Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

De Mënsch ass zwar gelungen an dach keng Wuer! 

De Mënsch ass zwar gelungen an dach keng Wuer!
Photo de Yan Krukov: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/restaurant-gens-femme-maitre-d-hotel-6816365/

Nei ass et net. D’Besëtzer vu Café a Restaurant an der Stad jéimeren a kloen. Mol ass et wéinst Schantercher, mol wéinst der Pandemie. Nei par contre ass de Phenomen, datt extreem schwéier Personal ze fannen ass. E Plongeur oder e Serveur – dee fréier e bësselchen ofwäertend garçon genannt gouf- sinn zu enger absolutter Raritéit ginn. Dat huet sech scho viru Joer ugekënnegt a mat der Pandemie acceleréiert! Och op der Plëss d’Arem dinn se sech schwéier domadder.

Photo de Rene Asmussen: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-verser-vin-sur-verres-3217157/

De Beruff Serveur huet vill Nodeeler. Onreegelméissegt Schaffen, dacks bedeitend méi laang wéi just en 8-Stonnen-Dag, schwéiert Droen, vill Lafen. Wien op enger Terrasse schafft, kënnt am Summer op iwwer 20 Kilometer. Déi Nodeeler goufen an der Zäit duerch e gutt Akommes ausgeglach. An domadder mengen ech dat léift Drénkgeld. E Serveur deen 100 Dëscher servéiert huet a vu jidder Client och nëmmen 20 Cent krut, hat um Enn vum Dag 20 Euro netto an der Täsch. Also am Mount gutt 500 Euro.

Ech héieren et ëmmer nees. Viru Joer war de Gaascht vill méi spendabel wéi haut. No engem Iessen goufen dacks 5 oder 10 Euro leie gelooss. Dat awer ass haut rarissimm! De Client gouf méi knéckeg, mam Argument: et ass deier genuch an der Stad an ech hunn et och schwéier iwwer d’Ronnen ze kommen! Ëmsou méi wou ëmmer méi dacks mat Plastiksgeld bezuelt gëtt. Seelen gëtt eppes drop geluecht.

Derbäi kënnt, datt eng ganz Partie Ministèren a virun allem Banken aus der Stad erausgeplënnert sinn fir sech an der Peripherie néierzeloossen. Eng Clientèle déi am Zentrum feelt. Duerch d’Pandemie – virun allem am Confinement- goung ville Serveuren eng Späicherliicht op. Deenen anere Leit hire garçon spillen lount sech net méi. Vill Fransousen sinn nees bei sech bliwwen, hunn op d’Strapazen vun engem Aarbechtswee vu 1 -2 Stonnen verzicht; anerer hu sech no neien Beruffsméiglechkeeten ëmkuckt.

deen nämmlechte Phenomen weist sech elo an der Aviatioun. Et boomt nees, jiddereen wëll an d’Vakanz. Vergiess sinn Corona a Klimawiessel mam Resultat, datt se op de Flughäfen Düsseldorf, Amsterdam, London… zu dausende stinn op hire Fliger ze waarden. De Problem läit an der Haaptsaach beim Sécherheetspersonal. Dës Männer a Fraen waren wärend der Pandemie massiv entlooss ginn an hate mussen berufflech ëmdenken.

Photo de Anna Shvets: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/ville-femme-voyager-aeroport-3943882/

Eng ganz Partie koumen am Logistik-Secteur ënnerdaach an elo feelen si um Flughafen. Wärs du doch in Düsseldorf geblieben! Eng änlech Situatioun riskéiert et mëttelfristeg ze ginn ënner de Passagéier! Wien Stonne laang muss an der Schlaang stoen an dann awer säi Fliiger ‘verpasst’, wien zesummegepercht gëtt ewéi Véi an deementspriechend behandelt gëtt, dee kéint duerchaus sech iwwerleeën, datt een och ka Vakanz maachen mat der bleche Kutsch.

Sécher net op d’Kanaresch Inselen oder a Griichenland, mä a Frankräich, Spuenien oder Portugal ass et och schéin an och waarm. Ëmsou méi wou se a Griichenland decidéiert hunn, de Verloscht vun der russescher an ukrainescher Clientèle opzefänken mat enger kräfteger Hausse vun de Präisser: d’Zëmmer sollen am Schnëtt 22 Prozent méi deier ginn, e grousse Béier soll 25 Euro kaschten! Eng Frechheet!

Esou wéi d’Leit den Ament op ville Flughäfen behandelt ginn, dinn déi sech dat net méi laang un. De Client ass Kinnek! Ma net hien eleng. D’Beispill vum garçon op der Plëss léiert eis, datt jiddereen Här a Meeschter ass iwwert sech selwer. Hie brauch just munchmol e Fouss hannebäi. Wéi zum Beispill elo a Krisenzäiten.

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Och wann ech mol mat Plastik bezuelen, sou ginn ech d’Drénkgeld gären a Boergeld – ausser ech hu keent méi an der Täsch…. Et stellt sech awer schonn d’Fro, wéi dann all Patron sengem Serveur d’Drénkgeld, dat hien oder si sech verdéngt huet, effektiv ausbezillt. Och do wärten et Ënnersscheeder ginn. Ech hat an deem Kontext och eng Emissioun zuer Besteierung nogelauschtert, an där och dës Fro behandelt gouf, well d’Drénkgeld , dat de Klient mangels Boergeld einfach an der Rechnung matbezillt, jo dann via Bank – oder Kreditkaart an der Keess vum Patron land. An da fällt deen integrale Montant mam Drénkgeld jo och ënnert d’Besteierung…Eis Welt ouni Boergeld ass jo sou “immens”, oder?

  2. Phil

    Ech mengen mech drun ze erënneren, dass an Italien déi Prozedur “Drénkgeld mat der Kreditkaart” net akzeptéiert ass, an de Garçon een beim bezuelen um portablen Terminal och drop opmierksam mêcht….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *