Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Kuebebierg: villäicht wär e Golfterrain déi ekologeschst Léisung (gewierscht) 

Kuebebierg: villäicht wär e Golfterrain déi ekologeschst Léisung (gewierscht)
fonds du Kirchberg

De Kuebebierg läit tëscht Weimeschkierch an dem Kierbierger Platto. Den Terrain ass 32 Hektar grouss, besteet aus Felder, Wisen a Bësch. An den nächste 15 Joer soll do villes geschéien: dat ganzt Areal gëtt verbaut. Ganz séier schonn soll do den neie Lycée Michel Lucius opgeriicht ginn, duerno dann Haiser an Appartementer. Ech erwaarde mir Legiounen a Cohorten vun Ëmweltschützer, déi sech aus Protest an aus gudder aler Traditioun un d’Beem ukette loossen!

An zwar virun allem déi, déi sech schonn viru ronn 40 Joer fir d’Erhalen vum Kuebebierg agesat haten. Déi deemoleg stater Buergermeeschtesch Colette Flesch hat nämlech d’Iddi, vir an deem wonnerbaren Natureck e Golf-Terrain amenagéieren ze loossen. D’Iddi gouf als verréckt bezeechent, als typesch blo: Schickimiki-Sport fir Schickimiki-Herrschaften. Dobäi hätt et sollen e Golf-Terrain ginn net fir d’Elite, ma fir den normal Stierflechen, also näischt ze Deieres. Wat et zu deem Ablack an där Form nach net zu Lëtzebuerg gouf.

Also en duerchaus symphatesche Projet, an neen! Ech si kee passionéierte Golfer. Do wier wuel déi eng oder aner Heck platt gewalzt ginn, ma de Virdeel vun där Sportart ass, datt hien sech gutt an d’Natur integréiere léisst. Ma fir déi Gréng, déi déi Zäit nach Spackelter Téi gedronk hunn a kee roude Wäin aus der Toscana, déi Strëmp gestréckt an Eierwärmer geheekelt hunn an näischt vun Armani wossten, war de Projet en absolutten no-go.

A si goungen deementspriechend an d’Offensiv. Déi wëll Natur géing verschampeléiert, d’Déierewelt gestéiert ginn. Et gouf esouguer ausgerechent, wéi vill Dünger néideg wier, fir de Wuess schéi gréng ze halen, ouni Reewuerm an och ouni Maulwuerf. D’Ëmweltschützer haten en därmoosse Spektakel gemaach, datt d’Madamm Flesch no e puer Méint de Projet zeréck gezunn hat.

An haut? Elo entsteet en neie Quartier fir 10.000 Awunner! Do wou haut d’Wise bléien, komme Betonsklëtz hinn. Eng Natur, déi et viru 40 Joer derwäert war, geschützt ze ginn, soll gréisstendeels verschwannen! Wou bleift do der Schrei des Entsetzens vun den Ëmweltschützer, aus der grénger Partei, vu mouvement écologique, vu Greenpeace? Wéinstens déi Al vu fréier missten sech jo opreegen a mat Bengel a Rolator op de Kuebebierg protestéiere goen! A wéi ass et mat deene Jonken, déi eise Planéit wëlle retten?!

Ass et neierdéngs esou, datt nëmmen en doudege Bam e gudde Bam ass, esou laang säi Verschwannen dem Tram oder enger Vëlospist déngt? Kloer. D’Land muss weiderkommen, an et feelen vill Wunnechten. Sollten déi Gréng an der Tëschenzäit och zu där Erkenntnis komm sinn, erwaarden ech mir e mea culpa!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *