Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Finanzen

Wunnengsmaart: Collapse en vue? 

Wunnengsmaart: Collapse en vue?
Image parPexels de Pixabay

Ausgerechent d’Politik vun den extreem niddregen Zënsen vun der europäescher Zentralbank hëtzt zu Lëtzebuerg de Wunnengsmaart zousätzlech unn. Well, wee Suen huet, léisst se ëmmer manner dacks um einfache Spuerkonto stoen, wou si bal näischt abréngen; rechent een d’Inflatioun of, ass een esouguer perdant. Ween also Suen ze vill huet, plasséiert si entweder an (riskant) Investmentfongen oder hien investéiert an de Steen. Wuelverstaanen, dat ass meng perséinlech Interpretatioun, ouni genee Zuelen am Grapp ze hunn, wéivill Proprietairen iwwer méi ewéi en Haus verfügen, eventuell iwwer méi wéi eng Dosen, iwwer méi ewéi 50 etc. Ech baséieren déi Interpretatioun eleng op d’Präissexplosioun vun den Appartementer déi läscht zwee Joer, mat engem Plus vun 21,44 Prozent. Ween also Enn 2016 e Studio kaaf huet fir e Wäert vun 350.000 Euro, kann deen elo fir 425.000€ verkaafen, also mat engem Gewënn vun 75.000 Euro. Esou vill Suen bréngt och net dee riskantsten Investmentfong eran, och net, wann een d’Steieren ofrechent.

dei lescht Regierung huet decidéiert, d’TVA um Bau vun enger Zweetwunnéng vun 3 op 17 Prozent eropzesetzen. Dat war gutt gemengt, fir den Immobiliemaart ze berouegen, ma bruecht huet et Näischt,

Image parIgor Ovsyannykov de Pixabay

héchstens de Géigendeel. D’Michèle Gantenbein schreiwt de 6. August am Luxemburger Wort: “Die Steuererhöhung hat mit dazu beigetragen, dass die Mieten steigen – 2018 um sensationelle 18,23 Prozent”. An anere Wieder: fir en Objet, wou een bis 2017 e Loyer bezuelt huet vu 1500 € de Mount, muss een elo 1770 € op den Dësch bliederen! Oder aneschters ausgedréckt: d’Proprietairen hunn déi zousätzlech Onkäschten, déi duerch eng gutt gemengten politesch Decisioun enstane sinn, einfach op de Locataire repercutéiert.

A wann déi europäesch Zentralbank dat anert Joer tatsächlech wëll Minuszënsen aféieren – datt een also bestrooft gëtt, wann een seng Suen op engem Spuerkont plasséiert-, dann ass matt engem weideren Ophëtzen vum marché ze rechnen. D’Course geet weider, maillot jaune ass ëmmer deen, deen net nach op senger Bank muss eng demande maachen, fir Suen geléint ze kréien, ma deen, dee bar auf die Kralle ka bezuelen.

 

Dobäi ass den Drock op d’Immobilien souwisou extreem staark. D’Ministesch Sam Tanson léisst am Aktivitéitsrapport vun hirem Ministère schreiwen:” Au 1er janvier 2018, le Grand-Duché comptait 602.005 habitants, ce qui correspond à une augmentation de la population totale de 1,92% par rapport à 2017. Pendant la période de 2001 à 2018, notre population a connu une augmentation de 162.505 personnes (+36,97%)”.

Verschiddener hunn an de leschte Méint d’Fro opgeworf, ob een da wierklech onbedéngt muss Besëtzer sinn, fir glécklech ze ginn? Déi Fro gëtt natiirlech vu Leit gestallt, déi längst Proprietaire sinn, am Beschten zweemol, och fir kënnen ze verlounen. Déi lescht Etude vum observatoire de l’habitat koum zu der Konklusioun, datt 159 Persounen 25 Prozent hunn vum Wäert vum potentiel foncier = 21 Milliarden Euro (2016). 1000 Proprietairen sinn am Besétz vun 959 Hektar Bauland, wat 45 Prozent ausmécht, respektiv e Wäert  duergestallt huet am Joer 2016 vu 7 Milliarden .

Gesellschaftlech gesonnd ass déi ablacklech Situatioun net! Duerch de Wunnengsmaart geet d’Schéier tëscht aarem a räich ëmmer méi auserneen! Dat huet eng weider Etude vum Statec (regards Nr. 18) kloer erwisen: ronn 16 Prozent vun der Populatioun sinn finanziell un der Grenz vun der Aarmutt; wann een awer d’Onkäschten fir ze wunnen mat a Betruecht hëllt,, sinn et 24 Prozent, déi riskéieren, an d’Aarmutt ze glëtschen, also jidfer féierten Awunner! Ass krass, oder? An déi Spiral kënnt ëmmer méi séier un d’Dréien, well eng Persoun, déi sech souwisou net esou gutt steet, kritt d’Wunnengsonkäschten natiirlech vill méi ze spieren, ewéi eng Persoun, mat engem besser gefëllte Portemonni Eou sinn virun zwee Joer dës Onkäschten bei deene méi Schwaachen ëm tëscht 20 a 24 Prozent geklommen, iwwerdeems bei deenen aneren d’Hausse just 7 Prozent ausgemaach huet!

Laang geet dat net méi gutt! Dobäi hat den europäesche comité fir systeemesch Risken schonn am November 2016 eng Alerte fir Lëtzebuerg erausginn, esougudd wat d’Iwwerschëldung vun de Stéit betrëfft wéi och, wat dat grujjelegt Klammen vun de Präisser ugeet!! Ma de Caroussel dréit weider…

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *