Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Schnoken

No 40 Joer a baal an de politesche Parteien! 

No 40 Joer a baal an de politesche Parteien!
RTL

UU sech wollt ech Däitschproff ginn, ma et koum alles aaneschters wéi geplangt! Meng Mamm gouf schwéier kriibskrank, ech hunn d’Bengelen bei d’Tromm gehäit a goung fir 1 Stonn an eng Administratioun schaffen a vun do aus, hellewech op Paräis an eng Journalisteschoul. Ech gouf och direkt eng Zeitung eraus: de Brandstëfter. Haut sinn ech doriwwer e bësselchen genéiert, well dat Ganzt wor natiirlech jugendlech-naïv, an ech hunn déi Zort vu Journalismus mëssbraucht, fir dem Lieser ze soen, wat hien ze denken huet. Intolerant, wéi een nun emol ass mat 20 Joer, quoi! Allerdéngs wor net alles falsch, just senger Zäit viraus. An där Zeitung gouf et zum Beispill e Formulär, fir aus der kathoulescher Kierch auszetrieden. Dommerweis huet mäi Papp als Schoulmeeschter iwwer 20 Joer als fräie Mataarbechter am Lëtzebuerger Wort geschafft. No der éischter Editioun vum Brandstëfter krut hien  vum Abbé André Heiderscheid eng Standpauke gehaalen iwwer säi mëssrodene Fils; no der 4. Editioun krut hien gekënnecht. Duerno goung de Papp eriwwer an d’Tageblatt, fir do bäino 30 Joer matzeschaffen. 40 Joer duerno ass d’Trennung tëscht Kierch(en) a Staat offizialiséiert, esou wéi et an engem modern Staat soll sinn, ouni Haass op reljiéis Gedanken, Meenungen an Iwwerzeegungen.

 

Zwee Joer drop hunn ech bei Radio Lëtzebuerg ugefaangen. Ech hat nawell vill Hoer um Kapp, wollt déi net ewechschneide loosen a gouf de Richelieu oder den d’Artagnan genannt. Ech gouf zum politesch roude Spektrum geziélt. Ugangs vun den 80 ger Joer hat d’LSAP – an der Oppositioun- Kongress; deemools hunn esou Kongresser nach e ganzen Dag gedauert: Moies um 9 goung et lass, da gouf iergendwann Mëttespaus gemaach an et gouf net nëmmen Kaffi a Kuch, ma och e bësselchen Alkohol. D’Stëmmung war also gutt am Nomëtten, et gouf op d’CSV-DP-Koalitioun geklappt an den LSAP-Fraktiounschef Maurice Thoss huet sech zu der Ausso hiräisse gelooss:”…an um Enn vum Mount kënnt eng Enveloppe vun der DP beim RTL-Reporter unn!” Ech hat deen Extrait mat a mäi Reportage agebaut – ouni Comment, mam Resultat, datt d’Noolauschterer sech bei eis massiv iwwer déi Ausso gëiergert hunn an de Chefredakter-adjoint Pilo Fonck op der Antenne eng Excuse verlaangt huet. De Maurice Thoss huet dat 48 Stonnen drop gemaach; 6 Méint drop war hien net méi Fraktiounschef. Ech hat zwou Saache geléiert : RTL gouf deemols vu verschiddene Säiten als bloe Sender gesinn- wahrscheinlech, well d’Regierungskoalitioun 5 Joer virdrun vun engem Gaston Thorn gefouert gi war, an zweetens un d’Adresse vun de Politiker : maach ni e Medienhaus fir deng eege Schwächten, fir deng politesch Néierlaag responsabel, well dee Schoss geet no hanne lass.

An der nämmlechter Zäit hunn ech zwou table-rondën mat Homosexuelle gefouert, zweemol annerhallef Stonn Owes no 19 Auer. Fréier ass nach esou laang Radio gelauschtert ginn, haut net méi sech virzestellen. Déi Homosexuell hunn iwwer hir Probleemer geschwaat, doheem am Famillgekrees an och dobaussen an der Gesellschaft respektéiert ze ginn. Grouss Deeler vun der Populatioun waren entsaat a muenchereen war iwwerzeegt, datt ech och e Lénkse wier. Den CSV-Deputéierten Marc Fischbach, deemools ganz nei an der Politik, huet eng question parlementaire gestalt, ob RTL a säi Reporter Guy Kaiser näischt Besseres ze dinn hätten, wéi esou eng table-ronde ze diffuséieren. De Staatsminister Pierre Werner huet perséinlech doropper reagéiert. Mäi Wee als sougenannte roude Reporter vum Sender mam roude Micro war also virgezeechent! Dobäi war ech realistesch genuch, fir ze wëssen, datt et seng Zäit an der Gesellschaft bräicht, bis datt d’Homosexualitéit integral acceptéiert ass. 40 Joer duerno koum endlech de marriage pour tous!

 

An där Zäit waren nach ëmmer d’Nowéien vun der Stolkriis ze spiiren, et gouf fatzeg diskutéiert an d’Kommunisten bloufen sech trei, op enger Pressekonferenz d’Verstaatlechung vun der ARBED ze froen. De Chefredakter hat mech op déi PK geschéckt an ech hat mech vun Esch iwwer Telefon an d’Villa Louvigny gemelt, fir en éischte Reportage ze maachen. Schonn deemols hat ech de Pech, eng fest Stëmm ze hunn an deementspriechend iwwerzeegend eriwwer ze kommen. D’Lëtzebuerger Wort huet reagéiert, och d’CSV: mäi Reportage gouf gelies a gelauschtert,

Luxemburger wort

ma et konnt kee Feeler festgestalt ginn…ech gouf net entlooss….ma anscheinend war ech e bësselche kommunistesch ugehaucht. Tatsächlech war ech dräi Méint Member vun der KP, ma wéi ech vum Parteichef René Urbany – e saufeine Mënsch- verbuede krut, Concerten an eng Kierch lauschteren ze goen, hunn ech mech huerteg  zeréckgezunn, mat der Feststellung:les partis sont faits pour les hommes, mais les hommes ne sont pas faits pour les partis!

 

Ëm déi nämmlecht Zäit wollt ech mech soziaal engagéieren an hunn eng éischte Kéier iwwerhaapt eng OGBL-Lëscht fir d’Delegatiounswahlen bei RTL opgestallt. Onerhéiert! RTL war bis dohinner en honnertprozentecht Nascht vun der F.E.P. (Privatbeamtegewerkschaft). Déi vu Riets hu schaarf doropper reagéiert, well bis dohinner gouf et ëmmer eng F.E.P.-LCGB-Koalitioun bei RTL.

Luxemburger Wort

Am Lëtzebuerger Wort huet e feigen Hond ënnert dem Anonymat mam Broutkuerf gewénkt: neutral ass een, wann ee schwaarz ass; blo ass nach esou just acceptabel, ma rout geet guer net! Ech krut an den zwee éischten Uleef ni eng ganz Lëscht zesummen, ma 15 Joer duerno huet et iwwer Ëmweeër geklappt: ech gouf Delegatiounspresident, an zwar den éischte “rouden” an der Geschicht vun RTL an d’F.E.P. ass lues ma sécher aus der Gewerkschaftsszen verschwonnen. A ween OGBL seet, denkt automatesch un LSAP! Ech wor definitive an der Aarbechterpartei ukomm, obwuel ech ni Member war.

 

Bei  der CLT-UFA ass u sech ëmmer alles roueg ofgelaaf, ausser an där Period, wou ech Delegatiounspresident war. Do goung et ganz héich hir, net nëmmen am Lëtzebuerger Programm, ma an der ganzer Gesellschaft. Et koum zu Changementer am Aktionariat – déi Däitsch koume bäi-, Changementer an der Direktioun, déi direkt als Message lass gouf: “Dir Lëtzebuerger kascht ze deier”. Et gouf alles op d’Kopp gestalt, villes hannerfrot, an d’Leit waren veronséchert. Eng hefteg Zäit, mat engem Kollektivvertrag, wou d’Akommes vum salarié zu engem Deel op d’Leeschtung  ausgewäert gouf. No 4 Joer – och als President vum europäesche Comité mixte- war ech nervlech um Enn an hunn demissionéiert. Doriwwer war de Casteg’s John net frou, mir krute Butteck an ech koum no 16 Joer Asaaz beim OGBL zur Konklusioun: dat war et dann! Elo zu 100 Prozent Journalismus.

An den 90-ger Joer gouf et net nëmme Krich am Irak, ma de ganze Balkan stoung no an no a Flaamen. De Grand-Duché huet iwwer 3000 Flüchtlingen aus dem fréieren Jugoslawien opgeholl a si koumen zimmlech beieneen. am Grand-Duché un. D’Ausstellungshaalen um Kierchbierg waren iwwerfëllt, et huet ee Fotoen an der Presse gesinn, wou all dës Leit hannert de Gitter stoungen, ze fëmmen, oder d’Wäsch opzehänken. Je, et war alles e bësselchen en Duergerneen an ech hunn am RTL-Owesjournal den CSV-Vertrieder Laurent Mosar gefrot:”3000 Flüchtlingen! Sinn dat der net e bësselche vill?” Den Interview war zimmlech séier decidéiert ginn a war live. Mat menger Fro hat ech mat gemengt: “wësse mir, wat mir mat deene Leit ufänken? Si kënne jo net éiweg an der Luxexpo kludderen! Wou kommen déi Leit sos ënnerdaag? Wat maache mir, fir se ze integréieren?” En Deel vun der ‘onofhänger’ Press hat mir mäin Depart beim OGBL net verziehen, an esou gouf ech nom Interview an de Krees gestalt vun der ADR, wat esou vill wëll soen, ewéi an de rietsextreemen Eck. Dee Spronk war mir also zimmlech séier gegléckt!

 

Epuer Joer drop ass mäi Papp gestuerwen, an ‘ à l’approche de la cinquantaine’ hunn ech gemengt, et wier gutt, de Beruff ze wiesselen. De Lucien Thiel huet mech gefrot, als Kommunikatiounsmënsch bei d’ABBL schaffen ze goen, d ’associatioun vun de Banken a Bankier. De Finanzsecteur huet mech scho méi laang interesséiert, ech hunn zougesoot. De Luss hat mir näischt gesot, datt hie géing fir d’Parlamentswahle kandidéieren. Wéi dat lues duerchgesickert ass, huet jiddereen natiirlech un d’DP geduecht a verschidde politesch Observateuren hu mech och nees an der DP gesinn, bis d’Bomm  geplatzt ass a bekannt gouf, datt de Luss fir d’CSV an d’Renne goung. Wor de Kaiser deen Ament schwaarz?! Bal net ze gleewen! D’Interpretatioun loung op der Hand, well ech war kuerz viru mengem Depart bei RTL bei den LCGB eriwwergewiesselt. Dat war zwar net ganz propper, ma well ech am Clinch war mam John wollt ech him eng erëm dicksen. Ech gouf tatsächlech an den Delegatiounswahlen gewielt fir schonn no e puer Méint mäi Mandat ofzeginn, well ech jo bei d’ABBL eriwwergoung. Wéi gesot, net ganz propper, ma esou Saache mécht een, wann een ënnerlech opgewullt ass. Ech war déi Zäit duerchaus rancunier vis-à-vis vum John, ma ech hat mir beim beschte Wëllen net konne virstellen, datt déi kuerz Period vun LCGB (sic:CSV) esou laang géing u mir peche bleiwen. Ech wor also – och duerch d’Frëndschaft mam Lucien Thiel- an der CSV ukomm!

 

Fazit no 38 Joer: ech wor an der KP, an der DP, an der LSAP, an der ADR an an der CSV; e bësselche bedaueren ech schonn, net och eng Kéier bei deene Grénge gewierscht ze sinn. Ausgerechent net beim leschte Wahlgewënner! Mä, villäichgt sinn ech jo kritesche Symphatisant….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *