Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

E Gesondheetscheck-up fir ‘d’Kiffance’ an (un) der Politik 

E Gesondheetscheck-up fir ‘d’Kiffance’ an (un) der Politik
Photo de Karolina Grabowska: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/medecin-sante-medical-science-4047077/

Éischt Blieder fänken un, giel ze ginn. Et dauert net méi laang, da falen se vun de Beem. Et hierschtst. Éischt Blieder landen a menger Bréifkëscht. Si sinn giel, gréng, rout, blo, konterbont. D’Wahlcampagne huet ugefaangen. Ier de Bierger sech prett mécht fir op de Griewer ze stoen an de Wanter an der Krëppchen ze verbréngen, muss hien nach bei Laun gehale ginn, den 8.Oktober säi Kräiz op déi richteg Plaz ze droen. Entertainment pur kënnt op eis duer! Dobäi ass Politik eppes duerchaus Eeschtes.

Esou eescht, datt a Frankräich d’Deputéierten Mme Annie CHAPELIER virun zwee Joer eng Gesetzpropositioun agereecht hat mam Titel: dépôt d’un certificat médical d’aptitude
à la fonction d’élu. https://bit.ly/3sw5x8s Doranner heescht et ë.a.: « Art. L. 44‑1. – Chaque personne déclarée candidate à une élection doit présenter un certificat médical attestant de sa capacité physique à pouvoir exercer le mandat visé par l’élection et de ses aptitudes à répondre aux exigences qu’imposent cette fonction d’élu. »  Wien sech also fir d’Gemengen- oder d’Nationalwahlen opstellt, muss och beweise kënnen, datt hien gesondheetlech dozou am Stand ass spéider seng Funktioun als Gewieltenen kënnen z’iwwerhuelen. Grad a Frankräich haten et bekanntlech vill Diskussioune ginn ronderëm d’Gesondheet vun  verschiddene Staats-Presidenten.

De Georges Pompidou sot, hien hätt d’Gripp an hat a Wierklechkeet Kriibs. De François Mitterrand hat grad esou gelunn, dobäi war den Doud him schonn an d’Gesiicht geschriwwen. De Jacques Chirac hat en Hiereschlag gemaach – zwar nëmmen e Klengen- an huet an der Ëffentlechkeet vun engem “Pépin” geschwat. Wéi dat alles nodréiglech bekannt gouf, koumen Bicher eraus mam Titel ewéi “ Ces malades qui nous gouvernent“: grad de President deen d’Muecht huet, am Eeschtfall op de rouden Atomknäppchen ze drécken, muss liwwereg sinn am Kapp!

An Amerika steet dat esou guer an der Verfassung. Ass de President schwéier krank, kann hien géint säi Wëllen ofgesat ginn. Wat awer zugläich net verhënnert, datt de President zwar gesondheetlech ok ass, an nawell komplett jaus am Kapp ka sinn! Wat huet dat elo mam Lëtzebuerger 8. Oktober ze dinn? Näischt!

Mir hu keen esou ee Gesetz. Mir hunn jo och kee roude Knäppchen. A wann dann emol de Staatsminister oder sos e Mandatär de Schnapp huet, da gi mir et souwisou séier duerch de klenge Beschass gewuer. Iwwerhaapt: esou kuerz virun de Wahlen kréie mir dat respektiivt Gesetz net aus dem Hutt gezaubert. An nawell wier et eng Iddi, wann wéinstens déi 4 Top-Spëtzekandidaten op deem Plang géingen pro-aktiv ginn.

“…Bettel, Lenert, Tanson a Frieden…”

missten jo top-fit sinn fir hiert spéidert Mandat, sief et als Premier, sief et als Minister oder als Oppositiounsleader. Si Véier kéinte jo op fräiwëlleger Basis bei den Dokter goen a sech zertifiéiere loossen, datt si gesondheetlech op der Héicht sinn, datt si och net ofhängeg sinn vu Medikamenter oder Drogen. Eng gutt Geleeënheet fir déi eng oder aner Rümeur mat engem Schlag aus der Welt ze schafen! Eng Hoerprouf deet net wéi a si litt net.

Multi-Konzerner verlaangen schonn zanter Joerzéngten esou een Check-up vun hiren Top-Manager. D’Politik zu Lëtzebuerg ass zwar am Verglach zu Frankräich oder den USA just e Kamellebuttek an nawell wier et en Zeechen vun Transparenz, wann déi Véier ënnert sech géingen eens ginn. U sech onnëtz Genëschels aus Pësperkëschten ewéi de Groussgaasseck oder déi sozial Medien kéint propper an effikass gestoppt ginn. Rumeuren sinn Gëft an der Politik!

Dat franséischt Wuert Kiffance kënnt wuel vum Arabeschen kiffen, gëtt haut allerdengs ganz allgemeng benotzt als moderne Synonym fir Loscht oder Pläséier.

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Eierlech gesot,haer Kaiser,dat doten schengt mer eng schnapsidee.
    Ofgesin dovun datt dei 4 helden secher problemlos en dokter fannen den hinnen e certificat de complaisance giff ausstellen (siehe de fall mitterrand ) giff sou eppes och geint de secret medical verstoussen .
    An ausserdem gett et mei valabel grenn deen een oder aneren vun hinnen net ze stemmen wei d wessen dass se eng krankheet hun oder koksen oder zevill cognac drenken.

    1. Guy Kaiser

      Et ka sech jo drop gëenegt ginn, datt déi 4 bei een an deen nämmlechten Dokter ginn. A Frankräich ginn déi zoustänneg Dokteren per GHesetz festgeluegt

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *