Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Wat elo, Madame Tanson? 

Wat elo, Madame Tanson?
Image by Tumisu on Pixabay

De leschten Dag am Februar hat et a sech: do koumen Chifferen eraus vum Observatoire de l’habitat! A waat een ëmmer esou geduecht huet, gouf schwaarz op wäiss confirméiert. 10 Prozent vun de Proprietairen gehéieren 60 Prozent vum Gesamtwäert vun allen Terrain, dat bedeit, datt mir mol mat Sécherheet 1600 Millionären hunn. Felicitatiounen! Et wëll keen Ierch d’Geld ewechhuelen. Ma déi Terrain leie brooch, dausende Leit waarden op eng Wunneng, an esou klammen d’Präisser weider.

D’Ministesch Sam Tanson ass einstweilen op deem Punkt ukomm, wou scho vill aner Minister virun hir gelannt waren: et muss manner lukrativ gemaach ginn fir Leit, déi den Terrain net wëlle bebaue loossen. Alt nees engkéier, d’Stéchwuert: d’Eropsetzen vun der Grondsteier. Déi ass souwisou just e Witz zu Lëtzebuerg, si gouf zanter den Nazi net méi bei eis verännert. Villäicht setzt sech d’Madame Tanson jo duerch, wee weess?! Ma, ech hu meng arithmetesch a politesch Zweiwel.

Fir d’éischt, d’Gerechens. Tëscht 2010 an 2017 goungen d’Präisser vun de Bauterrain

image credits:pixabay

am Schnétt all Joer ëm 6,1 Prozent an d’Lut. Wann ech also en Terrain hätt fir e Wäert vun 500.000 Euro, kéint ech  Joer fir Joer mat enger plus-value rechnen vun 30.500 Euro, just spekulativ, net cash an d’Täsch. Dat géing bedeiten, datt déi steierlech Stroofen fir dësen Terrain missten extreem héich leien, villäicht net bei 30.000, mä awer op d’mannst bei 20.000 Euro/Joer! Vergiess mer net, datt et sech hei net eenzeg an eleng ëm Bomercher handelt, déi den Terrain fir hir Enkelkanner wëll brooch leie loossen. Hei handelt et sech dacks ëm Leit mat vill Suen, déi sech et also leeschte kënnen, relativ héich Stroofen ze berappen an nawell op d’Zäit spekuléieren an ëmmer nach Gewënn maachen. Et stellen sech och aner Froen: gëtt d’Grondsteier allgemeng adaptéiert? Wa jo, ëm wéivill? An, handelt et sech bei de Steieren op Broochland ëm steierlech Strofen? Ech hoffe schonn, datt do eng Differenz gemaach gëtt! Et muss jo net mam Läffel an de Bräi gefacht ginn, esou wéi dat den LSAP-President gemengt huet, mussen ze maachen!

Da zu menge politeschen Zweiwel:

image credits:pixabay

d’Grondsteier ass en héich sensibelt  Thema. D’Besëtzer vun enger Wunnecht hu laang gespuert, sinn déck verschëld a kënnen deemno net op Daiwel komm eraus mat esou enger Steier beluecht ginn. A bei deenen “décke” Proprietairen ass et esou, datt déi net méi eleng zum Elekorat vun DP an CSV gehéieren, ma grad esou zu der LSAP an zu deene Gréngen. Wat fir eng Partei ass do esou blöd a schéisst sech selwer of?

D’Wunnen gëtt méi deier, an och d’Bauen. Dat huet zum gudden Deel eppes dermatter ze dinn, datt nach just Passiv-Haiser däerfe gebaut ginn. Domatter gëtt selwer en Haus bauen quasi zur Onméiglechkeet. Appartementer ëm déi 80 Quadratmeter, déi virun der A+ Aera an d’Lut gestemmt gi waren, si bannent engem Joer ëm bal 11 Prozent am Präis geklommen; déi passiv Appartementer (80 Quadratmeter) sinn dogéint nëmmen ëm 0,6 Prozent méi deier ginn. Offiziell Explikatioun: wéinst dem souwisou méi héige Präiss sinn déi net esou gesicht.Wat ech perséinlech derbei setzen: vill Leit si skeptesch vis-à-vis vun dem Passiv-Wunnen: et wëll een d’Méiglechkeet behalen, och mol kënnen eng Fënster opzemaachen, wann ee grad Loscht dozou huet. An et sinn net grad wéineg där neier Haiser, déi schonn no kuerzer Zäit eng gréngelzéch Fuerf un d’Fassade kréien…

.

Als gutt Noriicht gouf verkaaf, datt et zu Lëtzebuerg 2846 Hektar Bauland gëtt. Ass et och. Ma déi Zuel läit elo der Ministesch am Genéck, ëmsou méi wou iwwer 300 Hektar am Besëtz sinn vun der ëffentlecher Hand a wou et fir 940 Hektar sougenannte “Baulücken” gëtt. Et besteet also duerchaus d’Méiglechkeet, ze bauen; wann näischt oder net vill geschitt, läit et un der Politik: d’Quittung geet un d’Ministesch! Wat déi lescht 20 Joer wouer war, ka fir d’Zukunft net falsch sinn…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *