Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Casier-Geschicht an de Fr.Bausch: Angscht virum eegene Courage? 

D’Casier-Geschicht an de Fr.Bausch: Angscht virum eegene Courage?
Image parSteve Buissinne de Pixabay

Am Hierscht- virun de leschte Wahlen- war déi politesch Situatioun alles aneschters wéi kloer: déi meescht vun eis waren iwwerzeegt, datt d’Experiment GAMBIA net géing an d’Verlängerung goen, ëmsou méi, wou de Politmonitor vun RTL a Wort an déi Richtung gewisen huet, datt d’CSV géing méi staark ginn; deemools war de Feeler gemaach ginn, datt de Sondage net bis kuerz virum  Wahlsonndeg gemaach gi war, an esou seet deen nächste Politmonitor, deen an den nächsten Deeg soll erauskommen, grad esou wéineg aus. Wat awer evident ass: well et eng zweet Editioun gouf vun der Dräierkoalitioun, ass déi politesch Landschaft an zwee Campën agedeelt: engersäits déi dräi Mousquetaire, anerersäits déi Konservativ; déi kleng Parteien spillen just de Rôle: wee ka weem nach en zousätzlecht Mandat ofergatteren. Fir de Räscht ass et kloer: et gëtt een seng Stëmm enger vun den dräi Regierungsparteien, well een mat der Aarbecht vun där Partei a vun der Regierung in globo averstaanen ass oder et wielt een déi Konservativ. Dowéinst war d’Néierlag vun der CSV jo esou sauer: si huet sech op der Säit vun de Gewënner gesinn an de Wieler huet an der leschter ligne droite seng Meenung geännert: mat enger CSV un der Muecht a mat engem Claude Wiseler als Staatsministter huet een kee renouveau wollen/konne feststellen!

 

D’CSV huet dat verstaanen an endlech mat hirer Oppositiounspolitik ugefaangen. Quasi keen Dag vergeet, wou net eng question parlementaire gestallt, eng Interpellatioun gefrot gëtt, an den Duo Mosar/Roth jot abëns déi Gréng viru sech hir, mat der Affaire ëm de geheime casier, där et finalement méi wéi een eenzege gëtt. Datt mir déi nächste Kéier wäerten eng Blockwahl hunn, spigelt sech extreem gudd an de Kommentairen  an de soziale Medien erëm: wann eng vun den dräi Regierungsparteien op engem Punkt kritizéiert gëtt, da gëtt reegelméisseg souzesoen am Numm vu Gambia geäntwert, am genre: et géing jo just drëm goen, d’Regierung erof ze maachen; ëmgedréit ass et grad esou wouer: ween op engem Ponkt mat der CSV averstaanen ass, gëtt direkt als Pechschwaarzen dohinnergestallt, als Reaktionnär, munnechmol esouguer an dee brongen Eck.

 

A m Beschte mierkt een et an der ablacklecher Diskussioun/Polemik rondrëm de sougenannte geheime Casier. D’CSV ass do duerchaus an hirem Rôle als Oppositiounspartei, fir an där Affaire ze wullen an op Mëssstänn opmierksam ze maachen, an d’Regierungssymphatisanten äntwerten, et géing der Partei just drëm goen, mat enger neier “SREL-Affaire” ze kommen, souzesoen als Retourkutsch fir déi eigentlech SREL-Affaire am Joer 2013. Ee vun de Commentateuren goung esou wäit, ze schreiwen:“dann hun se de Felix (Braz) endlech kleng kritt. Dobäi ass et déi normaalste Saach an der Politik, datt d’Oppositioun probéiert, d’Geschäfter vun der Regierung schlecht ze rieden a schliisslech ass de Parlamentarier do, fir d’Regierung ze kontrolléieren! Dat nennt de François Bausch: “ech wëll net, datt mir permanent am Skandalmodus sinn”. Beim Alex Bodry héiert sech dat méi gedam un:“Mir mussen zesummenhalen an zesummen eng Léisung fannen”. Well, et ass kloer, d’CSV huet aus hirer Vergaangenheet eng Responsabilitéit fir dee Schlamassel matzedroen a muss in fine d’Verbesserungen vum Gesetz (bis den nächste Summer, dixit Bausch) mat hëllefen, op den Instanzewee ze schécken.

 

D’Haaptresponsabilitéit läit awer ouni Zweiwel bei deenen dräi Parteien, déi zanter net grad 6 Joer un der Muecht sinn an et mécht kee Sënn, déi Affaire wolle kleng ze schwätzen; esou laang de François Bausch dat net agesäit, kënnen déi Konservativ mat zousätzleche Froen op hie lass balleren, an d’Affaire riskéiert tatsächlechzu engem Skandal ze ginn. Elo schonn huet de casier zwou Regierungsparteie geschuet: deene Gréngen an deene Rouden, déi via de Ministère vum Etienne Schneider mat dran hänken; laut der éischter vague vum Politmonitor sinn et eleng déi Blo, déi sech ganz gutt kënnen halen. Wann et also am Modus vun der Blockwahl soll bleiwen, muss de Minister Bausch séier an transparent reagéieren! Den Dhiraj Sabharwal mengt am tageblatt vun haut:Wer seine Verantwortung für Missstände nicht übernimmt und juristisches Niemandsland als moralische Verfehlungen abtut, verspielt das Vertrauen der Bürger. An hie mengt weider: wann de Bausch hei de Verglach mécht mat der SREL-Affaire, da gëtt hien indirekt zou, datt hie geplot ass vu Gedanken, wéinst der casier’s-Geschicht missen zeréckzetrieden. Stëmmt als Analyse an da wier Gambia tatsächlech a Gefohr, also awer keng Blockwahl?!

Et dauert net méi laang, an déi gesamt Oppositioun-  niewt CSV, d’ADR, Déi Lénk an d’Piraten- wäert eng Enquêtekommissioun froen; vun deem Ablack unn ass d’Geschicht esou richteg an der Aktualitéit. Et wier hei also tatsächlech besser, virun de Woon ze sprangen…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *