Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

Wie sech acrèmt, gëtt ageseeft! 

Wie sech acrèmt, gëtt ageseeft!
Photo de Shiny Diamond: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-avec-masque-blanc-3762555/

Gehéiert Dir och zu deenen déi vun Zäit zu Zäit den Tübe Zänncrème opschneiden fir mol ze kucken, wat nach alles esou dran ass, wann uewen näischt méi erauskënnt? Grad an der Lescht war ech perséinlech op deem Plang aktiv mat der Feststellung: et ass nach genuch Crème dran fir sech 3 bis 5 Deeg d’Zänn ze wäschen. De Plastik vum Tübe ass wuel bewosst esou kompakt, esou steif gemaach, datt et quasi onméiglech ass, de ganzen Inhalt no uewen eropgebrutscht ze kréien. Grond genuch, fir sech ze iergeren? Ech iwwerloossen Iech do d’Entscheedung selwer. Ma et gëtt Fäll, wou de Konsument tatsächlech mat System op d’A gedréckt gëtt!

Wéi gesot, ech war virwëtzeg ginn, hunn all Tübe wéi e corpus delicti betruecht a wéi e Patholog opgeschnidden. Ze soen an all Tübe, an all Flacon war nach eppes dra bliwwen dat e beim beschte Wëllen net erauskrut, et sief, et huet een op brachial Gewalt zeréckgegraff. Esou Iwwerreschter si séier wéineg iwwerraschend, ma bei engem Produit ass mir de Skalpell aus der Hand gefall. Eng Kierpercrème déi ee just an den Apdikten ze kafe kritt….an natierlech op  Amazon. Do gëtt sech richteg fett zerwéiert!

De Flacon ass 16,5 cm héich, d’Crème gëtt duerch Pompelen erausgedréckt. Wéi näischt méi aus dem Flacon ze huele war, hunn ech zougeschloen an de Plastik opgeschnidden: Crème war nach massiv dran, esou massiv, datt ech mat engem Meterband nogemooss hunn.

 

4,3 cm waren nach dran! Bei engem Flacon vu 16,5 cm Héicht mécht dat net grad e Véierel! Vu 400 Milliliter sinn dat der ronn 100! Bei engem Verkafspräis vun 27 Euro ginn dem Konsument iwwer 6 Euro duerch d’Päif! An do derhannert stécht System! Et ass ganz einfach technesch net méiglech, dee ganze Jus, Bulli erauszekréien, well de Schlauch vun der Pompel 4,3 cm ze kuerz ass. Duerchaus Gängsterméisseg!

Et kann een dës Crème och ouni Pompel kafen, einfach mat Stopp drop. An där Versioun allerdéngs kritt een si just am Flacon vun 200 Milliliter an zwar zu engem Verkafspräis vun 20 Euro. Wann een also wëll op déi 400 Milliliter kommen vun der Fläsch mat Pompel, muss een zweemol 20 Euro ausginn, ass gläich 40 Euro. Et ass een also dès le départ ëm 13 Euro gebiischt!

Wat maachen ech elo mat deem Wëssen? D’Mark vun der Crème geriichtlech usichen? Oder ganz einfach d’Mark wiesselen? Mä maachen si et net all d’nämmlecht, wéinstens bal all? De Konsumenteschutz gëllt just um Pobeier…..

Related posts

1 Comment

  1. Charel

    Firwat verbidden ons léiw Politiker zu Bréissel dat dann net? Zäit fir ons virzeschreiwen dass en elo de Stopp vun der Mëllech net méi ganz lassdréinen kann an een dann d’Haltschent nirwent de Kaffi sabbelt hun se jo?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *