Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Oh, si do uewen! 

Oh, si do uewen!
Bild von Gordon Johnson auf Pixabay

An dësen Oktave-Zäiten denke mir bei deem Saz natierlech fir d’éischt un d’Mutter Gottes, un d’Tréischterin an all eise Suergen. Ech selwer kann domadder (leider) näischt ufänken, ma ech kréien dee Saz zanter Joer ëmmer méi dacks ze héieren, allerdéngs an engem komplett anere Kontext: si do uewen, dat ass net d’Mamm am Himmel, si, dat ass d’Elite an eiser Gesellschaft, déi esou héich op der Sozialleeder steet, datt mir hei ënnen si net ze gesi kréien. Dat einfacht Vollek kennt si net, ma ass dovunner iwwerzeegt, datt si eis manipuléiert no Loscht a Laun: si do uewen sinn et, déi d’Gesellschaft dirigéieren, net d’Politik, also och net d’Vollek. D’Demokratie ass am Eemer!

Esou wär zum Beispill d’Press komplett vun hinnen ënnerhillegt ginn. D’Elite hätt sech d’Medie gekroopt, si ewéi Deeg gekniet an zu engem Mainstream zesummegebak. Grad a Pandemiezäiten krut een dat reegelméisseg ze héieren an net nëmmen um rietse Bord, duerchaus och um lénken: d’Press stécht mat der Elite ënnert enger Decken an also ass den Zeitungen, dem Radio an der Televisioun net ze trauen. Lügenpresse!

Dat hu mir erlieft beim Impfen awer och am abléckleche Krich an der Ukrain a grad esou am Noen-Osten. Ëmmer méi Leit sinn dovunner iwwerzeegt, datt mir einfacht Vollek eng bestëmmte gesellschaftlech a politesch Orientéierung virgeknat kréien. Derbäi kënnt de moraleschen Aspekt: wien déi Positioun unhëlt, gehéiert zu deene Gudden = GUTMENSCH. Déi aner si mënschefeindlech, ginn als Schwurbler, als Drecksäck ofgestempelt. Dat huet awer näischt mat Mega-Komplott ze dinn, -am Léifste planetaresch-, ma éischter mat eis selwer déi fräiwëlleg ofgedankt hunn, der Demokratie aus ville Frustratiounsgrënn de Réck gedréit hunn.

Dat mierkt een och an esou u sech banalen Diskussiounen ewéi dat ëm den Heescheverbuet. Wien sech traut, dat organiséiert Heeschen als dat dohinner ze stellen wat et ass, nämlech als mënschlech Sauerei, gëtt moralesch diskreditéiert. An do spillen d’Medien duerchaus eng wichteg Roll. Journaliste wëllen ëmmer méi dacks mat de groussen Hënn pisse goen, beweegen sech ëmmer méi wäit vum Vollek ewech, lauschteren deenen engen no ouni un déi aner ze denken. Et fëmmt ee gäre mat an der grousser Peter Stuyvesant-Welt- dacks och aus Frust.

Esou gesäit de Bierger a Medie-Konsument de Journalist als ofgehuewen, deen an héijere Sphäre lieft. Et entwéckelt sech eng Zort Entfremdung: déi eng Säit wëll net méi mat där anerer schwätzen. D’Konsequenz ass brutal: déi Ënnescht op der Sozialleeder refuséieren, sech iwwerhaapt nach an der Gesellschaft ze outen an iwwerloossen den Terrain vun der Kommunikatioun der sougenannter Elite.

Zu Schëmpech iergeren se sech zum Beispill, datt sech d’Zuel vun den Awunner (60!) verduebelt huet ewéi kierzlech en Asylantenheem opgoung; esou Leit ginn all ze gären an de rietsradikalen Eck gedréckt. Also soen si léiwer näischt, op alle Fall näischt ze vill, a meeschtens net, wat si denken. Deen Zenario widderhëlt sech bei deene verschiddenste Geleeënheeten, all Kéiers wann d’Gemidder héich kachen. D’Politiker jéimeren dann, datt si déi aner Säit net mé erreechen, mol net via Twitter a Facebook. En Discours fir déi Dafstomm.

Am Circuit vun de Meenungen an Iwwerzeegunge gëtt et tatsächlech e Kuerzen. Et gëtt sech net méi ausgetosch. An esou wielen déi eng rietspopulistesch fir déi aner baschten ze doen. Oh, du do uewen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *