Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Et ass méi einfach, en Atom ze splécken, ewéi e Virurdeel* 

Et ass méi einfach, en Atom ze splécken, ewéi e Virurdeel*
Image parThanks for your Like • donations welcome de Pixabay

D’Klimadiskussioun gëtt dominéiert vu Katastrophenhysterie a vun intellektueller Diktatur. Zu där Konklusioun koum de Claude Allègre scho virun 12 Joer, an dës Situatioun huet sech weider zougespëtzt. Den Zäreneffet ass mol prioritär eppes Guddes! Géing et deen net ginn, léich d’Temperatur op der Erd bei minus 18 Grad! D’Klimaskeptiker bezweiwelen, datt den CO2 den Haaptfacteur ass, datt d’Zär nach méi zousätzt an doduerger d’Temperature klammen; ëmmerhin koumen am Joer 2003 amerikanesch a franséisch Wëssenschaftler an enger Etude zu der Konklusioun, datt d’Variatiounen vun der Temperatur 800 Joer virun de Variatiounen vum CO2 kommen, an anere Wieder: et wär net den CO2, deen d’Temperatur verännert, ma et ass grad ëmgedréit.

 

D’ Meteo ass e chaotesche System – dohir sinn d’Previsioune just op e puer Deeg fiabel- an de Klima ass esou komplex, datt et sech schwéier virzestellen ass, datt den CO2 deen eenzege Facteur ass, deen zu Verännerunge bäidréit. Wat wësse mir scho vill vun der Sonn, mat hire Magnéitfelder, déi zyklesch of-, respektiv zouhuelen? D’Sonn selwer ass net stabel, verännert hir Aktivitéiten.

Image parDimitris Vetsikas de Pixabay

Wéi grouss ass eist Wëssen iwwer d’Ozeaner, déi den CO2 mol ophuelen, mol ofstoussen? Iwwer de rôle vun de Wolleken an deem Ganzen ass esou gutt wéi guer näischt wëssenschaftlech gewosst asw.asf. Wat awer wëssenschaftlech erwisen ass: am Mëttelalter war et zäitweis gutt waarem, zanterhir gëtt Groenland “gréngt Land” genannt, well och deemols Äis a Schnéi zu engem gudden Deel verschwonne waren.De Wëssenschaftler Fred Singer konnt noweisen, datt de Klimawiessel am Mëttelalter méi brutal wor ewéi dee vun haut; dobäi loung deemols den CO2 net bedeitend héich! No dëser Episode koum eng Mini-Äiszäit, tëscht dem 16. an dem 19. Joerhonnert. Während dëser Äiszäit goufen et allerdéngs och extreem waarem Momenter, soudatt a Frankräich 1719 bal eng hallef Millioun Leit un de Suiten vun der Hëtzt a vun der Hongersnout gestuerwe waren

 

A m IPCC-Gremium gouf ee Skeptiker nom aneren erausgehäit, respektiv, si hu selwer desillusionnéiert demissionnéiert. D’Politik an d’Ëffentlechkeet kréien ëmmer nees verkaf, datt et ënnert de Wëssenschaftler e KONSENS déit ginn. An der Wëssenschaft ass dee Begrëff keen Argument! Matt deem Begrëff wieren Galileo an Einstein royalement ignoréiert ginn! Dobäi géif et Sënn maachen, grad an deem Gremium och Skeptiker sëtzen ze hunn, déi regelméisseg géingen hannerfroen, esou, wéi et an der Wëssenschaft soll,muss sinn! De Protokoll vu Kyoto ass esou absurd ewéi ën deier ass: 370 Milliarden Dollar zu deem Ablack, wou ën zustaane koum. Haut gëtt mam Fanger op den US-President Trump gewisen; vergiess gëtt dobei, datt virun him de Bill Clinton (zesummen mat sengem Vize Al Gore) de Vertrag zwar ënnerschriwwen, de Senat allerdéngs d’Ratifikatioun refuséiert hat, mam Argument, et géing ze vill der amerikanescher Wirtschaft schueden.

Souwisou huet den IPCC am Laf vun de Joer a vu senge Rapporten méi wéi engkéier seng Positioun geännert. Am 4. Rapport zum Beispill, deen 2007 erauskoum, gouf d’Relatioun tëscht CO2 an Temperatur fale gelooss, esou wéi si aus den Äisarchiver laang Joer zeréckbehale gi war!

Image parGreg Montani de Pixabay

D’ Medien spillen dobei eng desastréis Roll, woubäi bal kee Journalist eng wëssenschaftlech Formatioun huet. Ma, et ass natiirlech flott, Biller ze weisen vun engem Kilimandjaro, wou de Schnéi schmëlzt, an dann matt engem Schudderen vu Klimawiessel ze schwätzen. Dee Phenomän besteet allerdéngs schonn zanter Joerhonnerten. De Claude Allègre huet an engem vu senge ville Bicher op esou journalistesch Topegkeeten higewisen, wéi zum Beispill eng u sech serieux Zeitung wéi de LE MONDE behaapt huet, duerch klimatesch Verännerungen géif et an Zukunft méichlecherweis méi Tsunami ginn! Dobäi duecht ech ëmmer, en Tsunami géif duerch en Erdbiewen ausgeléist ginn.

image credits: routard.com

Ma d’Temperaturen um Planéit wäerte klammen: vill op de Polen, null um Equator. A ronn 1000 Joer ass Groenland dann definitiv ‘befreit’ vu Schnéi an Äis. Mir mussen eis also op déi nei Situatioun astellen, zum Beispill Haiser aneschters bauen, manner géint d’Keelt ewéi géint d’Hëtzt, déi richteg Beem planzen, nei Somkären entwéckelen fir d’Landwirtschaft etc. A ganz kloer: mir mussen den CO2 erofsetzen, och wann hien net den  Haaptschëllegen ass fir d’Hausse vun de Graden. Mä villäicht kënnt jo dach alles aaneschters….

  • : D’Zitat an der Iwwerschrëft ass vum Albert Einstein

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *