Jeannot Weber: Vum Bauer zur Landwirtschaft.

1
544
jeannot Weber

Ënnert engem méi laangen Text ass och e Video ze gesinn

D’Landwirtschaft stécht haut an enger grousser Kriss.

Problemer vu Klima, Bio -Diversitéit, Ëmweltschutz, Energie, Landverbrauch betreffen d’Landwirtschaft direkt. Donieft mécht sech eng grouss Onzefriddenheet ënner de Bauere breet.

 

E Bléck zeréck.

Iwwer Joerhonnerten sinn duerch Aarbechte vun de Baueren divers Kultur Landschaften entstanen. Eis Gesellschaft huet sech duerch Baueren zu enger einfacher Pragmatescher a Buedemstänneger Gemeinschaft entwéckelt. Dës Bauer Kultur huet sech zu Lëtzebuerg bis weit, an 20 Joerhonnert gehalen, wou Dierfer mat  Bauerenhaiser a Scheieren iwwerall Duerf Bild bestëmmt hunn. Um Duerf wor Fréier jiddereen an iergend enger Form e Bauer. Méi Pap wor Schmelzaarbechter, an eng vu mengen éischten Kandheet Erënnerungen fänkt mat der Ëmännerungen vun eiser Wunneng un, wou aus engem Schwéngsstall eng Kichen entstanen ass. Op Tratt a Schratt  huet mech dëst Bauer Liewen a menger Jugend begleet. Bauerebetriber als Noper, mat Hénger déi fräi gelaf sinn, a  Mueres an Owes Kéi déi ob an vun der Weid geholl si ginn. A wann eiser een sech no der Schoul mat de Kolleegen zum Fussball spillen getraff huet, hunn do déi aus de Bauere Betriber meescht gefeelt. Baueren Betriber waren Familljen Betriber an hei hat jiddereen, och déi jéngst an der Famill seng Aufgab. Dernieft hunn déi Bauere Betriber och fir eng Direkt Versuergung vu Liewensmëttelen um Duerf gedéngt, Mëllech wei Eeër konnten regelméisseg direkt an der Noperschaft  besuergt ginn. Am Hierscht huet de Bauer mat enger gréisser Liwwerung vu Gromperen de Keller gefëllt  , an esou iwwer de Wanter fir vill Moolzechten gesuergt.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-portant-un-chapeau-de-seau-marron-45852/

 

Verschwannen vum Bauer aus dem Duerf.

Mat der Zäit huet um Duerf lues a lues ëmmer méi Bauerebetriber hier Aktivitéiten agestallt, se si verschwonnen.

1965 waren zu Lëtzebuerg nach iwwer 9000 Bauere Betriber.

1975  hunn nach 11 500 Leit voll um Bauerenhaff geschafft.

2016 waren dëst nach 1800 Betriber mat  3500 Aarbechtsplazen

An déi verbliwwen Betriber sinn ëmmer méi grouss ginn. Ëmmer méi grouss Scheieren , ëmmer méi grouss Maschinnen hunn am Duerf hier Plaz gebraucht . Eng Rei Bauerebetriber sinn ob de Rand vum  Duerf geplënnert. Lues awer sécher ass de Bauer aus den Dierfer verschwonnen. An der Landschaft ass eng Landwirtschaft entstanen mat ëmmer méi grouss Betriber a  Maschinnen. Chemesch Dünger wei Onkrautvernichter hunn en Aarbecht intensiv  Liewen vun de Baueren vereinfacht. Eng Joerhonnert laang Kreeslaf Wiertschaft, huet sech zu enger ëmmer méi industrialiséierter Landwirtschaft entwéckelt. Aus engem eegestännege Bauer ass en Deel vun engem System ginn,  e System béidem den eenzelen Bauer nach just Wiel hat weider mat dem Trap, oder hi schmäissen.

 

Déi nei modern Landwirtschaft.

Des nei Landwirtschaft huet gefuerdert,  ganz Landschaften sinn zesumme geluecht, drainéiert a begradegt ginn.

jeannot Weber

Et war eng gesamt Gesellschaftlech Aufgab, mat alle Mëttelen dëser Landwirtschaft ze hëllefen esou vill a sou bëlleg Liewensmëttelen wei méiglech ze produzéieren. Wann et um Duerf soss geheescht huet, en huet de Bongert verkaaft, huet dëst bedeit de Bauer ass um Enn, Faillite , De Bongert huet zu engem Bauerenhaff zum Duerf, wei eng Kierch gehéiert, a war eigentlech fir e Bauer onentbierlech. Mee och de Bongert ass dunn net méi gebrauch ginn, et sinn souguer Primme bezuelt ginn fir Bongerten platt ze maachen. Den Uebst Bongert traditionell als Héich Stamm huet  ze vill onkontrolléiert produzéiert, an huet vill Platz gebraucht. Verschwonnen sinn net nëmmen Bongerten aus der Landschaft,. Mat der neier modernen Landwirtschaft hat Natur an der Landschaft keng Platz méi, se ass och net méi gebraucht ginn. Hecken a Beem déi iwwer Joerhonnerten dem Bauer mat Iessbarem, als Apdikt oder als Brennholz genotzt huet, dës Hecken a Beem hunn elo an dëser Moderner Landwirtschaft gehënnert .

 

Éischt Naturschutz an Ëmweltschutz.

1965 ass duerch en éischt Naturschutz Gesetz Hecken zum Deel geschützt ginn a hunn dunn net méi muttwëlleg zerstéiert duerfen ginn. An der Praxis huet dëst awer direkt der Natur wéineg gehollef.

Am Fréijoer huet et iwwerall an der Landschaft gebrannt. Bordüren vun de Felder sinn ofgebrannt ginn, a zugläich sinn vill Hecken mat gebrannt ginn. Am Summer ass och mools eng Heck mat der Sprëtz “behandelt” ginn.

Jeannot Weber

Weider hin  sinn vill ha Landschaften dréche geluecht,  Baachen drainéiert, a ganz  Wäibierger em modeléiert ginn. Dëst alles bis an di 90 Joren. Dank Naturschutz Organisatiounen huet dunn eréischt den Natur an Ëmweltschutz  ëmmer méi u Gewiicht kritt. Um Rand  vun den villen  ausgeraumten Landschaften ass elo e bësschen Natur  toleréiert ginn. Folgen vu enger reng ob Wiertschaft ausgeriichtener Landwirtschaft, hatt och fir de Mënsch selwer direkt Konsequenzen. Ëmmer méi Problemer  beim  Drénkwaasser a Form vun Nitrat Belaaschtungen an aneres. Réckstänn vun Pestiziden a Liewensmëttelen waren weider Warn Zeechen un eng zweiwelhafter Landwirtschaft.

 

Bio Landwirtschaft zu Lëtzebuerg.

Séit de 70.  an 80. Joren ass zu Lëtzebuerg duerch engagéiert Baueren eng kleng Bio Landwirtschaft entstanen . Déi Bio Baueren hu versicht mat Récksiicht ob Natur, Ëmwelt a Mënsch héichwäerteg Liewensmëttelen ze produzéieren. Bis Haut ginn zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer nëmmen 5,18 % von der Agrar Fläch biologesch Bewirtschaftet.  Den EU-Duerchschnëtt  leit bei  7%. Lëtzebuerg ass domat an Europa ob der 20. Platz.  Weit viraus Éisträich ob der éischter Platz mat 24,1 % dann mat iwwer 20 % Estland a Schweden an Italien mat iwwer 15%. Och all eis Nopesch Länner sinn eis en Schratt beim Bio Ubaue viraus, mat Frankräich an Däitschland mat iwwer 7 % a souguer Belsch huet mat iwwer 6% Nues virun eis.

Jeannot Weber

Um Pabeier ass Zill zu Lëtzebuerg a punkto Bio Landwirtschaft ambitiéis: Bis 2025 sollen zu Lëtzebuerg eng 20 % vun de landwirtschaftlech genotzten Flächen biologesch genotzt ginn, bis 2050 sollen et  100 % sinn……..

Eigentlech sinn Viraussetzungen beim Konsument am Verglach mat Europa eigentlech ganz gudde, well do ginn Lëtzebuerger mat déi meeschte Suen aus fir Bio Produkter ze kafen, déi awer zur Zäit, wei villes mussen importéiert ginn.

Eng nei Orientéierung vun der Landwirtschaft ass néideg.

Problemer vun der Zäit verlaangen, mer brauchen eng nei Orientéierung vun der Landwirtschaft. An dësem Punkt sinn sech Acteuren och al eens,   de Wee wouhin,  an Vitesse,  do scheeden sech Geeschter.

Heibäi wënschen ech mer  e bësschen dëse Prakmatismuss a Buedemstännegkeet déi de Bauer ëmmer an senger Geschicht ausgezeechent huet. Mer brauchen haut weder eng Verdäiwelen wei e  Romantiseieren vun der Landwirtschaft.

Ouni d ‘Baueren keen  Naturschutz an der gesamter Landschaft.

Zu Lëtzebuerg  fléisse ëmmer méi Gelder an Naturschutz Projeten, an awer gëtt Lescht vun den Deieren a Planzen déi aus eise Landschaften verschwannen ëmmer méi grouss. Am Moment maache mer just um Rand vun eise Landschaften mat vill Méi a Geld Naturschutz Projeten.

Dobäi ginn 52,3 %  vum Terrain zu Lëtzebuerg fir landwiertschaftlechen Aktivitéiten genotzt, dat sinn 135.195 Hektar. Eis Bëscher hunn 96 175 Hektar.

Vun der onbebauter Landschaft sinn 8.116 Hektar geschützt Gebieter,  dat sinn nëmme knapp 3% vun der Landesfläche vu Lëtzebuerg. Die meescht Naturschutz-Gebitter leien och an de Bëscher oder ob Flächen die keng grouss Landwiertschaftlech Notzung zouloossen.

Photo de Mark Stebnicki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/recolte-a-la-machine-2255801/

Naturschutz Projeten sinn oft entweder an geschützten Gebitter, direkt beim Bësch, oder ob deenen Flächen déi fir Landwirtschaft kee groussen Notzen hunn. Dernieft produzéieren mer weider intensiv,  haaptsächlech fir eng Fleesch a Mëllech Produktioun. Zu Lëtzebuerg hu mer eng Kultur Landschaft. Ouni Aktivitéiten an dëser Landschaft dierf iwwerall erëm Besch entstoen. Sou schéin dëst och fir Natur wier, bedeit méi Bësch net gläich méi Bio Diversitéit. . Déi meescht vum Ausstierwen bedrohten Deieren a Planzen zu Lëtzebuerg liewen an der Kultur Landschaft.- Liewensraim wei Fiicht , dréchen Wissen , wei Bongerten hu mat déi héichs ten Bio Diversitéit bei eis.  Dat sinn alles Liewensraim déi duerch de Mënsch, de Bauer entstanen sinn, a wou déi Bio Diversitéit och nëmmen duerch eng gewëssen  Aktivitéiten vum Mënsch bleift.

Méi Natur duerch de Bauer ?

Baueren hunn déi Landschaften ervir bruecht, déi mer haut wëllen erhalen a schützen. Dunn huet déi  modern Landwirtschaft d’ Natur aus villen Landschaften zum gréissten Deel éliminéiert . Haut kéinten d’ Baueren och esou Landschaften erëm mat Natur fëllen. Baueren kéinten och Natur produzéieren. Mer mussen nëmmen de Schutz an Hierstellen -Renaturéieren vun der Natur als e Produkt gesinn. Esou wei  een fir all Produkt jee no Qualitéit muss bezuelen , musse een och fir  een gudden Naturschutz e fairen an richtege Präis bezuelen. E Naturschutz mat de Baueren kéint  fir Gesellschaft insgesamt net méi deier ginn, wei déi mécht Naturschutz Projeten an Ëmweltschutz Moossnamen haut eis schonns Kaschten. Bedingung fir en Naturschutz duerch Baueren ass:  Bauere Betriber funktionéieren laangfristeg, e Bauer dee Natur soll produzéieren brauch Sécherheet a  Garantien, e  muss sech kennen ob ebe s verloossen.

 Zukunft vum Bauer ?

Baueren fille sech am Stéch gelooss. Iwwer Joerzéngten sinn Baueren zum Deem geformt ginn wat se haut sinn. Produkteueren vu villen am méiglechst bëllegen Liewensmëttelen, haaptsächlech Fleesch a Mëllech zu Lëtzebuerg.

pexels

An elo stellt sech villes vun deem als e falsche Wee. Eleng ze behaapten alles richteg a gutt ze maachen ass net gutt. Eleng ze behaapten dat de Bauer fir de Lëtzebuerger fir voll Telleren suergt stëmmt net méi. Ob deene Felder déi ech haut direkt bei mengem Duerf fannen gëtt wéineg vun deene Liewensmëttel produzéiert déi ech all Dach brauch. Landwirtschaft war déi Basis vun der Entwécklung vu Lëtzebuerg. Déi Landwirtschaft huet 2021 just nach 0,2 % vum Bruttoinlandprodukt vum Land ausgemaach. Freier war de Bauer de Mëttelpunkt vum Duerf Liewen, a keen huet sech un engem Kéiflapp ob der Strooss geiergert. Baueren hunn Buergermeeschter a Gemengerot bestëmmt, a waren Seil vun den Duerf Veräiner. Haut sinn Baueren zum gréissten Deel aus den Dierfer verschwonnen, an hier Spuren ginn an de neien Citéen net gär gesinn. De Bauer ass e Friemkierper an eiser Gesellschaft ginn, a fir seng Aarbecht feelt et ëmmer méi un Akzeptanz. Och d’Bedeitung vum Bauer am politesche Liewen ass mëttlerweil minimal .

Mir brauchen erëm Baueren déi eng Landwirtschaft  bedreiwen déi fir eng gesamt Gesellschaft e Notzen huet. Baueren  déi gesond a villfälteg Liewensmëttelen  hirstellen. Baueren déi d’ Natur Landschaft Ëmwelt mat Respekt begéinen. Baueren déi weisen dat Mënsch a Natur zesumme geheieren.

1 COMMENT

  1. Exzellente Beitrag, deen inhaltlëch sou Munches thematiséiert a weist, wéi déif mir am Laf vun der Zäit gesonk sinn ….an awer net an Defaitismus ausaart – Chapeau!

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here