelen. Mécht Sënn,…an och net. Well, wa Google bereed ass, esou eng Lizenz mam Axel Springer-Verlag auszehandelen, da wuel kaum mat enger lëtzebuerger Dageszeitung. Déi wären dann duebel gebiischt: kee Kontrakt, also keng Mënz, a wa Google si an Zukunft lénks leie léisst, fënnt een deene klenge Presseorganer hir Publikatiounen net méi, respekiv vill méi limitéiert; domatter geet also déi Zort Reklamm fir kleng Pressehaiser d’Päif aus!

.

Et sief, d’Medien am Grand-Duché géingen sech zesummeschléissen, fir mat Google, Twitter, facebook etc a Kontakt ze kommen.Esou en Zesummeschloss gëtt et schonn zanter Joer op nationalem Plang, duerch den Intermédiaire vu “Luxorr”. An trotzdeem bleiwe vill Froen op, wéi:

“… vu wéini un muss bezuelt ginn…?”

 

Zitat ass nämlech net gläich Zitat! Ech kann aus engem Artikel eng kleng Zeil iwerhuelen an nennen d’source. Muss an deem Fall bezuelt ginn? Hängt ganz dervunner of: wann deen Artikel als eenzegen am www eng Meldung huet, déi sos nierewou ze fannen ass, dann  duerchaus, Journalismus liewt jo zum Deel vu “scoopen”.

image credits: pixabay

An do ass de sougenannten “uploadfilter”, ëm deen et am Artikelk 13 vun der EU-Direktive geet, wuel komplett iwwerfuerdert! Nach ass déi KI net esou wäit entwéckelt, an esou ass de Risk grouss, datt Villes an Zukunft guer net méi um Radar ze gesinn ass.

Déi grouss Gesellschaften à la Google, hunn et nach am einfachsten. Si hunn déi néideg Technologie schonn, a wann net, sinn déi néideg Suen do, fir se huerteg en place ze setzen. Et sinn also éischter déi Kleng, déi et wäerten ze spiere kréien. Et ass gutt, datt Lëtzebuerg géint déi Direktive wëll stëmmen; allgemeng hunn ech awer d’Impressioun, wéi wann vill Politiker – op d’mannst am Ufank- an der matière komplett iwwerfuerdert waren. Mir hunn zwar a Rekordzäit op ville Plaazen d’Glasfasertechnik duerch d’Stroossen bis an d’Haiser gezunn – Felicitatiounen un d’Regierung!-, ma wëssen doriwwer eraus net, wat een mat där Technologie sos nach alles kéint a Beweegung setzen. Et géing och duerchaus Sënn maachen, wa sech Riichter an Affekoten mat der Problematik vum Digitalen géingen auserneesetzen, well, de marché ass am gaangen, sech och bei eis ze entwéckelen, an dat bréngt automatesch och Prozesser mat sech.

Et ass gutt, datt d’Regierung e Ministère fir dat Digitaalt geschaafen huet, mir waarde just nach op d’Substanz! Et ass och ze begréissen, datt de Staatsbudgetrapporteur André Bauler wëll de Schwéierpunkt op dee Secteur leeën. Do kann hie jo verschidde waarem Eisen upaken :wéi zum Beispill steet et ëm d’Sécherheet vu verschiddenen, héich sensibelen Internetsäiten? Réischt gëschter koum an deem Kontext eng parlamentaresch Fro vum CSV-Mann Laurent Mosar: sin d’Daten vun de Client bei Luxtrust an dréchnen Dicher? Ass d’Sécherheet garantéiert? Gouf Luxtrust an der Lescht d’Affer vun Hacker? De Mann dréckt sech mat senge Froen diplomatesch-virsiichteg aus, gëtt awer zugläich ze verstoen, datt hien eppes méi ze wësse schéngt. Grad an der Lescht hunn effektiv d’Rumeuren an deem Kontext zougeholl…..

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *