Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die Rückkehr des CSV – Staates 
„Wir bedenken manches erst, wenn es bedenklich geworden ist.“ Henriette Hanke (Schriftstellerin der Spätromantik)   Eines vorweg:  Wenn man die...
Ernesto Fluni: Sucht euch eine Version aus – Politik braucht Klarheit 
Heute stehe ich vor Ihnen mit zwei Optionen – so, wie wir es in der Politik oft erleben: eine seriöse...
Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 
D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee...
Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...

Blog Post

Europa

Europawahlen: Hëllef! De Spargel schéisst! 

Europawahlen: Hëllef! De Spargel schéisst!
Bild von Erich Westendarp auf Pixabay

Europa ass u sech eng Geschicht vun der Léift. Déi deemoleg jonk Gëttin Europa war mam Zeus an d’Këscht gesprong, op d’mannst dräimol – et kéint awer och méi dacks de Fall gewiescht sinn, Gëttlech Männer wëlle schliisslech och zu Hirem kommen! Wann een sech awer déi lescht europäesch Walen um Gumm zergoe léisst, hunn se de Bäigeschmaach vun Saierzegkeet, vu Soud, vu Mosaier. D’Léift ass verflunn, u Puppelcher net ze denken. Vill Frust, Roserei, Haass.

Grad an dësen Zäiten wou d’Erausfuerderunge fir den ale Kontinent esou spannend sinn wéi scho laang net méi. Domadder mengen ech net onbedéngt d’Migratiounen eran an d’Europäesch Unioun ma stelle just zwou essenziell Froen:

wéi wëll d’Unioun hire Sozialstaat an der Riicht halen, wann ee weess, datt d’Populatioun an deene verschiddene Länner ëmmer méi al gëtt? Schliisslech gëtt et d’Baby boomers net nëmmen zu Lëtzebuerg; esou huet eise franséischen Noper elo schonn eng Staatsschold vun 3100 Milliarden an de Rentesystem fiert op de Felgen.

Frankräich offréiert wéi bal keen anert Land de jonke Leit vill finanziell Hëllefen, an nawell decidéieren sech ëmmer méi jonk Koppele fir e Liewen ouni Kanner. Esou hat den Hexagone zejoert seng schappegste Gebuertequot zanter dem leschte Weltkrich. Rebelote an aneren europäesche Länner: zanter 1975 erneiert d’Europäesch Unioun net méi hier Generatiounen. Zu 453 Millioune si mir den Ament. Bei enger Weltpopulatioun vun 8 Milliarde Mënschen sinn dat 6 Prozent! An dat anert Joer soll d’Awunnerzuel ufänken, erofzegoen.

Wikipedia

Dat bedeit zugläich, datt Europa méi al gëtt: de medianen Alter ass an de leschte 15 Joer vun 39 Joer eropgaangen op 45. Déi Europäer déi manner al sinn ewéi 15 Joer, maachen nach just 14,9 Prozent aus. An déijéineg déi iwwer 65 Joer um Bockel hunn, kommen op e Prozentsaz vun iwwer 21 Prozent. D’Situatioun erënnert duerchaus un eng ofgewiergten Diskussioun zu Lëtzebuerg iwwer de 700.000 Awunnerstat. Sinn d’Renten tatsächlech nach sécher? Wéi laang kann een sech nach en deiert Gesondheetswiese leeschten?

Op alle Fall stëmmt de Saz, datt et de Leit besser geet, datt si manner Kanner maachen.

“…a meng zweet Fro ..:”

Wéi wëll déi Europäesch Unioun sech selwer militäresch kënne verdeedegen? Wou hëlt si déi Suen hir ouni datt nees eng Kéier de Sozialstaat all ze vill dorënner muss leiden?  Zu Lëtzebuerg sollen d’Ausgaben fir d’Verdeedegung a 6 Joer 2 Prozent ausmaache vum Staatsbudget! Wëlle mir iwwerhaapt eng europäesch Verdeedegung, also Arméi? Sollen d’Jongen a Meedercher nees gedrillt ginn?

Dat sinn dach spannend Froen op déi ech am Laf vun der Wahlcampagne – wann et dann eng zu Lëtzebuerg gouf- gréisstendeels keng Äntwert krut. An et geet virun allem ëm de Fric. Hei e puer Milliarde fir d’Ukrain, do e puer Milliarde fir de Klimawiessel, fir d’Migratiounspolitik, fir d’Verdeedegung. .. a vill Milliarde fir den Defizit aus der Vergaangenheet opzefänken.

D’Pandemie huet hier Wonnen nämlech och an den europäesche Finanzen hannerlooss! Fir drun ze erënneren: et sinn elo gläich 4 Joer hir ewéi déi 27 Staaten decidéiert haten, zesummen en Emprunt ze lancéieren vun 750 Milliarden Euro. Mat deene Suen sollt e wirtschaftlechen Zesummebroch duerch d’Pandemie verhënnert ginn. Déi Sue mussen zeréckbezuelt ginn. A 4 Joer geet et lass: all 12 Méint 25 Milliarden Euro, wärend 30 Joer. D’Memberlänner waren sech eens, datt déi Sue net sollen duerch eng zousätzlech Steier erhuewe ginn, eng Decisioun déi warscheinlech geholl gi war, fir net zousätzlech Ueleg op d’Feier ze schëdden, d’Onzefriddenheet vum Vollek an d’Europa-Politik net weider unzehëtzen.

Dobäi misst d’Héicht vum EU-Budget ëm e puer Laten eropgesat ginn. Wann d’Unioun weiderhin an der ieweschter Liga vun der Weltpolitik wëll matspillen, kënnt een net laanscht déi Decisioun. All dat muss een de Leit verstänneg erklären, an enger Sprooch déi fir den Otto-Normalverbraucher verständlech ass. Den 9. Juni huet eis -op en Neits- ënner d’Nues geriwwen, datt dat absolutt net de Fall war! An esou bleift bei de Leit de gewaltege Waasserkapp vu Bréissel hänke mat esou wichtegen Decisiounen ewéi: wéi kromm däerf eng Kornischong sinn? An nach vill méi bedeitend: wéi laang däerf d’Spargel um Iessteller sinn?

Die zulässige Länge von weißen und violetten Spargelstangen für den Handel ist von maximal 22 cm auf 24 cm durch die Änderung der UNECE-Norm FFV-04 erhöht worden. Bereits ab der kommenden Spargelsaison kann der Lebensmitteleinzelhandel (LEH) die längeren Spargelstangen vermarkten.5 févr. 2024.

Et ass jo awer wichteg!

Wann ee bedenkt! Viru Wochen a Méint waren an Däitschland Honnertdausende Leit op de Stroossen fir géint d’AFD ze demonstréieren. Elo hu Millioune Leit si gewielt! Alles Nazi? Alles Extremisten? D’Wahlen hu gewisen, datt grouss Deeler vun der Populatioun net mat der ablacklecher Politik averstane sinn. Déi traditionell Parteien mussen dat endlech bekäppen. Dat gëllt och fir de Grand-Duché, wou mir bekanntlech ëmmer e Schrack hannendra sinn. D’ADR huet bäigewonnen, allerdéngs net exzessiv…nach net. Dat kéint sech an den nächste Joer änneren. An anere Wieder: eng weider Lektioun och fir d’Press an zugläich eng grouss Erausfuerderung un déi schwaarz-blo Regierung!

Related posts

2 Comments

  1. Guido

    Merci pour votre article Monsieur Kaiser.
    Permettez moi deux remarques :
    1) Le budget de la défense devrait être porté à 2% du produit national brut ce qui correspondrait aux alentours de 6% du budget de l’Etat
    2) L’AFD est un parti qui se situe du côté droit du spectre politique. Les NAZi (Deutsche national-sozialistische Arbeiterpartie) était un parti de gauche (comme le prouve d’ailleurs leur programme électoral). Donner le qualificatif de NAZI à l’AFD et son électorat est un contre-sens.

  2. Frank Bertemes

    ‘t ass eng Tatsaach, datt vill Leit (vläicht déi meescht vun hinnen) d’Droite absolut het aus Iwwerzeegung, mä aus purem Protest gewielt hunn – an dat léisst déif blécken! Wat awer elo net verhënnert, datt eng Madamm VDL – déi sech fir guer näischt schummt! – hir neoliberal Politik mathëllef vun deenen typëschen Alliéierte stur weiderféiert – wann et muss sinn, dann och MAT der Assistenz vu gewësse Rechtsparteien (muss een den Numm Meloni nennen?) Opfälleg just, datt all déi Politskandaler (Stéchwuert Korruptioun, Vetternwirtschaft, detournéiert a falsch agesaten EU-Gelder asw.) absolut keen Thema , souwuel an der Walcampagne, wéi och duerno – waren – a sinn! Déi Herrschaften (an och eis elo gewielte Vertrieder) évitéieren deen Topic wéi der Däiwel d’Wäiwaasser! Firwat wuel – geet et dach elo just nach ëm Posten und Pöstchen – an duerfir hält een de Bak !
    Vläicht ass ee selwer sou, freet sech deen naive Beobachter…??
    An och d’Journalisten trauen sech net, do nozehaken an déi besonnësch viséiert Madamm VDL – kee Wuert, näischt! Hire Fall läit hei bei der EU-Staatssanwaltschaft vir – et les suites??
    Wuel näischt-alles verleeft am Sand!
    Weider esou-EU?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *