Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Politesch Ofrechnung vu 600 Polizisten mat Secondaire-Diplom 

Politesch Ofrechnung vu 600 Polizisten mat Secondaire-Diplom
Police.lu

Ronn 600 Polizisten hunn en Ofschloss am Secondaire. Déi meescht vun hinnen si gebiischt: si sinn nämlech an der leschter Carrière beim Staat gelant!

Dat féiert munchmol zu cocasse Situatiounen, zum Beispill datt e jonke Polizist kann eng Partie Geldschäiner méi am Portmonni hunn ewéi säi Kolleeg mat 25 Déngschtjoer!

Cocasse och d’Situatioun beim Rekrutement: de Minister Kox hätt bekanntlech gären nei Leit an der Police. Mat wat fir enger Aussiicht an der Carrière?

Also misst no aler Traditioun reklasséiert ginn. Gesetzer schafen nun eemol Ongerechtegkeeten, nei Gesetzer schafen déi aus der Welt! Geet net, soen d’Regierungsparteien. Schonn nëmmen eleng, well näischt dovunner am Koalitiounsaccord steet. Ha-Ha!

Eng Associatioun vertrëtt d’Intressi vun de betraffene Polizisten. Si gouf elo eng Newsletter un d’Beruffskolleegen eraus – déi awer och un d’Deputéierte goung- a skizzéiert nach eemol déi ganz Problematik. Interessant ass aus politescher Siicht de Resumé iwwer d’Gespréicher, déi dës Associatioun mat deene verschiddene politesche Parteien hat.

Gutt Lecture!

 

Nodeem d’CSV den 30.11.2021 eng Motioun iwwer de Reclassement vun den Polizisten mat Secondaire-Ofschloss déposéiert hat, hunn mir d’Dammen an Hären Deputéiert, déi Member an der „Commission de la Sécurité intérieure et de la Défense“ sinn, ugeschriwwen fir Entrevuë unzefroen an hinnen déi noutwenneg Explikatiounen ze liwweren.

Mir hunn, mat Ausnam vun der LSAP, vun allen Parteien ee Feedback kritt an mir haten dorops hin mat hinnen méi oder manner fruchtbar Gespréicher. Mat den Hären Ministeren vun der Sécurité intérieure Henri KOX an vun der Fonction Publique Marc HANSEN haten mir jo schonn am Virfeld ouni Succès probéiert op ee gréngen Zweig ze kommen.

Am Folgenden fannt dir ee Resumé vun deem wat bei den Gespréicher mat den Parteien erauskomm ass.

Fir et Virewech ze huelen: D’Regierungsparteien sinn net dozou bereet, fir déi Dysfonctionnementer, déi si selwer an der leschter Legislaturperiod (2013-2018) mat der Reform vun der Police verursaacht hunn, riicht ze stoen. Et gëtt weider op Zäit gespillt an déi ugeschloen Police, respektiv hier Memberen, ginn sech selwer an där “politesch verursaachten Verschlimmbesserung“ iwwerlooss. Op déi negativ Auswierkungen kommen mir herno nach eng Kéier zréck.

Mee, léif Kolleginnen a Kollegen, mir hunn eng gutt Nouvelle fir iech:

Dir hutt d‘Méiglechkeet, zesummen mat ären Famillen a Frënn, bei den CHAMBERWALEN 2023 déi PARTEIEN ze wielen, déi sech FIR EE RECLASSEMENT VUN DEN POLIZISTEN MAT SECONDAIRE-DIPLOM ausgeschwat hunn! Bei esou vill Memberen wäert et mat Sécherheet een Afloss op den Ausgang vun den Walen hunn!

An deem Sënn hunn mir iech och ee virleefegen Fazit ënner all Partei gesat, sou dass dir op ee Bléck gesitt, wat fir eng Parteien sech bis dato fir de Reclassement agesat hunn, a wat fir eng net.

 

***

D‘Regierungsparteien

Demokratesch Partei: Den Här Minister vun der Fonction Publique Marc HANSEN huet an eiser Entrevue vum 6. Juli 2020 fir unzefänken een Monolog vun 15 Minutten iwwer de Covid gehal, fir eis duerno ze soen, dass him d’Dysfonctionnementer, déi an der Police duerch den Net-Reclassement vun den Polizisten mat Schoul-Ofschloss entstanen sinn, egal wieren. Des Weideren huet hien widderhuelt betount, dass den Out/In-Mechanismus (deen jo bekannterweis een extrem negativen Impakt op d’Carrière an d’Masse salariale kann hunn) eng gutt Saach wier an dass mir hätten missen an eng aner Administratioun goen, wann mir gär eng Unerkennung vun eisem Schoul-Ofschloss gehat hätten. Den Här Deputéierten Claude LAMBERTY (Member vun der Commissioun) sot den09.02.2022 an eiser Visio-Konferenz mat der DP-Fraktioun, dass hien eist „Uleies géing mathuelen“, mee dass hien näischt verspriechen kéint. Hien sot ofschléissend, dass et him bewosst wier, dass säin Verspriechen wéi eng typesch politesch Floskel géing kléngen, mä hien géing dëst Uleies trotzdeem ganz eescht huelen an eis an noer Zukunft een Feedback ginn. Deen Feedback steet nach aus.

Fazit: Gläichgëltegkeet op Säiten vum Minister an Héiflechkeet „sans plus“ op Säiten vun der Fraktioun!

 

Déi Gréng: Den Här Minister vun der Sécurité intérieure Henri KOX fënnt, dass keen Handlungsbedarf besteet. Hien selwer, genau sou wéi d’Madamm Deputéiert Stéphanie EMPAIN, hunn d’Ausrieden zesummen auswenneg geléiert : D’Police-Gesetz wier mat den deemolegen Gewerkschaften ausgehandelt ginn (N.B.: et ass d’ADESP nach net ginn an domat ass och keen fir d’Rechter vun den Polizisten mat Secondaire-Diplom agetrueden), d‘Gesetz wier „nach ze nei fir eppes drun änneren ze goen“ (N.B.: obwuel schonn Gesetzes-Ännerungen gemaach goufen oder um Instanze-Wee sinn, notemment am Kader vun der „Bodycam“ an vun der „Harmonisation des carrières inférieures des fonctionnaires et employés de l’Etat“) an de Reclassement hätt „net am Koalitiouns-Vertrag gestanen“ (N.B.: en Kommentar dierft sech hei wuel eriwweregen…). Komescherweis huet d’Stéphanie EMPAIN nach an der Séance Publique n° 59 vum 23.07.2020 anescht geschwat: Et wier wichteg „no Léisungen ze sichen fir zefridden Mataarbechter ze hunn, déi sech an hirer Aarbecht valoriséiert a gläich behandelt fillen“. An aneren Wieder: D’Stéphanie EMPAIN huet an Tëschenzäit de Mond verbueden kritt!

Fazit: Mat den Hoer erbäigezunnen Unisono-Ausrieden vun deenen Gréngen an ee Maulkuerf fir d’Madamm EMPAIN!

LSAP: D’LSAP ass déi eenzeg Partei, vun där mir op eist Schreiwes, betreffend d’Motioun, keen Feedback kritt hunn. An dat wuel aus guddem Grond: Et waren schliisslech hir Partei-Memberen Etienne SCHNEIDER an Dan KERSCH, déi 2013 bis 2018 an hiren Funktiounen als Police-Minister, respektiv als Minister vun der „Fonction Publique et de la Réforme administrative“, verantwortlech fir d’Duerchféierung vun der Police-Reform waren. Spréch: D’LSAP ass zu engem groussen Deel mat responsabel fir déi Dysfonctionnementer, déi duerch d’ „Verschlimmbesserung“ vun der Police entstane sinn. Trotzdem (oder grad dowéinst) setzt d’LSAP sech scheinbar net fir de Reclassement vun den Polizisten mat Schoul-Ofschloss an.

Fazit: Bei deenen Rouden stécht een léiwer de Kapp an de Sand.

D‘Oppositioun

CSV: D’CSV huet eise Kampf fir de Reclassement vun den Polizisten mat Schoul-Ofschloss vun Ufank un ënnerstëtzt an sëllege parlamentaresch Froen zu deem Thema gestallt. D’CSV huet an deem Kontext och, wéi uewen beschriwwen, den 30.11.2021 eng Motioun deposéiert, iwwer déi elo soll an der Chamber diskutéiert ginn. Leider gesäit et awer esou aus, wéi wann d‘Regierungsparteien sech eens wieren, fir deen Discours bis an all Éiwegkeet erauszezögeren. Des Weideren hunn d’CSV, an notamment den Här Deputéierten Léon GLODEN, sech an der Ëffentlechkeet ëmmer erëm fir de Reclassement ausgeschwat.

Fazit: Hei hunn mir Versteesdemech a Gehéier fonnt.

Déi Lénk: D’Madamm Deputéiert Nathalie OBERWEIS huet eis matgedeelt, dass Déi Lénk eist Uleies verstinn an „prinzipiell mat eisen Revendicatiounen averstanen“ sinn. Et wier fir si kloer, dass sou eng ongerecht Situatioun misst behuewen ginn.

Fazit: Hei hunn mir Versteesdemech a Gehéier fonnt.

Piraten: Den Här Deputéierten Marc GOERGEN huet eis matgedeelt, dass d’Piraten sech fir ee Reclassement vun den Polizisten mat Secondaire-Diplom ausschwätzen.

Fazit: Hei hunn mir Versteesdemech a Gehéier fonnt.

ADR: An enger Entrevue hunn d‘Hären Deputéierten Fernand KARTHEISER an Fred KEUP eis matgedeelt, dass si eisen Problem verstinn, an dass d’ADR sech fir ee Reclassement vun den Polizisten mat Secondaire-Diplom ausschwätzt.

Fazit: Hei hunn mir Versteesdemech a Gehéier fonnt.

 

Eng ganz nei Partei

Fokus: An enger Entrevue huet de Fränk ENGEL sech fir ee Reclassement vun den Polizisten mat Secondaire-Diplom ausgeschwat.

Fazit: Hei hunn mir Versteesdemech a Gehéier fonnt.

 

***

 

Wéi kann et sinn, dass d’Polizisten mat Secondaire-Ofschloss an der allerleschter Carrière beim Staat landen konnten?

  • No der Reform vun der Fonction Publique 2015 sinn bei der Administration Générale iwwer 5.000 Reclassementer gemaach ginn, vun Fonctionnairen, déi een Diplom haten, mee an enger ze déiwer Carrière agestuuft waren.
  • D’Police huet sech 2015 ganz bewosst selwer aus dem Reform-Gesetz vun der Fonction Publique eraus geholl, fir ze évitéieren, dass d’Polizisten kéinten vum Reclassement profitéieren an doduerch den Écart zwëschen dem „Foussvollék“ (Polizisten) an den „Cadres supérieurs“ (fréier Offizéier) géif verschwannen (dëst gouf ons vertraulech vun engem eemolegen Regierungsberoder matgedeelt).
  • Amplaz vum Reclassement krut d’Police den Out/In-Mechanismus: Jonk Polizisten ( < 6 Joer Déngscht) mat engem Secondaire-Diplom kënnen an den B1 wiesselen, mussen awer erëm vu vir ufänken an een Promotiounsexamen maachen, och wann si schonn een am Laf vun hirer C1-Carrière gemeet hunn. Fir eeler Beamten (> 6 Joer Déngscht) mat Secondaire-Diplom ass dësen Mechanismus schiedlech fir d’Carrière an d’Masse salariale. Et ass eis nach ëmmer onverständlech, wéi de Staatsrot esou eng Ongerechtegkeet ofseenen konnt!
  • Déi 350 eelst Polizisten sinn iwwer d’ “Voie expresse” (déi et och bei der Administration Générale gëtt) an den B1 gewiesselt. Bei der “Voie expresse” brauch een net deen Diplom, deen een normalerweis bräicht fir an déi jeeweileg Carrière ze kommen. Des 350 Polizisten ginn an deenen nächsten 2-3 Joer mateneen a Pensioun an hannerloossen ee massiivt Lach.
  • D’Relève iwwerhuelen déi Polizisten, déi lo hei vun der Regierung an der C-Carrière hänken gelooss ginn, obwuel ee groussen Deel vun hinnen ee Secondaire-Diplom huet. Et ass méi ewéi iwwerhieflech an naiv fir ze mengen, dass déi geschiedegt Beamten net mierken géifen, dass hei massiv mat hinnen den Geck gemaach ginn ass (an nach ëmmer gemeet gëtt)…
  • Den Här KOX dréint elo d’ “Werbetrommel” fir nei Polizisten ze fannen an et gëtt sou vill rekrutéiert wéi ni virdrun. Selbstverständlech hunn nobäi 100% vun deenen neien Polizisten een Secondaire-Diplom. De Gros kënnt direkt an d’B1-Carrière an déijéineg, déi an der C1-Carrière rekrutéiert ginn, maachen (falls si en net schonn hunn) schnellst méiglech den Secondaire-Diplom no (den DEAU dauert 1 Joer). Duerno wiesselen si iwwer den Out/In an den B1, well deen Mechanismus sech jo fir déi jonk Beamten rentéiert.
  • Op déi Manéier gëtt d‘ C-Carrière lues a lues ausstierwen gelooss.
  • Just, dass d’Polizisten, déi virun 2018 mam Secondaire-Diplom bei d’Police koum sinn, nach ëmmer mangels Reclassement an der C-Carrière sëtzen, déi grad ausstierwen gelooss gëtt. Sinnbildlech geschwat: Si sëtzen an deem Boot, dat d’Police-Direktioun, zesummen mam Ministère de la Sécurité intérieure, ënnergoen léisst.
  • Entretemps ass bal d’Hallschent vun den Polizisten an der B1 Carrière. Dat heescht, déi eelst 350 (déi elo geschwënn an d’Pensioun ginn) an een groussen Deel vun den Polizisten, déi manner wéi 6 Joer dobäi sinn. Déi aner Hallschent sëtzt an deem Boot, wat amgaang ass ënner ze goen…
  • Wéi wann et net schonn géing duer goen, verlaangt den Här KOX vun deenen Polizisten, déi am C festsetzen, hir nei Mataarbechter aus der B-Carrière unzeléieren. Heifir ass extra nolégiféréiert ginn, fir et méiglech ze maachen, dass een aus enger méi déiwer Carrière een aus enger méi héijer Carrière uléiert. Mir brauchen hoffentlech kengem vun iech ze erklären, firwat de Gros vun deenen Polizisten (graff geschat ee Véierel vun der Police), déi hei trotz Diplom an der C-Carrière versaueren gelooss ginn, net gewëllt ass, een aus der B-Carrière unzeléieren.
  • Als Kréinung ginn dëst Joer d’Carrièren beim Staat „harmoniséiert“, sou dass d‘ C-Carrière zur allerënneschter Carrière beim Staat gëtt. Domat sinn d’Polizisten mam Secondaire-Diplom dann GANZ ËNNEN UKOMM!!! Do hëlleft och eisem General-Manager Philippe SCHRANTZ seng Motivatiounsried vun Méchelsdaag 2021 net, an där hien proklaméiert huet, dass d’Kapital vun der Police hir Leit wieren…
  • Vum Bildungsminister Claude MEISCH wéilten mer och emol gären wëssen, wéisou ausschliisslech an der Police den Secondaire-Ofschloss manner wäert ass, wéi 3 Joer Secondaire mat 15 Joer Beruffserfahrung an engem „Mémoire“ vun 20 Säiten (Voie expresse) ?

Zwee weider Dysfonctionnementer, déi duerch d’Police-Reform vun 2018 geschafen goufen:

  • D‘„Mixité des carrières“ gouf geschaf, dass Polizisten aus der C-Carrière kënnen d’Verantwortung iwwerhuelen vis-à-vis vun hiren neien Kollegen aus der B1-Carrière. Dëst erméiglecht et, einfach gesot, d’Polizisten fir déi selwecht Aarbecht anescht ze bezuelen.

Ee Beispill, dass dir verstitt vu wat mir schwëtzen:

–          2 Polizisten mat der selwechter Schoulausbildung (allen 2 mat Ofschloss-Diplom vum Secondaire!) fueren zesummen op Patrull.

–          Den déngschteelsten Polizist (z.B. 10 Joer Erfahrung) ass an der Carrière C1, well hien net reklasséiert ginn ass.

–          Den déngschtjéngsten Polizist (z.B. 2 Joer Erfahrung) ass an der Carrière B1, well hien no 2018 bei d’Police koum an säin Schoul-Ofschloss valoriséieren konnt. Spréch: Hien hat d’Wiel ob hien an d’C1- oder an B1-Carrière wéilt goen (deen eeleren Beamten net).

–          Den déngschteelsten Polizist dréit d’Verantwortung an kritt eng op den Deckel wann deem méi jonken eppes geschitt.

–          Mee den déngschteelsten Polizist huet méi eng kleng Pai wéi deen méi jonken!!!

Bei där Ongerechtegkeet muss een sech dach d’Fro stellen, ob een, wat een méi laang an der Police ass, méi domm gëtt? Oder wat huet den Législateur vun 2018 sech dobäi geduecht? An wéi ass et méiglech, dass eng Regierung dat do am Joer 2022 normal fënnt? Wann dat do nämlech fir d‘Regierungsparteien alles normal ass, dann gëtt et déck Zäit, dass aner Leit d’Rudder iwwerhuelen. Leit, déi sech moies nach kënnen an den Spigel kucken an déi dofir stinn, dass esou Ongerechtegkeeten net méi un d’Police erukommen.

  • Wéisou schreift d’DRH keng „Carrière ouverte“-Plazen aus? Ganz einfach, well d’DRH dann déi Posten spezifesch als B1-Plaatz ausschreiwen muss, wat dann awer erëm ee Widdersproch zu där legal an der Police agefouerter „Mixité des Carrières“ duerstellt. Och hei bäisst d’Kaz sech an de Schwanz. De Clou bei der Saach ass, dass nach ni (!!!) “Carrière ouverte”-Plazen vun den Police-Carrièren B1 (Wiessel vum C1 an den B1) oder A2 (Wiessel vum B1 an den A2) ausgeschriwwen goufen, mee dass den Här KOX géigeniwwer vun der Press d’ “Carrière ouverte” als eng vun deenen wonnerbaren “Opstiegschancen” vun den Polizisten opzielt!

 

Vu wéi vill Polizisten schwätzen mir, wann mir soen « Polizisten mat Secondaire-Diplom » ?

Ier d’B1-Carrière an der Police geschafen gouf (also virum 01.08.2018) haten an der Police ronn 600 Polizisten (C-Carrière) eng 1e/13e oder een equivalenten Schoul-Ofschloss. Vun deenen 600 haten ronn 400 Leit vun Ufank un een Ofschloss, déi aner 200 hunn den Diplom „en cours de route“ gemaach.

Wat ass eis Propose? 

Am Optrag an ënner der Leedung vum Ex-Police-Minister François BAUSCH hunn mir Ufank 2020, zesummen mat der DRH vun der Police, een Entworf vun engem Gesetzestext ausgeschafft, deen ee Reclassement vun deenen Polizisten erlaabt hätt, déi virum 01.08.2018 mat engem Schoulofschloss bei d’Police komm sinn.

Dir fannt den Avant-Projet de Loi an der Annexe, zesummen mat 2 Zeitungsartikelen aus dem LUXEMBURGER WORT, déi dokumentéieren, wéi et zum Avant-Projet koum a wéi d’Ministeren François BAUSCH, Henri KOX an Marc HANSEN duerno behaapt hunn, et wier deen Projet ni ginn.

Mir hunn iwweregens als Beweis déi ganz Korrespondenz tëschent der ADESP, dem MSI an eiser DRH. Falls do sollt Interessi bestoen, loossen mir iech se gären zoukommen.

 

***

 

Zum Schluss wëllen mir nach eng Kéier op d’Widdersprëch vun den Fakten an/oder den Aussoen vun den politeschen Verantwortlechen agoen:

  1. Laut Ausso vum Minister Henri KOX an der Fraktioun vun „Déi Gréng“ wier eng Modifikatioun vum Police-Gesetz en vue vum Reclassement vun den Polizisten mat Secondaire-Ofschloss net méiglech, well et net am Koalitiounsvertrag stéing. Deem géintiwwer steet de Fakt, dass grad eng ganz Rei Modifikatiounen am Police-Gesetz um Instanzewee sinn, déi och net am Koalitiounsvertrag stinn (z.B.. Bodycam)!
  2. D’Ausso vun den Ministeren vun der Fonction Publique Dan KERSCH an Marc HANSEN war ëmmer erëm, dass keen Budget do wier fir de Reclassement vun den (600) Polizisten mat Secondaire-Ofschloss. Deem géintiwwer steet de Fakt, dass an der Fonction Publique säit 2015 iwwer 5.000 Reclassementer ouni Budgetsproblemer gemaach goufen an nach ëmmer gemaach ginn!
  3. Mam selwechten Diplom kann een a verschiddenen Carrièren landen, voir souguer mat der „Voie Expresse“ séier erop katapultéiert ginn, oder awer eben net!
  4. Et kann een als Polizist mat manner Schoul via „Voie expresse“ eng besser Carrière (B1) kréien, wéi Polizisten mat Secondaire-Diplom (C1/C2).
  5. Mam Salaire sinn d’Polizisten mat Secondaire-Ofschloss bei der Reform 2018 gezielt an déi niddregst Kompetenzstuf gesat ginn. Deem géigeniwwer steet de Fakt, dass si, um operationellen Plang, d’Verantwortung an d’Ausbildung iwwer méi héich Kompetenzstufen iwwerhuelen mussen!

 

Mir fuerderen näischt méi, wéi dat wat beim Lëtzebuerger Staat üblech ass:

Eng Carrière an ee Salaire a Funktioun vum Diplom an der Anciennetéit!

 

Mir als ADESP wäerten weider kämpfen fir eis primär Missioun: „De Reclassement“.

An dofir maachen mir ALLES, WAT NEIDEG ASS!

 

De Comité

Annexes

 

Avant-projet de loi:

Loi du jj.mm.aaaa portant reclassement de certains membres du cadre policier du groupe de traitement C1, détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires ou d’un diplôme reconnu comme équivalent par le Ministère de l’Education Nationale.

 

 

Nous Henri, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau,

Notre Conseil d’État entendu ;

De l’assentiment de la Chambre des Députés ;

Vu la décision de la Chambre des Députés du jj.mm.aaaa et celle du Conseil d’État du jj.mm.aaaa portant qu’il n’y a pas lieu à second vote ;

 

Art. 1er Les membres du cadre policier, faisant partie du groupe de la catégorie de traitement C, groupe de traitement C1, de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police », détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires ou d’un diplôme reconnu comme équivalent par le Ministère de l’Education Nationale et qui ont eu leur première nomination avant l’entrée en vigueur de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale, sont reclassés dans la catégorie de traitement B, groupe de traitement B1 de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police » suivant les modalités suivantes :

  • Les membres de la catégorie de traitement C, groupe de traitement C1 de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police », détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires ou d’un diplôme reconnu comme équivalent par le Ministère de l’Education Nationale avant l’entrée en vigueur de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale », sont reclassés dans la catégorie de traitement B, groupe de traitement B1 de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police » à la date d’entrée en vigueur de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale, donc le 1er aout 2018.

 

  • Les membres de la catégorie de traitement C, groupe de traitement C1 de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police », détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires ou d’un diplôme reconnu comme équivalent par le Ministère de l’Education Nationale après l’entrée en vigueur de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale », sont reclassés dans la catégorie de traitement B, groupe de traitement B1 de la rubrique « Armée, Police et Inspection générale de la Police » à la date figurant sur leur diplôme.

 

Art. 2 Les fonctionnaires qui bénéficient d’un reclassement au sens du paragraphe précédent, sont reclassés par application de l’article 14 de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État, au grade qui correspond à leur ancienneté de service acquise depuis leur première nomination et sur base des conditions et délais d’avancement fixés à l’article 14.

Le classement dans le grade ainsi déterminé correspond au même numéro d’échelon atteint la veille de l’entrée en vigueur de la présente loi, diminué d’un échelon. À défaut d’un tel échelon, les fonctionnaires sont classés au dernier échelon du grade, le cas échéant allongé.

 

Art. 3 Après le reclassement, les avancements ultérieurs en traitement aux grades F7, F8 et F9 et les promotions aux grades F10, F11 et F12 se font conformément aux dispositions de l’article 14 de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État.

Par dérogation à l’article 14, la date de la première nomination est celle de la nomination au groupe de traitement C1.

Les fonctionnaires qui ont réussi l’examen de promotion du groupe de traitement C1 sont dispensés de l’examen de promotion du groupe de traitement B1 pour accéder aux grades du régime supérieur.

Pour les avancements en échelon au sens de l’article 7 de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État, les deux ans de bons et loyaux services dans le même échelon de son grade sont calculés à partir de la date de nomination dans le groupe de traitement B1.

 

Art. 4 La présente loi sort ses effets au 1er août 2018. entre en vigueur le premier jour du troisième mois qui suit la date de publication au mémorial.

 

Mandons et ordonnons que la présente loi soit insérée au Mémorial pour être exécutée et observée par tous ceux que la chose concerne.

 

 

Le Ministre de la Fonction publique et de la Réforme administrative Palais de Luxembourg, le jj.mm.aaaa
Marc HANSEN Henri

 

 

 

EXPOSE DES MOTIFS

Le présent projet de loi a pour objectif de régler les difficultés qui sont apparues à la suite de la mise en application depuis l’entrée en vigueur de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale.

Avec les articles 73 et suivants, ainsi que l’article 94 de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale furent introduits deux mécanismes de changement de carrière au sein de la Police par analogie aux textes en vigueur au sein du reste de la fonction publique.

La loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale a également créé le groupe de traitement B1 dans la carrière policière, groupe de traitement qui faisait jusqu’alors défaut.

L’article 66 de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale a par ailleurs introduit une disposition spécifique de changement de carrière qui permet aux détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires reconnu afin de pouvoir accéder au groupe de traitement B1, de se présenter aux examens-concours pour ce groupe de traitement. En cas de réussite, les fonctionnaires qui ont auparavant suivi avec succès la formation professionnelle de base du groupe de traitement C1 sont dispensés de suivre la formation professionnelle de base du groupe de traitement B1.

Cette disposition spécifique avait comme objectif de permettre aux fonctionnaires de police du groupe de traitement C1 d’accéder au groupe de traitement B1 pour lequel ils n’ont pas pu postuler au moment de leur recrutement pour la simple raison que ce groupe de traitement n’existait pas.

Or, d’après les règles générales applicables au sein de la fonction publique, ce changement de groupe de traitement correspond en réalité à un réengagement qui a comme effet que le fonctionnaire perd son ancienneté acquise dans le groupe de traitement C1. Si la différence de traitement est compensée par un supplément personnel qui diminue au fur et à mesure que le traitement augmente par l’accomplissement des conditions de stage, d’examen et d’années de service, le fonctionnaire qui dispose déjà d’une certaine ancienneté acquise dans le groupe de traitement C1 ne profite pas immédiatement du changement de groupe de traitement contrairement aux fonctionnaires qui ont opté pour un des autres mécanismes de changement de carrières et certains risquent de ne jamais pouvoir profiter, alors qu’ils doivent attendre 20 ans afin de pouvoir accéder au grade de fin de carrière du groupe de traitement B1, à un moment donc où certains ont déjà atteint l’âge de la retraite. Par ailleurs, comme l’article 66 ne prévoit pas explicitement que le supplément personnel est pensionnable, il existe une incertitude juridique si le changement de carrière prévu par l’article 66 n’affecte pas le montant de la pension.

Si les trois mécanismes de changement de carrière prévus par la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale présentent un réel atout pour les jeunes membres du groupe de traitement C1 détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires ainsi qu’aux fonctionnaires expérimentés du groupe de traitement C1 qui ne remplissent pas ces conditions d’études, les membres du groupe de traitement C1 détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires et disposant d’une expérience pouvant aller jusqu’à 20 ans de service ne peuvent pas profiter des faveurs de la carrière ouverte.

La présente loi est destinée à remédier à cette incohérence

 

Artikel aus dem LW vum 23.01.2020

20200123 Luxemburger Wort – Verlierer mit Diplom

 

Related posts

2 Comments

  1. De klenge Frechdachs

    Hei gouf awer eng wichteg Info ausgelooss, ausser ech hätt se iwwerliest, dann entschëllegt mäin Kommentar. Vill Polizisten wäerten Méiglechkeet kréien an de B1 ze kommen duerch voie expresse. Et gëtt nämlech eng 10 Joer Transistiounsphase, wou der Hierarchie no eng sëllege Polizisten duerch schreiwe vun engem Mémoire Geleeënheet kréien an de B1 ze kommen. Et gëtt jo och am Artikel erwäänt, dass di éischt 350 duerch sinn.

    Di nächst 250-300 (hunn keng genau Zuelen) kruten läscht Joer och d’Geleeënheet e Mémoire ze schreiwen. Den 1.Mäerz war Abgabetermin an d’Resultater gi fir Enn des Joers erwaart. Do hätte mir jo dann +- 600 Leit am B1 duerch déi Methode.

    Wann ee bedenkt dass et déi dote Méiglechkeet vun 2018 u gëtt an Enn 2022 +- 600 Léit de B1 esou kréien, da kann ee jo rechne wéi vill Leit dat bis Enn vun der Transitiounsphase 2028 wäerte sinn.

    Wat mech och en bëssi gestéiert huet un den Aussoe vun dëser “Splittergroupe” (divide et impera) ass Folgendes: bei der Policereform 1999, wou een iwwert eng 3ieme/11ieme an Police konnt goen, hunn déi Leit nach 2 Joer Spezialisatioun an der Policeschoul kritt. Déi 2 Joer Schoul goufen awer ni unerkannt. Doriwwer liesen ech näischt. Eventuell ass dat och net den Interessi vun deene Leit well si jo all en Diplom aus dem Secondaire hunn. Ma do gouf et menger Meenung no schonn e Mëssel, an deemools war et CSV déi um Rudder war. Sollen mer do net de “Fazit” nach eemol revidéieren.

    En plus, vill Leit an der Police hate virun dëser Reform nach keen Premièresdiplom (et ginn der och eng sëllegen mat engem richtegen Ofschlossdiplom), ma si schnell op Metz (ënnert anerem) gefuer, fir do, an et deet mir Leet dat elo esou ze schreiwen, esou een “Wësch” ze kréien, den dann hei am Land och nach unerkannt gëtt. Ech kenne Leit di dat gemaach hunn, an dat ersetzt, wat Matière ugeet ni eng richteg Première. Natierlech seet esou e Pabeier och net aus, wat eng Persoun elo kann oder net. Ma frot emol eng Kéier no, wat zu Metz um Programm steet.

    Et war menger Meenung no hei einfach gepokert ginn, an der Hoffnung, dass Sekonndairerofschlosdiplomer no der Reform automatesch unerkannt ginn a fir e Reklassement an d’B Karriär zouloossen. Lo hunn déi Leit, déi All-In gaange sinn (déi kuerz virun der Reform nach en Diplom nogeholl hunn), verluer a kloer hannerléisst dat e batteren Nogeschmaach. Vu dass d’Konditiounen deemools awer kloer waren, wou se an d’Police komm sinn, nämlech dass een an d’C Karriär kënnt, misst een sech elo och mat der eegener Nues huelen. Et wor zu kengem Zäitpunkt eng Garantie do, dass no der Reform déi Leit géifen an Redakteschkarriär kommen.

    Dass et duerch den neie System Problemer an Ongerechtegkeete wäerten entstoen ass bestëmmt net falsch. Dass et fir Onzefriddenheet wäert suergen, ass méi wéi sécher. Awer esou wéi et hei duergestallt gëtt, fannen ech et bëssi traureg, just eng Säit ze beliichten.

    An wéi hei di verschidde Parteien hier Aussoen duergestallt gi fannen ech och bëssi naiv. Eng kleng positiv Äusserung vun der Oppositioun ass also Feu vert fir eng Stëmm ze ginn. Wéi wann déi et anescht gemaach hätten. Grad CSV waren dach déi, di Jore virdrun de Mëssstand wéi virdrun erwäänt, erschaf hunn.

    An just wéinst dem Punkt enger Partei eng Stëmm ze ginn, duerch en individuelle Problem, ass dach scho mol egoistesch. Mir wielen also elo eng Partei déi just 1 Critere soll erfëllen an déi daerfen da mol 4 Joer regéieren? Misst en, besonneg hautesdaags mat all deene Problemer di mor an eiser Gesellschaft hunn, mol bëssi manner egoistesch denken? Hu mir net aner Suergen, déi mir an de Grëff musse kréien, a wou ee besonneg gutt déi nächst Parteiprogrammer soll duerchliesen? Hunn déi Leit keng Kanner, déi nach laang no hierer Zäit musse kucken, hei a Lëtzebuerg (oder am Grenzgebitt) Fouss ze faassen?

    Am grousse ganze fannen ech dësen Artikel e schwaache Moment op dëser Plattform. Spiggelt op alle Fall net déi allgemeng gutt Qualitéit vum Site erëm.

  2. ADESP

    Madamm oder Här “De klenge Frechdachs”,

    Op anonym Kommentaren reagéieren mir net.

    Dir kënnt gären mat eis a Kontakt trieden, dass mir iech den Ënnerscheed tëschent “Reclassement” an “Voie Expresse” erklären kënnen. Bei där Geleeënheet kënnen mir dann och iwwer de Bologna-Prozess schwätzen.

    Mat beschten Gréiss,

    D’ADESP

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *