Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Soziales

Klimaaktivisten: apocalypse now! A riicht an de Prozac 

Klimaaktivisten: apocalypse now! A riicht an de Prozac
Image parRia Sopala de Pixabay

Wéi gutt kann ech Ierch verstoen! Dir maacht mech iergendwéi 45 Joer méi jonk:” à bas le capitalisme!” Well, et ass duerchaus eng déck Sauerei, esou wéi mir an der fräier Maartwirtschaft liewen. An awer schuddert et mir de Réck erof, wann ech verschiddener vun Aeren Apostel esou liesen oder lauschteren. Si féieren eng ganz Generatioun an de  PROZAC https://www.google.com/search?client=safari&rls=en&q=Prozac&ie=UTF-8&oe=UTF-8 Esou seet den Ayatollah-Ecologiste Jean-Marc Jancovici: “Dans les pays occidentaux, il y a un premier moyen de réguler la population de façon raisonnablement indolore. Ne pas mettre tout en oeuvre pour faire survivre les personnes âgées malades…” Ok. Da gi mir elo bei d’Bomi a soen hir bei der nächst beschter Longenentzündung, datt si keng Laangspillplack méi wäert ass an datt si souwisou genuch CO2 hannerlooss huet! Basta. Natiirlech wëlle mir näischt vun der BOMI hirer Ierfschaft, well, mir verzichte jo op Kapitalismus, an d’Suen sinn ëmmer eng Versuchung. Neen, ganz am Contraire: déi Suen ginn integral an en Ëmweltfong!

Image parAline Dassel de Pixabay

De Fred Vargas behaapt, datt 6 Milliarde Mënschen um Planéit wäerte stierwen, de fréieren Ëmweltminister Yves Cochet schwätzt vun der Halschecht: “…il faudra soit s’entraider,soit s’entretuer…” Halligalli. Et kéint een also Leit ëmbréngen, fir de Planéit ze retten! Mir ginn zu Zombie! How dare you?!

Do ass d’Greta Thunberg näischt dergéint, déi sech allerdéngs de Virworf muss gefale loossen, de Wee fir dësen Extremismus fräi gemaach ze hunn. An hir Aktioun huet näischt mat Altruismus ze dinn, ma éischter mat Egoismus, Egozentrismus, well op Twitter leet si hir Beicht of:” Ier ech de Klimastreik ugefaangen hunn, hat ech keng Energie, keng Frënn, ech hu mat Kengem geschwat. Ech blouf doheem mat Iessensstéierungen. All dat ass elo verschwonnen, zanter datt ech e Sënn a mengem Liewe fonnt hunn”! De Laurent Alexandre stellt am L’EXPRESS d’Fro: Avons-nous vocation à paniquer pour accélérer la guérison de sainte Greta”?

Richteg flott gëtt et, wann sech ënner d’Klimaaktivisten a Frankräich och Leit mëschen, déi sech “gilets jaunes” nennen; grad dës Leit, wann et net just Kläpper sinn, gehéieren zum ënneschten Treppléck vun der Sozialleeder a si wahrscheinlech déi éischt Affer vun der ‘Extinction rebellion’.

Image parRia Sopala de Pixabay

Well, wann ech viru 45 Joer vun den Ongerechtechkeeten vum kapitalistesche Systeem iwwerzeegt war – an och haut nach sinn- esou hunn ech dach bäigeléiert, datt een d’Gesellschaft ni eleng vun enger eenzeger Säit däerf betruechten, datt hannert engem eenzege gesellschaftleche Phenomän direkt eng ganz Kludder anerer drun hänkt.

An der Klimadiskussioun gouf et eigentlech nëmme seelen e raisonabelt Denken: et ass een dofir, et ass een dogéint, t’ass gro, t’ass schwaarz. Esou guer d’Groko an Däitschland huet sech e.a. op d’Mazoutsheizung ageschoss, wou a 6 Joer Neiinstallatioune solle verbuede ginn. Déi Gréng setzen nach eng drop a verlaangen den direkte Verbuet: si setzen net nëmmen op Gas, ma och op Holz. Gas produzéiert manner CO2, huet awer zugläich e manner héigen Brenn- an Heizungswäert. D’Holz kënnt knapp op d’Halschecht vu béde Wäerter:

 

Eigenschaft

Öl

Holz

Erdgas

Heizwert 11,4 kWh/kg 4-5 kWh/kg 10,36 kWh/Nm³
Brennwert 12,6 kWh/kg 4-5 kWh/kg 11,48 kWh/Nm³

 

An anere Wieder, et brauch ee méi Gas ewéi Mazout, fir op déi nämmlecht Temperatur ze kommen. Holz brauch ee massiv méi duebel bis dräifach esou vill! Wéinst deem klengen CO2-Ënnerscheed par raport zum Mazout mécht Däitschland sech mam Gas geostrategesch quasi komplett ofhängech vu Russland! Ass dat gescheit? Holz ass wuel CO2-neutral, ma mir bräichten dees onmoosseg vill, idem fir Holzpellets, déi nach aner negativ Auswierkungen hunn: “Als Nachteil ist allerdings zu benennen, dass die Holzpellets generell an ihren hervorragenden Brenneigenschaften verlieren, sobald sie mit Feuchtigkeit in Berührung kommen. Ein trockener Lagerplatz ist deshalb unbedingt notwendig, um die Qualität der Holzpellets zu gewährleisten. Wird mit losen Holzpellets gearbeitet, die durch eine sogenannte Förderschnecke automatisch aus dem Vorratsbehälter zum Heizkessel transportiert werden, hält der Vorrat in den Behältern meist nur wenige Tage. Neue Holzpellets müssen in den Vorratsbehälter nachgefüllt werden, was mit einem Zeitaufwand und körperlicher Anstrengung verbunden ist. Auch trotz des geringen Aschegehalts, geht es nicht ganz ohne Hand anlegen. Die Asche muss von Zeit zu Zeit entfernt werden”. Da kann d’Bomi kucken, datt si eens gëtt, an d’Vakanz am Wanter ass wéinst Fraschtgefor gestrach. Ah jo! Souwisou, wéinst der ‘Flugscham?!

ugeholl, mir huelen tatsächlech manner dacks de Fliger, wat ass déi éischt Konsequenz? Bagagisten ginn entlooss. Gilets jaunes! An Zäiten, wou de Mënsch zu Zombies ginn ass, eng normal Saach: et musse jo 3,5 Milliarde Mënschen geaffert ginn, fir datt déi aner Halschecht kann iwwerliewe. Dobäi geschéien tatsächlech vill Sauereien, wat d’Ëmwelt betrëfft. Huet de Stëpssuckeler bis Probleemer, fënnt ee bal ni Ersatzstécker, respektiv, d’Reparatur kascht bal méi deier ewéi en neien. Eise Konsum u Kleeder goung bannent 15 Joer ëm 60 Prozent an d’Lut! Muss dat sinn? Dobäi hale mir d’Kleeder zweemol manner laang ewéi um Ufank vun dësem Joerdausend! Och dat soll ee bei sech perséinlech iwwerdenken. Eng Blouse fir 5€95 fënnt een esouguer an der Groussgaass; dat ass zwar flott fir Leit mat méi dënnem Portemonni, an awer ass dee Präiss en Hohn. Den Textil misst allgemeng kräfteg méi deier ginn, fir datt mir de Stoff nees méi respektéieren!

Et brauch een allerdéngs net 100 Joer an der Zäit zeréck ze falen, an zum Beispill Pobeiersnueschnappecher ze verbidden. Wéi Kleenex domatter viru 50 Joer erauskoum, huet dat schonn eng Revolutioun bedeit. Virdrun hat ech als klenge Bouf en Nuesschnappech all zweeten Dag nei an der Boxentäsch, um Alen woren d’Schnuddelen gutt unenee gepecht, et huet een eng dréche Plaz gesicht, fir sech d’Nues ze botzen…an et huet ee sech prompt nei ugestach. Fréier haat een de Schnapp keng 6 Deeg, ma 6 Méint!

Image parDimitris Vetsikas de Pixabay

klimaaktivisten vun dëser Welt, vereenegt Ierch! Den Drock op d’Politik muss héich bleiwen. Awer haalt op, dee Brach do ze verzielen an Ënnergangsstëmmung ze verbreeden. Haalt Aere perséinlechen Egozentrismus a Grenzen, denkt drunn, datt Dir mat all Aktioun, matt all Wuert an der Ëffentlechkeet deen een oder anere Jugendlechen an eng Zort Depressioun féiert. Et huet iwwer 2000 Joer gebraucht, ier mir – op d’mannst zu Lëtzebuerg- dee leschte Prophet bis lass woren. Op Neier kann ech verzichten: si bréngen nëmmen Dommheet an Ongléck!

… ech wëll als Bopi gesinn, wéi déi jonk Generatioun alles besser mécht! Huelt mir déi Illusioun net ewech. How dare you!…

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *