Marc Cigrang: waren d’Nationalwahlen 2013 duerch d’SREL-Affär manipuléiert?

0
1465
Photo de Anna Shvets: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/main-animal-chien-animal-de-compagnie-4587991/

Den Här Cigrang hat virun e puer Deeg en interessante Bréif un de Staatsminister geschriwwen wat déi ablacklech Geschicht vum Här Frank Schneider betrëfft. Dee Mann ass iwwerzeegt, datt dës Geschicht mat enger anerer zesummenhänkt, nämlech mat der Aueren- oder mat der SREL-Geschicht. Ech frot hien, sech ze explizéieren…ëmsou méi, wou ech där nämmlechter Meenung sinn. Ech wäert bei Geleeënheet dorobber zeréckkommen. Elo huet d’Wuert de Marc Cigrang

No mengem oppene Bréif un de Staatsminister Bettel gouf ech vum Här Guy Kaiser gefrot, wat dat op sech huet mat där Allusioun op d’Walen 2013. Mee ganz einfach: well een di zwou Saachen, d‘Srel- Affär an d’Walen net auseneen hale kann, well se mateneen zimmlech verstréckt sinn an dat souwuel virun deene Walen wéi och dono. Wat dem Här Schneider haut geschitt ass an direkter Relatioun do dermat, eng Konsequenz sou ze soen. Hei firwat ech dat behaapten.

A menger Remark ronderëm d’Walen geet et mir méi em d‘Logik wéi em nei onbekannten Elementer där ech keng hunn . D’Faiten sinn jo mëttlerweil sou zimmlech all bekannt, an och ouni iergendwellech konspirativ Gedanken ze hunn, kann een haut, a soll een haut, zwee an zwee zesummerechnen. Erstaunlech ass dass keen dat esou richteg mécht, ma jiddereen kuckt sech seng Schong blengkech.

Här Kaiser, dier waart laang bei RTL an ech erënnere mech zimmlech gutt och un Är Kommentaren zu der Srel Affär wou och Dir net grad zimperlech mat deenen bekannten Srel Protagonisten ëmgaange sidd an dat an ärem typeschen Jargon an Tounfall.  Ech hat deemools schonns meng Zweiwel op dat ganzt net eng reng gespillten, opgebauschten a manipuléiert politesch Intrige war.  Den Här Bettel war jo deemools Member an der Kontrollkommissioun an dunn an der Enquetekommissioun wou hien awer ni komm ass an sech duerch d’Madamm Polfer vertriede gelooss huet. Firwat ? Mir erënneren eis sécher Allenzwee un d’Aussoen:  “Ech well net Premier ginn ma Buergermeeschter vun der Staat bleiwen”, asw. A no de Walen 2013 gouf d’Spill dunn kloer an et koum zu Gambia an deen dee ni wollt Staatsminister ginn gouf et dann dach an dat ganz ouni een Ablack ze zecken.

Ech ka mech och ganz gutt un de Saz vum Här Juncker erënneren wou hien zimmlech rosen, mee mat Retenue den Hären Bettel, Bausch a Meisch an der Chamber gesot huet : “Jongen, esou mécht een keng Politik“. Och deemools war Schongkucken ugesot bei deenen dräi. De Saz huet sech bei mir impregnéiert, ech gesinn di Zeen haut nach bildlech viru mir an dat huet mech och mat der Zäit derzou bruecht hei zwee an zwee zesummen ze zielen.

Da kennt no Joren d’Srel Affär endlech an de Prozess.  Ma déi hat dunns näischt méi mam Skandal vun 2012-13 ze dinn, war keen direkt Resultat vun der Enquetekommissioun méi a gouf dowéinst net am Zesummenhang mat der Demissioun Juncker gesinn oder gesat. De Prozess war reng baséiert op eng Plainte vum Loris Mariotto.  All di aner sougenannten Dysfonctionementer sinn et net ginn, oder a lauter non-lieux verschwonnen, mam Ziel dass dovun net méi geschwat ginn ass.

Fir mech waren d’Medien deemools instrumentaliséiert gi fir den Ënnergang vun der Juncker Regierung mat erbäi ze feieren. Si sinn, genau wei d’Bierger, schlussendlech manipuléiert ginn. Ech erënnere mech datt e puer Journalisten (frot mech elo net hier Nimm) monter mat manipuléiert hunn a sech als Lëtzebuerger Versioun vu Woodward a Bernstein duerno Präisser iwwerreecht hunn.  Et huet nach just gefeelt dass se den Här Juncker géingen derzou bréngen, wei de Nixon, an de Fliger ze klammen, sech uewen op der Trap ëmzedréien an daemlech ze wénken wéi deen aneren deemools.

Ma am Srel Prozess 2020 koum et zum Fräisproch.  De Parquet ass fatzeg am Embaras a mécht Appell deen hien nach emol verluer hätt, wann et da jee derzou komm wär.  

Do kennt di Saach mam Schneider dann wei geruff : de Parquet decidéiert iwwer Nuecht den Droit européen an dëser Matière ze ignoréieren an de Schneider gutt wäit ewech ze wënschen (Schrassig ass net wäit genuch) .  “Aus dem Auge aus dem Sinn”.  Ma net nëmmen dat.  De Parquet geheit den Appellsprozess an den aller-ënneschten Tirang an erspuert sech domat eng weider Néierlag. Di ganz Bettel Regierung, fir mech en ofgekachten Spill vun Ufank un, konnt an ass nëmmen legitiméiert ginn mat an duerch de Srel Skandal.  

Ma wou si mer dann ?  A wann et deen ni ginn ass, firwat ass de Juncker gefall ?

Politik ass eng Saach, si ass gewëss oft knaschteg.  Ma hei ass et awer sou richteg knaschteg ginn mat enger Instrumentaliséierung vun der Press di dat  jo haut och ganz sécher weess an esouguer e Maulkuerf ugedoe kritt a keng Meenung heizou dierfen ze hunn.  An dofir stiechen Är Kolleegen vun der Press de Kapp an de Sand oder ginn wei e puer, wei ech héieren, opfalend defensiv op Twitter, wei wann se kuerz virdru wären entlarvt ze ginn.

Fakt ass dass bis haut nëmmen zwee an der Srel Affär verurteelt gi sinn, den Här Kohnen deen e puer Autoen ze vill kaaf huet an den Francois Bausch, an dat och am Appell. Lëschteg ass och dass dem Här Bausch säin Affekot, sou weit ech weess, der Madame Tanson hiere Mann ass (d’Welt ass definitiv kleng, souguer am Grand Duché ….). Et muss also Grënn ginn fir de Frank Schneider wei den “l’homme avec le masque en fer” an d’Oublietten ze stiechen.  Et gëtt ëmmer vun der Gewaltentrennung geschwat oder sech dohannert verstoppt wann et grad arrangéiert.  Et muss natierlech des Gewaltentrennung ginn ma si muss awer an zwou Richtungen fonctionéieren.  

Hei gesäit et fatzeg duerno aus wei wann et tëscht Parquet an dem Staatsministere en gemeinsaamt Interesse gëtt (also keng Trennung mee eng Fusioun).  An dat ass esouguer zimmlech offensichtlech.  A grad do sinn elo d’Medien gefuerdert eis, d’Bierger vum Land, opzeklären.

Dat ass hier Flicht an hier Missioun, oder op mannst, mengen ech, sollt et se sinn.

Et geet jo hei net drëm fir den Här Schneider wäiss ze wëschen, mee et geet drëm dass e Lëtzebuerger, zu Lëtzebuerg vun engem Lëtzebuerger Geriicht soll jugéiert ginn. Wann en dann eng gestiicht hätt da soll en zu Lëtzebuerg eng Strof kréien a soss néirens. Et geet guer net dass den Här Schneider op engem bloen politeschen Altor soll geopfert ginn fir iergendwellech net novollzéibar Grënn (déi warscheinlech éischter perséinlecher Natur sinn). An, Här Premier Minister, wann ech mer dierf erlaben, loosst de Lucky Luke méi séier schéissen wei säi Schiet, dee kann dat besser. An dësem Sënn, nach eng Kéier, a bon entendeur salut.

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here