Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Réckbléck vun enger Infirmière op d’Pandemie: wou blouf d’Mënschlechkeet? 

Réckbléck vun enger Infirmière op d’Pandemie: wou blouf d’Mënschlechkeet?
Bild von torstensimon auf Pixabay

Eigentlech wëll kee méi vu Covid schwätzen. An awer gëtt een vun Zäit zu Zäit ongewollt drun erënnert. Esou ergoung et mir rezent, wéi ech mat engem stater Geschäftsmann am Gespréich war, deen an den nächste Méint säi Buttek zoumécht. Eng vun den Ursaachen: hien hätt gréisstendeels eng eeler Clientèle an déi hätt sech ëmmer nach net vun de Pandemie-Reegelen erholl. Iwwersat: déi méi Al ginn net méi esou vill an d’Geschäfter ewéi virun der Pandemie.

No esou engem Gespréich stellt een sech op en Neits d’Fro: war wierklech alles richteg gelaf? Wat ass vum Vaccin ze halen? Ginn et Niewewierkungen? Firwat refuséiert d’Gesondheetsministesch eng sachlech Diskussioun fir e Bilan ze zéien? An esou Amenter freet een sech dann, wann een zoufälleg op eng aner Persoun stéisst, déi sech déi nämmlecht Froe stellt; ëmsou méi wou et sech hei ëm eng Infirmière handelt.

D’Maryse Diederich huet hiert aktiivt Liewen integral an de Spideeler verbruecht, déi lescht 2 Joer op engem sougenannten Covid-Stack. Déi Fra huet villes gesinn a matt erlieft. Si ass elo an der Pensioun, ma si hat nach am Januar vum Joer 22 -wéi den Tam-Tam  an der Gesellschaft ronderëm d’Impfflicht besonnesch haart war-, e Bréif un eng Rei Deputéierten a Minister geschriwwen. Och bei hir waren am Laf vun de Pandemie-Méint Zweifel opkomm, wat d’Vaccinatioun betrëfft. Ech zitéieren an dësem Artikel aus hirem Bréif, ma och aus méi rezenten Iwwerleeungen op hirer Facebook-Säit oder och nach aus engem privaten Austosch vu Mailen. Ech fänken un mat deem Bréif un d’Politiker:

Vill Leit si gestuerwen no der éischter an no der zweeter Impfung an och elo erëm no der Boosterimpfung, ma hei am Land gi leider keng Autopsien gemaach. Ech weess perséinlech vun enger eenzeger Autopsie, eng Fra vu 74 Joer wou bewise ginn ass, datt si un enger Sinusvenenthrombos no der Impfung gestuerwen ass. Esou Beispiller kennen ech der vill aus éischter Hand, mä ech muss jo (Berufsgeheimnis) mäi Mond halen.

Bild von -Rita-👩‍🍳 und 📷 mit ❤ auf Pixabay

A wéi ass et mat de Clusteren an den Altersheemer? Wéini sinn si entstaanen? Op alle Fall ass et no den Impfunhgen net besser ginn. (Dat war am Fréijoer 2021) https://bit.ly/3ZrTfKx D’Pensionären an den Heemer hunn alles matgemaach: Isolatiounen, Impfungen bis zum Booster, duerno dräimol d’Woch getest; an elo sinn trotzdeem 5 Persounen positv getest ginn an si mussen alleguerten op hirem Zëmmer sëtze bleiwen, däerfen net an d’Cafeteria, an de Shop, an d’Mass asw! Wat hunn dës Leit dann nach vu Freed un hirem Liewen?

Besonnesch an der éischter Well vun den Erkrankungen goufe Feeler gemaach a grad bei den eelere Leit. Déi hunn d’Welt net méi verstaanen! Firwat esou laang isoléiert? Firwat kommen d’Kanner an d’Enkelkanner, meng Famill  mech net méi besichen? Verschiddener sinn aggressiv ginn an haten sech och alt mol de Baxter erausgerappt. Een Däiwelskrees, well e Mangel u Flëssegkeet ka bewierken, dass een Duercherneen gëtt. Doropshin sinn zousätzlech Medikamenter agesat ginn fir d’Leit ze berouegen.

(gk: deess krut ech och ze héieren. Ouni Baxter haten dës Persounen automatesch en anere Probleem: hire Kierper krut net méi genuch Flëssegkeet! An esou soll et alt virkomm sinn, datt si un d’Bett ugestreckt gi waren).

An der éischter Well si vill al Leit gestuerwen. Et gouf vill Panik an Onsécherheet, mir hate keng richteg Therapie. Vill al Leit si gestuerwen, well si an der éischter Covid-Well 2020 e puer Wochen bis Méint hate mussen hospitaliséiert ginn, well jo kee wosst, wéi laang datt een ustiechend wier. Eng ganz Partie vun dësen eelere Leit konnten einfach net verstoen, firwat d’Familljen si net besiche komm ass an haten hire Liewesnmutt verluer well si duechten, d’Familljen wéilt näischt méi vun hinne wëssen.

Dat war esou traureg. Mir hun ëmmer erëm probéiert denen Leit nei Mutt ze machen, mee si hun et net verstaan. Een eeleren Mensch , isoléiert an engem klengen Zëmmer, bewegt sech net vill, en plus waren si jo och krank hospitaliséiert gin wéinst iergend engem Problem, wou si dann leider ee positiven Test haten; esou Leit brauchen Hëllef , brauchen Opmonterung, brauchen Beweegung sou wäit et nach geet, brauche Gespréich, well soss degradéieren déi Leit all Dag méi !

Dat krut een an där Zäit confirméiert vun der AMIPERAS, déi op enger Pressekonferenz am Mäerz 2021 sot: “Vill Leit wëllen net méi liewen!” https://bit.ly/3rqO40U

D’Madamm Diederich verzielt weider iwwer den Ufank vun der éischter Vague, wou allgemeng – net nëmmen bei den Eeleren- hirer Meenung no villes net riicht gelaf war: Do si Leit an d’Klinik komm fir sech testen ze loossen. Onglécklecherweis waren si positiv an duerften net méi heem. A verschiddene Fäll goufen si Wochen a Wochen am Spidol an der strikter Isolatioun gehalen, bis si dann endlech negativ waren.

Bild von Наркологическая Клиника auf Pixabay

E Beispill: Eng eeler ongeimpfte Fra war gefall, hat de Poignet gebrach, war positiv getest ginn an Zack: d’Madamm koum isoléiert op de Covid-Stack, ouni iergend ee Besuch. D’Fra war um verzweiwelen. Si wollt heem –nämlech ouni positiven Test wär dat den Fall gewiescht fir heem dierfen ze goen-, ma neen! Si huet musse bleiwen well si jo positiv getest gi war an awer keng Symptomer vu Covid hat! Esou sinn d’Statistiken vun ongeimpfte Leit an der Covidkris héich gehalen ginn!

“…d’Zweifel un der Vaccinatioun goufen méi grouss…”

Et koume Patienten an d’Klinik – a méi ewéi een-, déi haten d’Impfung hannert sech inklusiv de Booster an haten nawell mussen op der Intensivstatioun intubéiert ginn.

Et koumen geimpfte Patienten tëscht 28 a 50 Joer al an d’Klinik mat enger Myokardite (Häerzmuskelentzündung), mat engem AVC (Hireschlag), mat Embolie oder mat auto-immun Erkrankung (entweder e frësche Schub gemaach oder ganz nei opgetrueden). Ob der anerer Säit haten mir dacks Patienten mat enger anormaler Bluddung. Dat waren der wierklech vill! 

Et ass net méi normal wéi vill Leit elo (no de Vaccinatiounen) mat esou Bluddungen bei eis erakommen. Oder mat Guillain-Barré-Syndrom (eng éischter seelen Erkrankung vun den Nerven), oder mat schrecklechem Kappwéi, mat Thrombosen, mat anormal héijem Bluttdrock. Jo, kloer! Dat ass et alles och virdru ginn, ma dann huet een eng Ursaach fonnt. Haut awer  gëtt just heiandsdo gesicht, ma d’Ursaach bleift dacks e Rätsel, wou déi Bluddungen hirkommen.

Bild von Michelle Gordon auf Pixabay

Déi Ausso vun der Madamm Diederich kritt ee confirméiert duerch en Artikel zejoert op RTL. D’Rout Kräiz huet en Opruff gemaach fir Blutt ze spenden. D’Blutt-Konserven wieren rar ginn well matzen am Summer och d’Bluttspender an der Vakanz wieren. Dat kann ee gleewen an och net: schliisslech gëtt et all Summer eng Vakanzenzäit, ouni datt d’Croix-rouge all Joer deen doten Opruff gemach hätt.https://bit.ly/45V6qGB

D’Madamm Diederich schreift mir: Fier d’éischt a mengen 40 aktive Joer hunn ech de leschten Summer erlieft, dass am ganzen Land keng Blutkonserv opzedreiwen war. Dass mir an der Nuecht Blut aus der Belsch kritt haten fir engem Patient, dee schonn de ganzen Dag do loung drop ze waarden , unzehänken! Wéi gesot mir haten oft an all de Joeren virdrun Leit matt Bluddungen ze dinn, ma d’lescht Joer et war esou schlëmm, ech hun eisen Back matt den eidelen Blutkonserven nach ni esou voll gesinn an esou kuerzer Zeit. An zum groussen Deel sin einfach keng Ursaachen fonnt ginn fir déi Bluddungen , dat war schlëmm,…

“…D’Situatioun ënnert dem Fleegepersonal…”

Bild von Scottish Guy auf Pixabay

Elo an de Spideeler wou esou vill Leit vum Personal geimpft sinn, hu mir esou vill Clusteren ewéi nach ni virdrun ënnert dem Personal! An de Schoulen ass et d’nämmlecht: firwat gëtt dat vun de Medien ignoréiert?

Bei eis um Stack schnuddelen an houschten Leit vum Personal déi geimpft sinn, ma laut de Richtlinnen brauchen si sech net ze testen. Ech als Ongeimpften testen mech all Dag, wann ech schaffe ginn.(Ech hat wéinst diversen gesondheetlechen Grënn ofgeroden kritt mech impfen ze loossen, hat laut LNS och kee positiven PCR Test, wat jiddereen do nofroen kann). Déi Geimpften ginn verschnuddelt op d’Aarbecht, et weess een net, ob si Covid-19 erwëscht hunn, eng Gripp oder e banale Schnapp, well si brauchen sech jo net méi ze testen!

Dat ass net korrekt! Ma nach méi schlëmm ass et, wann d’Leit krank sinn an de Covid-Test nawell negativ uweist: da ginn si krank schaffen, well et ass jo offiziell kee Corona. Firwat sinn si krank schaffen komm? Well et hannen a vir u Personal gefeelt huet! Ier Personal geimpft gi war, hat net een vun eis , den Covid  oder e Krankeschäin wéinst Erkältung oder änlechen Symptomer! An eise Stack war direkt komplett zougemaach ginn fir all aner Hospitalisatiounen an et ass alles ëmmodelléiert ginn als Covidstatioun! 

Mir wëssen haut – a fir dat ze gesinn brauch ee kee Wëssenschaftler ze sinn: d’Leit hu sech dräimol vaccinéiert a kënnen nawell de Covid kréien. Ob d’Symptomer manner schlëmm sinn ewéi ouni Impfung kann kee soen. Meng Erfarungen beleeën dat net, och virun der Impfung hate mir vill krank Leit mat praktesch kenge Symptomer!

Konklusioun vun der Infirmière: Ech fannen, datt dës Corona-Impfungen nach ëmmer keng Impfunge sinn.

  • All gudden Dag ginn d’Reegelen geännert; fir d’éischt 1 Joer, dann 6 Méint, elo 4 Mééint…
  • Et kann een de Covid trotz Vaccinatioun nach kréien
  • An et leien geimpfte Persounen op der Intensivstatioun

Ech akzeptéieren jiddereen, dee sech trotzdeem impfe léisst, well et eben vill Leit gëtt, déi Angscht hu virum Virus, deen ech op kee Fall wëll verharmlosen, ma et muss och respektéiert ginn, datt et aner Leit gëtt, déi Zweiwel an Angscht hunn par rapport zu dëse spezifesche Vaccinen.

Ech bieden als Infirmière dofir all Matbierger a virun allem Politiker, de gesonde Mënscheverstand an d’Mënschlechkeet anzesetzen, an och emool ze hannerfroen, wat ee selwer erlieft huet an net just blann neie Statistiken a Gesetzer ze vertrauen (oder se selwer ze maachen) an esou eis Gesellschaft ze splécken.

E kranke Mënsch an engem Bett huet un éischter Plaz ze kommen an net de virtuellen Mënsch, dee just um Computer existéiert!

(gk) Esou wäit d’Iwwerleungen vun der Maryse Diederich, vun enger Infirmière déi elo an der Pensioun ass. Hir Aussoen decken sech mat deenen vun enger Partie Dokteren, mat deenen ech an de leschten 12 Méint a Kontakt war. Och si stelle verwonnert fest – ouni dofir awer kategoresch géint d’Covid-Impfung ze sinn-, datt déi Sprëtz zu enger Abberzuel Niewewierkungen gefouert huet. Wann ech da froen, ob ech si kéint zitéieren, ginn ech héiflech u mäi Berufsgeheimnis erënnert. Schéier am Kapp!

Ech bedaueren zudéifst, datt de Gesondheetsministère – an iwwerhaapt déi ganz Regierung- net de Courage hat fir e breeden Debat an der Chamber, an der Gesellschaft. Waren et net grad d’Sozialisten déi virun 10 Joer wollten d’Fënsteren grouss opmaachen…net fir géint de Virus ze lëften, ma fir méi Transparenz an der Politik ze suergen? Et schéngt wéi wann Gambia ganz gutt liewe kann mam ale Mief?

Related posts

7 Comments

  1. Frank Bertemes

    Ech mengen dat hei confirméert op eng däitlech Aart a Weis all d’Bedenken vun eis “béisen Impfgéigner” déi glécklecherweis op all déi Stëmmen héieren hunn, déi zu Recht op d’Geforen vun deenen Impfungen eindringlech higewisen hunn. Ech erënnere mech un ee Lieserbréif an der “ZEIT”, wou ee Wëssenschaftler, deen iwwer 40 Joer d’Niewewierkungen vu Medikamenter an Impfungen suivéiert huet, op d’Liewensgefor opgrond vun deene gefaarten Niewewierkungen vun deenen net laang genuch erfuerschten mRNA-Impstoffer higewisen huet. All déi Dokteren a Wëssenschaftler, déi dat confirméiert haten, sinn verdäiwelt a wéi am Mëttelalter un de Pranger gestallt ginn, eng Situatioun, déi bei all normal denkende Mënsch dach schonn deemools hätt missen een Alarmsignal ausléisen. Fir mech ass absolut sécher, datt och hei am Land Medizinner – niewt deem couragéierten Dr B. OCHS – an eeben och Infirmièren an Infirmieren dat genee esou gesinn hunn an nach haut esou gesinn, sech awer nimools no Baussen an deem Sënn geout hätten – well wat wär deene Leit geschitt? Mä de Spuk ass nach laang net eriwwer, d’WHO huet nach esou munches virgesinn – cf. déi och vun eiser politëscher Klass total verheemlecht nei Pandemieverträg, déi där héchst bedenklech agéierender WHO domat och am Kontext COVID faktësch eng Muecht iwwer d’Regierunge gëtt an d’Demokratie zuer Farce degradéiert.
    A jo, eis Regierungsparteien a besonnësch d’LSAP (a wee war da vun deenen an de Verhandlungen zu eben deenen Pandemieverträg fir eist Ländchen derbäi an dat ouni datt mir als Walvollek iergend eppes dovu matkritt hätten?) hunn eng méi wéi fragwürdeg Roll am Gesamtkontext vun der Pandemie gespillt, schlëmm ass awer besonnësch d’Vertuschen oder d’Verrharmlosen vun all deenen Niewierkungen vun deenen “Impfungen”, deenen hir Wierksamkeet opgrond vun deem wichtegen Artikel hei ëmsou méi muss a Fro gestallt ginn. Een Trauerspill, dat leider ëmsou méi beweist, ween op dëser Welt alles dirigéiert an dat souguer rücksichtslos op Käschten vun der Gesondheet vun de Leit – niewt där Top gelongener Politik vun der Verbreedung vun Aangscht a Panik, der Praxis vum “divide et impera” mat enger Gesellschaft, déi gespléckt ass a wou mir nach laang net iwwer de Bierg sinn. Chapeau fir de Courage vun där Infirmière, déi dat bericht huet , wat wuel och anerer aus dem Gesondheetssecteur kéinte confirméieren-wat iwwregens am Ausland grad esou de Fall ass. Mä wéi gesäit et fir déi zukünfteg Gesondheetspolitik nom Diktat vun der WHO aus, déi ënner der Fuchtel vun der Pharmalobby am Souci vun enger dereguléierter Gesondheetswirtschaft steet an deementspriechend agéiert? Traureg. Aussiichten – a wou bleift d’Politik, besonnësch awer d’Oppositioun?

  2. Gilbert

    Et ass och ganz interessant wat een an der franséischer
     “PROPOSITION DE LOI
    visant à réintégrer et à indemniser les personnels suspendussoumis à l’obligation vaccinale contre la covid-19” vum 22 November 2022 fënnt.

    ​Do steet zu Beispill : “De nombreuses études mettent en évidence les difficultés à démontrer
    l’efficacité réelle du vaccin contre la transmission du virus. Le journal LeMonde écrivait d’ailleurs le 3 novembre 2021, seulement 45 jours après la suspension de nombreux soignants :

    « Des épidémiologistes, des spécialistes en santé publique et des immunologistes britanniques ont conduit une étude visant à évaluer la transmission du variant Delta chez des personnes vaccinées et non
    vaccinées. Le résultat de l’étude confirme que la vaccination n’empêche pas le fait de pouvoir être infecté. »

    Enfin, l’Institut Pasteur reconnaît quant à lui que l’impact de la vaccination sur la transmission du virus n’est pas celui espéré initialement,et qu’il reste faible depuis l’arrivée du variant Delta.”

    ​D´Delta Variant huet sech ongeféiert Mëtt des Jores 2021 an onse Géigende verbreet.. Et war also deemools scho gewosst, datt d´Covid-Impfung net virun der Ustiechung an der Transmissioun géif schützen.Ons Politiker, Experten a Medie wollten ons awer just de Contraire gleewen doen, et kéint een  bal behaapten, se hätten ons belunn. An awer huet ons Regierung et fäerdeg bruecht déi net geimpfte Leit bis Ufank 2022 ze schikanéieren ze stigmatiséieren an deelweis vum ëffentlech Liewen auszeschléissen.

    Dorausser ergëtt sech ​jo awer och, datt mir eng Pandemie vun de Geimpften haten.
    Firwaat?    Déi Geimpften hunn sech net méi bréichten testen ze loossen, konnten de Virus also ouni Weideres iwwerdroen. Déi Net-Geimpften hunn sech permanent missten teste loossen, oder konnte net um ëffentleche Liewen deelhuelen. Ergo, war et ganz schwéier fir si de Virus ze verbreeden.

  3. Pierre HACK

    Hei woren Eugeniker um Wièrk. D’letzebuerger Regierung ass an deser Plandémie komplett gescheitert an d’lëtzebuerger Vollëck soll déi Politiker déi all des liberticide Mesüren ergraff hun an esouvill Léed geschafen hun ôfstrofen.
    Op Davos bei den WEF ze fléihen, an dem amérikaneschen Bill, dem Eritraer Tedros grouss Dièren opzerappen, ass engem Premier Minister an den LSAP-Ministeren net würdeg. Mir brauchen zu lëtzebuerg kéen NEW WORLD ORDER. An Marionetten gehéieren an d’Augsburger Puppenkiste, an net an d’Chamber. A bon entendeur. Des Plandémie wor erreicht den Unfank vum totalen Wahnsinn, just dass vill Léit net hannert déi Agenda blècken déi héi duerchgezunn get, an zwar d’Agenda 2030.
    Net mat eis, dir Damen an Hären Politiker.(tous bords confondus)
    Nix mat ONE HAELTH, ONE RELIGION, Genderwahn, Wokisme, CANCEL CULTURE, Letzte Generation, Klimaschwindel, Krich, asw. asf. Halt op d’Vollëck stänneg ze beléien an fir domm ze halen. Mir sin kéen « Bétail, keng Sbires an och keng Goym’s). D’Frô stellt sech, firwaat et keng Politiker méi get mat Charisma an virum allem mat C……..n?🤔 Ass den Triple A wièrklech méi wichteg ewéi d’Mënschenfamill zesummen ze brèngen, am Plaaz ze géintenéen opzehëtzen? Net alles waat aus Amerika kënnt, muss och gudd sin! Au contraire. Sou, daat sollt emôl gesood sin. Dann kucke mir emôl, soen d’Politiker. Kucke kucke kucke, an d’Fisselles’en gin zwouch ânescht gezunn. Leider 😩

    1. Flammang René

      Wat ech mech permanent froen, dat ass wat déi Läit do ugeboude kritt hunn, dass se dat alles matgemaach hunn.An op all déi Läit sech secher sinn, dass si ni zur Rechenschaft gezu ginn, fir dat wat si an deene Joren vun der Plandemie geschaft hunn.Schlisslech kann jiddereen um Internet nosichen no wat fir engem Plang dat ganzt do ofgelaf ass, an nach emmer ofleft.Well déi ganz Sach ass nach laang net eriwwer. Wann ech richteg ennerriicht sinn soll dat bescht ereischt kommen.An hirem Plang steet nämlech dran dass een de Läit elo mol e puer Meint Normalitéit sollt firgauckelen, an dann soll déi nächst Phas duerchgezu ginn.Mir sinn also nach laang net um Enn. Mee mir kennen eis nach op munches gefast maachen.Och wann Läit dobausse mengen déi Saach wär eriwwer. Si ass et nach laang net.

      1. Guy Kaiser

        Här Flammang, wat hutt Dir dann héieren wat esou alles nach soll nokommen?

  4. Gilbert

    Hei emol ee Link bei eng dänesch Dokumentatioun iwwer d´Niewewierkunge (die verbotenen Nebenwirkungen) vun der Impfung. Et ass momentan just een Trailer deen op Däitsch iwwersat gouf. Déi ganz Dokumentatioun dauert iwwer 1 Stonn a soll deemnächst nach op däitsch iwwersat ginn.

    *ttps://vimeo.com/861174080

  5. Marc

    Merci à tous ces commentaires et surtout un grand merci à Mme.Diederich pour ces explications honnêtes et ouverts .

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *