Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

E Kapitalist fir op d’Botterschmiér? 

E Kapitalist fir op d’Botterschmiér?
Image par Malcolm Brook de Pixabay

virun iwwer 100 Joer wor d’Situatioun zu Lëtzebuerg op engem Ponkt identesch mat där vun haut: et gouf absolutt net genuch Wunnechten! Op d’mannst net an deene Gemengen, wou sech an der Ëmgéigend Schmelzen néiergelooss haten. Vill Leit haten hiert Duerf verlooss, fir an déi Gemengen ze zéien, wou se op eng gutt Aarbechtsplaz konnten hoffen. An do huet d’ARBED eng gréisser Roll gespillt. D’Geschichtsprofessesch Nadine Schmitz schreiwt an hirem Artikel “Le paternalisme d’Emile Mayrisch” ganz däitlech: Aline Marisch, la dame du ‘grand patron’ ne laisse subsister aucun doute à cet égard: le logement, c’est là la véritable clef de toute la question sociale”! Dat si Wieder, déi een haut wuel kaum nach vun engem stramme Kapitalist ze héiere kritt!

D’ARBED huet mat gehollef sougenannten Aarbechterhaiser bauen ze loossen, déi éischt schon 1880. Ganz Aarbechter-Cité sinn entstaanen, wéi um Brill zu Dideleng, op Esch-Belval (Cité Raemerech-Weierwuues) oder och zu Esch/Schëffleng. All déi Haiser waren am Ufank just fir ze lounen: si goungen un déi Aarbechter, déi scho méi laang fir d’ARBED geschafft haten an et gouf no der Zesummestellung vum Stot gekuckt, also no der Zuel vun de Kanner. De Loyer huet 5% ausgemaach vum investéierte Kapital. Dat war fir d’Aarbechter eng gutt Saach, wéi de Paul Zahlen notéiert: zu Dideleng huet een fir esou en Haischen 45 Frang de Mount bezuelt, woubäi den normale Loyer an der Gemeng tëscht 150 an 180 Frang kascht huet. Den Aarbechter huet en Dag geschafft, an dann hat hien de Loyer scho bal ganz zesummen! D’ARBED huet zugläich den Aarbechter gehollef, fir sech eng Wunneg ze kafen: den hauseegene Pensiounsfong huet d’Suen virgestreckt, bis d’Spuerkeess de prêt accordéiert huet (dat huet déi Zäit bis zu engem Joer gedauert).

Image par Malcolm Brook de Pixabay

d’ARBED war och sos méi sozial, ewéi hire Ruff, op d’mannst ënnert dem Mayrisch! Schonn d’Enn vum 19. Joerhonnert gouf et eng Krankeversécherung fir d’Aarbechter, deen dovir 3 Prozent vun der Pei ofgehale krut an de Betrib huet annerhalwe Prozent kotiséiert. D’ARBED huet éischt kleng Kliniken opriichte gelooss, virbäi war d’Fondatioun Norbert Metz, 1878 koum d’Escher Spidol bäi. Et gouf e Jorescongé festgehaalen: no engem Déngschtjoer hat ee schonn 8 Deeg zegutt, no 25 geschaffte Joer waren et ëmmerhinn 30 Congésdeeg!

Jonggesellen kruten fir bëllegt Geld dortoiren zu Verfügung gestallt, et goufe Cantinnen a Casinoën, an et goufen ARBED-Epicerieën: Economat/La Sacha, wou exklusiv d’Mataarbechter vun der Schmelz méi bëlleg konnten akafen; schwanger Fraen kruuten no der Gebuert eng kleng prime, déi duergoung, datt d’Fra während 20 Deeg konnt eng Aushëllef fir doheem bezuelen. Well deemools d’Tuberkulose wäit verbreet war- besonnesch ënnert de Kanner- goufen Sanatoriummen gebaut, wéi zum Beispill um Kräizbierg ;et goufen Subsidien, flr déi Aarbechterkanner, déi wollte stodéieren an et gouf esouguer u Gaarde-Cité geduecht, Schrebergärten; op déi Manéier gouf et frëscht Geméis op den Dësch an de Mann war besser am Gaart beschäftecht, ewéi an de Bistro oder an de Puff ze goen.

D’ARBED huet um Ufank vun hirer Geschicht also extreem vill gemaach, fir d’Gesellschaft – wou de Staat nach éischter hannendra war- an natiirlech och fir sech selwer, well, e gesonnte Mataarbechter ass méi produktive ewéi e kranken. Wann d’ARBED eege Schoulen opgemaach huet, dann natiirlech och an der Optik, datt d’Aarbechterkanner herno och géingen fir d’Schmelz schaffen etc. Wann een allerdéngs de Verglach mécht mat haut, da kann ee just feststellen: eng ganz Partie Saachen si vun der Politik iwwerholl a verbessert ginn, op anere Punkten allerdéngs iwwerloossen déi grouss Betriiber léiwer dem Pappa Staat d’Autoritéit an d’Kompetenzen.

“…kann een grouss Betriiber, wéi google, net méi an d’Responsabilitéit mat abannen…?”

Google brauch méi Stroum – 10 Prozent vum Nationalverbrauch- ewéi Aarbechtskräften. Google ass op kee Fall mat enger ARBED ze vergläichen a kritt trotzdeem de Stroum verrechent, wéi wann si zur Schwéierindustrie déit gehéieren, am anere Fall wär den Interessi gläich null gewierscht! Wär et do net eng Iddi, et géing een an Zukunft esou engem Betriib d’Oplo maachen, dann och an den nationale Stroumréseau ze investéieren? Google brauch vill Elektresch, da soll d’Firma verpflicht ginn, en Deel “x” dovunner selwer a präissgënschteg ze produzéieren. Op d’mannst misst esou e Schwéiergewiicht, deem et net u Suen feelt, a gréng Produiten investéieren.

Image par Bela Geletneky de Pixabay

Kéint een esou eng grouss Gesellschaft net och dozou unhalen, fir hier Mataarbechter am Grand-Duché an de Steen ze investéieren?! Wuelverstaanen, näischt Fäerdeges opkafen, well dat de marché nach weider géing unhëtzen, ma selwer Terrain opkafen an nei Wunnechten opriichten? Ech erënneren un de Bréif, deen d’Duecher Andrée Mayrisch u säi Papp geschriwwen hat:” Il est traditionnel et logique que le patronat exerce son action politique à l’encontre d’une extension du domaine économique et social de l’Etat. Mais cette attitude du patronat comporte pour lui l’obligation d’assumer lui-même la responsabilité du bien-être de l’ouvrier, dans tous les domaines où ce bien-être n’est pas assumé par l’Etat….Parce que les chefs d’industrie ont cette immense puissance vis-à-vis du salarié, il en découle pour eux, le devoir d’assumer la responsabilité de son bien-être”. Zum bien-être gehéiert nun emol, zu Lëtzebuerg nach méi wéi sos, eng eege Wunneng.

Google kéint op e feste staff vu Leit zeréckgräifen an zugläich kräfteg Wuerzelen am Grand-Duché maachen. Gehéieren esou Iwwerleeungen net och an d’Diskussioun vun engem qualitative Wuësstëm?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *