Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Wirtschaft à la luxembourgeoise! 

Wirtschaft à la luxembourgeoise!
Image par 3D Animation Production Company de Pixabay

et geet de Biergan zu Lëtzebuerg! Wann ee sech d’Chifferen ukuckt vum Statec, kommen däischter Zäiten op eis duer! Déi ëffentlech Einnahmen ( also vum Staat) klammen net méi ëm 7 Prozent ewéi dëst Joer, ma just nach ëm 3 Prozent. Dat héiert sech richteg grujjeleg unn! Aner Länner sinn déck zefridden, wann si net ze déif an de Keller ( dee vun de Finanze) glëtschen, mir schloe scho bal d’Hänn iwwer dem Kapp zesummen wann de Wuesstëm ënnert enger hallwer Dose Prozent läit. De PIB sackt och däitlech zeréck: vun 3,1% zejoert op 2,4% dat anert Joer. Den Aarbechtsmaart klëmmt dichteg ëm 3,2 Prozent, schlisslech wëlle mir nach an dësem Joerhonnert un den 2,4 Millioune-Staat erukommen.

A fir ze weisen, wéi eekeleg et eis geet, explodéieren d’Ausgaben fir d’ëffentlech Investitiounen: schonn dëst Joer gouf do e Sprong gemaach vun 11 Prozent ( eelef! Dir hutt richteg geliés!), an esou soll et och dat anert Joer ausgesinn. Et gëtt esou massiv investéiert, datt et fir Privatleit ëmmer méi komplizéiert gëtt, en Handwierker a verstännegen Delaiën ze fannen. Aneschters formuléiert: wat geschitt wirtschaftlech zu Lëtzebuerg, wann d’Investitiounen zeréckgefuer ginn, wann de Staat also keng 11% méi investéert, ma nach “just” 4%? Dat wier zwar ëmmer nach en éierbaart Resultat, ma verschidde “verwinnte” Patron géingen entsaat reagéieren! Schonn elo geet d’Moral vun de Patron an d’Getten, awer nach schwätzt de Statec net vun enger déprime…

ma et gëtt Hofffnung! Et gëtt jo schliisslech den Immobiliemaart, an deen ass net ze toppen: am drëtten Trimester gouf et eng Hausse vun den Immobiliekreditter an der Gréisstenuerdnung vun 8,5%. Bei all dësen negativen Aussiichten gëtt et awer och eppes Positives: op den 1. Januar erfält eng Indextranche- obwuel och dat eppes Negatives ass fir d’Wirtschaft, schliislech gëtt alles ëm 2,5 % méi deier! All dës Zuele weisen däitlech: eiser Economie geet et esou schlecht, datt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider bal huet MUSSEN demissionnéieren. Oder, hoppla: ass et net éischter esou, datt et der Economie esou gutt geet, datt de Wirtschaftsminister iwwerflësseg ass?!

D’Motivatioun fir sech zeréckzezéien, ass jo och eng ganz aner: den Etienne geet, well et senger Meenung no un der Zäit ass, säin eegent Liewen zeréck ze fannen; awer och mat der Begrënnung, datt bei de leschte Parlamentswahlen hien a seng Partei alles aneschters wéi plebiszitéiert gi waren- et war jo och just e Verloscht vun der Bagatelle vun dräi Sëtz! Eng Feststelung, déi anerer schonn um Wahlowend gemaach haten, ma déi d’Genossen deemools net wollte wouer hunn, aus der einfacher Uursaach, datt een nach eemol wollt mat an d’Regierungsbett klammen. Fir den Etienne huet dat bedeit: e Joer no de Wahlen mat regéieren, dann demissionnéieren an am Mee d’Successioun vum Jeannot Krecké am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal untrieden. E bësselche Schued fir den Image vun dësem Politiker, deen an den éischte Joer vu Gambia 1 eng extreem wichteg Stäip war fir den neie Staatsminister Xavier Bettel.

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *