Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Lompe sténke geheiereg! 

D’Lompe sténke geheiereg!
Image parQuinn Kampschroer de Pixabay

Gëschter war déi éischt Sëtzung zanter der parlamentarescher Rentrée vun der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet an et goung – wee wonnert et?!- ëm d’Geschicht vun de geheime casier, respektiv Fichier. Et ass wuel net falsch, wéi RTL schreiwt, datt d’Oppositioun iwwer eng Spezialkommissioun huet ofstëmme gelooss, déi an Zukunft sech speziell ëm dëse Volet ze këmmeren hätt, an awer entsprécht et net der ganzer Wouerecht. Esou eng Spezialkommissioun war nämlech net, wéi ee kéint unhuelen, vun der CSV an d’Gespréich bruecht ginn, ma vun enger Regierungspartei!

 

Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger huet nämlech mat der Ausso iwwerrascht, datt hien e leschte Samschdeg de Premier Xavier Bettel an der RTL-Emissioun Background gelauschtert hat an datt hien do

image credits: DP

eraushéieren hätt, wéi wann de Staatsminister absolutt näischt géint esou eng Spezialkommissioun anzewennen hätt: an deem Gremium kéint a Rou alles duerchdiskutéiert ginn en vue fir déi verschidde Fichier konform ze maachen zum relativ rezenten Dateschutzgesetz. D’Initiative koum also vun der gréisster Regierungspartei. No deenen Aussoen krut den zoustännege Minister François Bausch e roude Kapp an huet sech zu der Ausso hiräisse gelooss: hien hätt och de Premier gelauschtert an dobäi absolutt näischt vun esou enger Spezialkommissioun erausgehéiert. Dobäi gëtt ëmmer gesot: 4 Oueren héiere méi ewéi zwee! Ma hei war et evident: de François Bausch wollt näischt vun esou enger Spezialkommissioun wëssen, an déi zwee Politiker ware sech virun den Aan vun den Oppositiounsvertriéder an d’Hoer geroden. D’CSV huet sech net laang fléiwe gelooss an huet d’Initiative vum Eugène Berger begréisst an direkt e Vote gefrot. Doroberhinn krut den Eugène Berger kaal Féiss an huet gemengt, et misst een d’Iddi vun esou enger Kommissioun fir d’éischt gutt duerchdiskutéieren, et misst och am Bureau vun der Chamber driwwer geschwat ginn….kuerz, de Mann huet seng Iddi zeréck gezunn. Zum Vote koum et trotzdeem, ma do huet d’Oppositioun 8:7 verluer.

 

D’Initiative vum DP-Fraktiounschef ass politesch interessant a léisst déif blécken; et héiert een nämlech, datt déi zwou Säiten – Blo a Gréng- sech richteg roosen an d’Gesiicht gekuckt hätten, wat u sech d’Confirmatioun ass vun deem, wat ee schonn um Wahlsonndeg bei der DP ze héiere kruut: nëmmen een Deel vun der Partei war an ass fir eng zweet Editioun vun der Dräierkoalitioun. D’Lompe sténken tëscht der demokratesher Partei an den Ekologisten. Et erënnert ee sech, wéi ratz-fatz d’stater Buergermeeschteg Lydie Polfer déi Gréng als Koalitiounspartner  um Knuedeler fale gelooss hat; et muss een och an Direktioun Déifferdéng kucken: den député-maire Roberto Traversini ass elo schonn politesch doud, an deem Sënn, datt hien net méi a Fro kënnt, iergendwann an d’Regierung nozeréckelen; am schäerfste geschoss hunn do iwwregens déi Blo. Hätt d’Parteipresidentin Corinne Cahen intervenéiert am Sënn vum Koalitiounsfridden, hätt déi lokal DP-Sektioun sech net gemuckst. Esou awer ass de Wee fräi, fir an engem ‘Skandal’ ze wullen, wou awer mol nach déi nächst Sëtzung vum déifferdénger Gemengerot ofzewaarde bleiwt, an natiirlech och d’Aussoen vum Buergermeeschter selwer, wat d’Aarbechten u sengem Haus, Gaardenhaischen a Beem ugeet. A last but not least feelt an der Dräierkoalitioun den Ament de Felix Braz.

Iwwerspëtzt formuléiert: de Roberto Traversini huet et an dësen Deeg an der Hand: wann hien sech eppes virzewerfen huet, misst hien un der Spëtzt vun der Gemeng demissionéieren. Bleiwt hien deen Ament nach Deputéierten? Fir déi Gréng oder als Onoofhängegen? A wann d’Virwërf géint seng Persoun sech sollte confirméieren, da bleiwen  an dëser Affaire d’Kollateralschied ofzewaarden fir d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg..

 

                                              “…Frieden,Freude,Eierkuchen,

dat war gëschter…”

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *