Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Déi sozialistesch Schizophrenie a Saachen Ekonomie! 

Déi sozialistesch Schizophrenie a Saachen Ekonomie!
She is Little Red Riding Hood, the main character in Grimm's Fairy Tales.

Wien dat grousst Gléck hat e leschten Donneschdeg den Diskussiounen an der Chamber nozelauschteren, dee koum aus dem Staunen net eraus! D’LSAP ass am gaangen sech selwer ze fannen. Si entdecken grad d’Ekonomie a fueren wéi de Christophe Columbus einfach mol drop lass. Mol kucken wouhinner d’Rees si bréngt. Ma hiert Schëff gouf schonn d’lescht Woch fatzeg duerchgerëselt.

Den CSV-Vertrieder Laurent Mosar hat seng Interpellatioun un d’Regierung iwwer d’Zukunft vun der nationaler Wirtschaft virgedroen a konnt sech et dobäi net verknäifen, kuerz op dem Minister seng Strategie ze schwätzen ze kommen fir d’Joer 2050.

lsap.lu

Hien huet den Här Fayot felicitéiert, datt de Rifkin-Prozess an der Intimitéit an ouni Här begruewen ginn ass an duerch e Comic-Heftchen ersat gouf.. Dat war schonn e bësselchen offälleg, ma och net ganz falsch.

Ech hat de 15. Januar dovunner geschriwwen http://bit.ly/3JJeKz7. De Message ass zwar kannereg, ma dofir ëmsou méi kloer. Eist Land brauch Décroissance, also Minuswuesstem.Datt mir manner schaffen, manner verdéngen, datt den Drock op eis an op déi national Wirtschaft méi ofhëlt. Virun allem ass d’Zukunft vun eisem Pensiounsdëppen garantéiert. Mir verdéngen zwar manner, mir ginn deementspriechend manner Suen aus, mä mir spieren eis vill besser. Aus der loose-loose-Situatioun gëtt eng Win-Win!

gkonine
Wikipedia

Déi groussherzoglech Press huet déi Thematik ënner den Dësch gekiert, ma och d’Parteipresidentin Francine Closener a Mamm vun zwee Kanner schéngt d’Grimms-Märchen léiwer als Nuetslecture ze hunn ewéi d’Visiounen vun hirem Minister. An hirer Ried als sozialistesch Äntwert an där parlamentarescher Diskussioun huet si op alle Fall feierlech an onschëlleg deklaréiert, datt fir si a fir d’LASEP eng Décroissance net a Fro kéim.

Dem Minister ass de Colis geplatzt. No der Ried vun der Madamm Closener ass hien opgesprongen, goung bei si, fir laang an opgereegt op si anzeschwätzen. Hien huet vill mat den Äerm gefuchtelt a gouf senger Parteipresidentin net déi geréngste Chance, ze äntweren. Säi Message war kloer. Dee Saz vun der Closener hätt einfach ni däerfe gesot ginn! No enger gefillt hallwer Éiwegkeet goung de Fayot zeréck op seng Plaz fir sech do eleng sengem Granz z’iwwerloossen.

LSAP.lu

Den Intermezzo gouf natiirlech vun all deenen anere Partei am Plenum mat breedem Laachen am Gesiicht observéiert an och kommentéiert. D’Genosse selwer sinn alles aneschters ewéi begeeschtert vum Optrieden vum FF, dee wéi en Exhibitionist déi inhaltlech Divergenzen an der Partei zur Show gewisen huet. Zimmlech desastréis! D’Genossen missten sech esou lues eens ginn op esou engem net onwichtege Punkt: wëlle mir weider wuessen oder net? D’Partei hat 9 Joer an der Gambia-Koalitioun Zäit, doriwwer nozedenken a sech mat DP an deene Gréngen ofzeschwätzen.

Ma neen! Et gouf jo ëmmer alles mat Rifkin erkläert. Elo leeft de Genossen d’Zäit fort! Eng Partei-intern Diskussioun ass bal net méi méiglech, de Risk, sech selwer ofzeschéissen ass dofir einfach ze grouss. Ech ginn de Sozialisten eng kleng Hëllef mat op de Wee.

Bei der nächster Index-Tranche ginn et keng 2,5% méi an der Pai, ma 2,5% manner! Et wier alt en éischte Schrëtt an Direktioun Franz Fayot. Mengem Usträicher géing et doduercher séilesch einfach besser goen. Dee Mann hat zejoert esou gutt geschafft, datt hien zwee Gesellen zousätzlech agestallt huet. Elo ass den Drock vun him ewéi wechgeblosen a kann getrouscht zwee Männer entloossen. An hie fillt sech gutt dobäi. E Paradigme-Wiessel, tatsächlech!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *