Recent Posts

Post Categories

Situatioun op der stater Gare: fir Firlefanz huet d’Justiz keng Zäit 
Ewéi esou dacks spillt d’Musek an de soziale Medien. Zum Beispill op Whatsapp. Do kritt een am Text, Bild an...
Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....
D’Biergerpartei a Suerg wéinst héije Stroumpräisser 
Offener Brief an Herrn Lex Delles Minister für Wirtschaft,  Energie und Tourismus                ...

Blog Post

Aussepolitik

Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 

Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull!
Photo de Piotr Arnoldes: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-yeux-portrait-maquillage-11565035/

D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee 3 Joer sinn et hier, datt si am Afghanistan nees d’Muecht iwwerholl hunn, datt si d’Welt gleewe gelooss hunn, souguer en Taliban kéint sech moderniséieren. Seelen esou gutt gelaacht. Zanterhier goufe lues a lues de Fraen hir Rechter – hir elementar Rechter- ewechgeholl: si däerfen nom 12. Liewensalter net méi an d’Schoul goen, si musse Kierper a Gesiicht mat enger Burka zoudecken, si däerfen net wäit reesen ouni männleche Begleeder…a si däerfen zanter e puer Wochen net méi an der Ëffentlechkeet sangen!

Si däerfen esou guer net méi haart schwätzen. D’Stëmm vun der Fra soll de Mann excitéieren, hie kéim op kromm Gedanken. Liebesgrüsse aus der Lederhose! Déi Taliban brauche wuel net vill! Ma och ech kréien eng Hoererektioun: wéi ass et méiglech, datt de ganze Westen näischt dozou ze mellen huet? ⚢ Fraen däerfen net an d’Schoul, däerfe sech net an engem Hammam wäschen, Fraen däerfen net duerch en ëffentleche Park spadséiere  goen. Op d’mannst déi däitsch Ausseministesch Analena Baerbock hätt jo bal mussen d’Trapen eroffale fir um Mikro nach eemol hir Aussepolitik mit weiblichem Antlitz ze explizéieren!

A wou bleift d’Gender- a Queer-Generatioun? Misst net grad si bei esou Verboter aus Jupe a Box fueren? Sech mat Pattex virun der Chamber un de Makadamm festpechen, de Sklavechouer sangen? Dat ass da wuel ze vill verlaangt. Et ass méi gemitterlech, den däitschen Duden op d’Kopp wollen ze stellen.

Photo de Hatice Baran: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/noir-et-blanc-femme-danser-voile-19593709/

Also keng Solidaritéitsmanif! Grad esou schéngen sech d’Medie mat där lamentabeler Situatioun vun de Fraen offonnt ze hunn, déi um Ufank vum 21. Joerhonnert am Mëttelalter op d’Welt koumen. Lescht Hoffnung: den nationale Fraerot, ma och dem seng Zaldotinnen si ganz vill midd.

D’Fra gëtt et ganz einfach net méi an deem Land. Fir d’éischt koum d’Burka a schwupps, wor si vun der place publique ewéi ewechgezaubert. Elo huet si hir Stëmm confisquéiert krut. Domadder ass si an der Ëffentlechkeet inexistent, ma si féiert hire Kampf bestëmmt weider, dann eben am Pëspertoun. Aneschters ewéi d’Fra am Westen: déi huet kapituléiert, dem Feminismus de Réck gedréit.

Wonnerbar, gelldiert. Dorobber drénke mir direkt zwou Kippercher!

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Bon…de westen haat sech jo awer lang genuch an afghanistan agemescht…am ufank fir dei beis russesch kommunisten ze verjoen.
    On connait le resultat.

    1. Guy Kaiser

      Dat ass wuel richteg, ma hei geet et jo net ëm eng militäresch Amëschung op afghaneschem Territoire. Et geet mir perséinlech drëm, drop hinzeweisen, wéi schwaach deen Thema bei eis diskutéiert gëtt: an de Medien ze soen näischt, beim Fraerot dinn se sech schonn zanter Joer schwéier, wat d’Burka betrëfft etc.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *