Recent Posts

Post Categories

Weiterer Leserbrief in Sachen Fussballfeld in Useldingen: 2,7 Millionen für eine Notlösung?!  
Es ist verständlich, dass der FC Jeunesse Useldange sich über eine Modernisierung freut, denn der aktuelle Trainingsplatz ist derzeit immer...
Stellungnahme des FC Jeunesse Useldange zur geplanten Modernisierung des Fußballfeldes 
In den letzten Wochen wurde die geplante Erneuerung des Fußballfeldes in Useldingen öffentlich diskutiert – teils sachlich, teils emotional. Dabei...
Frank Bertemes: Demokratie in der Krise? 
„Ich plädiere für eine grenzenlose Meinungsfreiheit.“ So jedenfalls der durchaus interessante Vorschlag des Philosophen Paul Liessmann. Er definiert eine Krise...
D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 
Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll...

Blog Post

Sport

Wa mir Foussball spillen…. 

Wa mir Foussball spillen….
rtl.lu

Ech hunn e leschte Freideg Foussball op der Tëlee gekuckt. Lëtzebuerg géint Däitschland. David géint Goliath. D’Partie war net déck. Wat soen ech: et war eng eenzeg Enttäuschung. Titanic fir d’FLF!

Eigentlech hunn ech eng Virléift fir de lëtzebuerger Foussball, also fir Hybrid- Amateur-Sport. Do geet et nach éischter ëm d’Freed un der Saach, net just ëm de Fric. Ma e Freideg war dach eng Zoumuddung: zwou verschidde Welten waren openanergestouss. Dobäi huet Däitschland guer net esou groussaarteg gespillt, ma nawell goung et duer, 4 – 0 ze gewannen.

Och wann d’Lëtzebuerger sech am Virfeld selwer Courage gemaach hunn mat esou Paroulen ewéi “Mir hu Respekt, awer keng Angscht,” mat enger Néierlag war absolutt ze rechnen. Wat mech awer besonnesch op de Plang rifft, ass d’Manéier, wéi d’Lëtzebuerger ënnergebottert goufen. De Roude Léif koum keng eenzeg Kéier aus sengem Käfeg eraus, keng eenzeg Kéier hat eis Equipe de Ball méi laang ewéi 15 Sekonnen, keng eenzeg Kéier waren d’Lëtzebuerger eng Gefor virum däitsche Gol. 90 Minutten konnten déi Däitsch quasi onënnerbrach virun eiser Këscht spillen. Luxemburg steht unter Dauerbeschuss, housch et vum däitsche Moderateur, mat der sarkastescher Bemierkung a mat Ballermann am Ënnertoun: Die Luxemburger haben Schwierigkeiten, den Ball loszuwerden.

Sécher! Mir haten ee Mann manner um Terrain, ma dat eleng geet net duer als Erklärung fir deen desastréisen Optrëtt vun de Rout-Wäiss-Bloen, déi et zu kengem Ablack fäerdeg bruecht hunn, als Equipe opzetrieden. Eis Jongen haten net den Hauch vun enger Chance. Muss een dee krassen Ënnerscheed tatsächlech ëffentlech virféieren? Et ass jo just eng Blamage fir  eist Land!

Wa mir mat deene Grousse wëlle pissen, ass et dann net ubruecht, sech déi néideg Mëttelen ze ginn? D’Blos – also de Portmonni- opzefëllen, fir nach méi a Richtung Professionaliséierung ze goen? Mä opgepasst! Suen eleng ginn net duer. Do muss schonn eng Iddi derhannert stiechen a ganz vill Begeeschterung. Beispill: de  Vëlodrom zu Munneref. Virun 8 Joer goung Rieds vun engem Käschtepunkt vu 17 Milliounen, an der Tëschenzäit steet d’Land virun engem Budget vu 55 Milliounen an de Bau wäert in fine tëscht 60 a 70 Millioune kaschten.

Respekt! Mir hunn et jo! Mä wann dann eis Sportler zu deenen Éischte gehéiere sollten, déi am Tour de France vun der Biischtecamionette agesammelt ginn, da weess een, datt eleng eng schéin Douche-Cabine net esou vill zum Quantesprong bäidréit. Dann ebe guer net méi am Ausland matmachen? Als Géigenargument gëtt drop higewisen, datt international Optrëtter eng extreem wichteg Erfarung fir eis Sportler duerstellen: volle Stadion, sportlech Konkurrenz op héijem Niveau. Dat ka jo sinn, ma wann eng Equipe esou auserneegepléckt, jo zerluecht gëtt  wéi dat e Freideg de Fall war, da riskéiert d’Moral an d’Stitzercher ze rutschen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *