Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

SREL-Prozess: e geheimt Gespréich, dat verjährt ass! 

SREL-Prozess: e geheimt Gespréich, dat verjährt ass!
Image parPublicDomainImages de Pixabay

Datt ech méi driwwer nodenken, datt mir méi Zweiwel kommen. Entgéint deem, wat ech viru Méint geschriwwen hunn, kéint de SREL-Prozess méi wéi langweileg ginn! Et erënnert ee sech: do gouf e Gespréich matt enger Spezialauer opgeholl tëscht dem Staatsminister Jean-Claude Juncker an dem SREL-Chef Marco Mille. Dësen onerhéierte Virfall ass zu den Akte geluecht, well den Enregistrement verjährt ass. Ass zwar juristesch normal, an awer schued!

 

D’ Zeitung Lëtzebuerger Land hat Extraitën aus deem Gespréich den 30. November 2012 publizéiert, Radio Lëtzebuerg huet séier nogezunn. De gréngen Deputéierten François Bausch war entsat. Als President vun der SREL-Kontrollkommissioun koum hien sech als Dëlpes vir: op parlamentareschem Plang gouf probéiert, déi ganz Affaire politesch opzeschaffen, iwerdeems iergendeng däischter Muecht der Press ëmmer nees neit Fudder zougespillt huet. Dat Ganzt war deemols geduecht,

Image parCSTRSK de Pixabay

fir allgemenge Chaos ze schaafen, d’Meenung opkommen ze loossen, datt d’Politik d’Situatioun glat a guer net méi ënner Kontroll hätt. Dat huet dem Staatsminister méi geschued, wéi engem Bausch oder sos engem Deputéierten aus där Kontrollkommissioun; de Bausch huet d’Geleegenheet genotzt fir eng Enquêtekommsîssioun ze froen a last but not least kruut och déi parlamentaresch Kommissioun dat “geheimt” Gespréich zougedroen. Den Här Bausch huet alles richteg gemaach a goung mat deem USB-Stick bei de Procureur Général Robert Biever. Den 11. Dezember huet d’police judiciaire dee Stick vun der Mark Kingston confiskéiert an d’Police huet dovunner eng Expertise gemaach….

 

 

D ës Copie, déi den Här Bausch also un de Procureur weidergouf, war den Dag virdrun elektronesch verschafft ginn. Et waren dobäi och Manipulatioune gemaach ginn, well bei verschiddene Passagen waren d’Hären Juncker a Mille schlecht ze verstoen, an esou gouf op deene Plaazen den Toun technesch eropgesaat. An et huet sech ëm e Stick gehandelt, dee virdrun, also virum Brennen vun Enregistrement, net vierge war. Doropper waren eng Partie Dokumenter zwar geläscht ginn, déi awer trotzallem digital Spueren hannerlooss haten, a grad déi konnten erëmfonnt ginn…

Wéi gesot, d’Auergespréich ass verjährt, kann also net méi während dem SREL-Prozess opgegraff ginn. An awer kéim een domatter der Wourecht e Stéckelchen méi no. Mol kucken, wéi langweileg de Prozess wierklech gëtt. Iwwregens: den 30. November 2012 hat d’Kontrollkommissioun niewt dem stick och eng CD zougedroe kruut; op där CD sollt dat Gespréich sinn tëscht dem Grand-Duc Henri an dem Staatsminister. Ob den décryptage vun där CD definitiv ofgeschloss ass, entzitt sech menger Kenntnis…

Image parClker-Free-Vector-Images de Pixabay

Et gëtt eng Abberzuel procès-verbaux, déi an där Zäit mat Politiker gemaach gi waren; et wäer schued, wann déi géingen am Tirang leie bleiwen. Ausgeschloss ass et net, well et geet am Prozess net onbedéngt ëm d’SREL-Geschicht vun deemols selwer, et geet e.a. drëm, datt den L.M. (de Mann, dee vum Enregistrement Grand-Duc/Juncker geschwat huet) vu SREL-Leit ofgelauschtert gi war: war déi écoute vum Staatsminister autoriséiert? Et heescht, de Premier hätt deemols iwwer Telefon säin OK ginn. Wann also just doriwwer viru Geriicht gestridde gëtt, ass de Prozess nëmmen hallef esou vill wäert, a politesch éischter langweileg!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *