Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Divers

Causa Frank Schneider: d’Affekotin Lydie Lorang schwätzt Tacheles 

Causa Frank Schneider: d’Affekotin Lydie Lorang schwätzt Tacheles
Photo de EKATERINA BOLOVTSOVA provenant de Pexels

                                            

Den Desintressi vun der lëtzebuerger Press um Fall Frank Schneider ass scho bal grad esou abstrus ewéi d’Behuelen vun der lëtzebuerger Justiz, déi den Ament refuséiert, och nëmmen de klenge Fanger kromm ze maachen. De fréiere Chef vum Geheimdéngscht gouf Enn Abrëll heifir a Frankräich festgeholl a waart a Cassatioun op de Verdikt, ob oder ob net hien un d’Amerikaner ausgeliwwert gëtt. D’Politik hält sech grad esou zeréck – ofgesinn vun enger question parlementaire vum CSV-Duo Gilles Roth/Laurent Mosar-, mam Verweis op d’Gewaltentrennung.

De Frank Schneider huet dräi Affekoten, een op franséischer Säit, zwee op Lëtzebuerger. Et sinn dat de Paul Urbany an d’Lydie Lorang, déi ech viru Wochen op dëser Websäit am schrëftlechen Interview hat. De Marc Thoma huet elo den Nol e Stéck méi déif ageschloen an een Interview mat där Madamm virun der Kamera gemaach.

Dat Gespréich gouf, grad wéi déi Woch virdrun mam Schneider selwer, op apart.tv diffuséiert. Ech krut d’Erlabnis, d’Emissioun och op mäi Site ze setzen. Et sinn intressant Aussoen vun der Affekotin, déi hir Spueren a juristesche Kreesser wäerten hannerloossen.

À déguster sans modération!

 

Dem Marc Thoma seng Emissioun kënnt all Dënschdes Owes op apart.tv https://www.apart-tv.com

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Gutes interview was dasjenige von f.schneider ergaenzt.
    Anstatt sich um diese causa zu kuemmern laeuft unser aussenminister lieber herum und fraternisiert mit ukrainischen banderisten und hofiert fracking biden.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *