Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Huet déi lëtzebuerger Regierung e Problem mat der Demokratie? 

Huet déi lëtzebuerger Regierung e Problem mat der Demokratie?
Photo de Ivan Samkov: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-gens-fumer-peur-9643249/

Iwwert alles soll kënnen diskutéiert a gestridde ginn, och iwwer Gas an Atom. Déi zwou Energiequellen sinn zanter gëschter offiziell gréng! Dat fochst natierlech an der Haaptsaach déi Gréng, deenen hire Fonds de commerce et déi lescht 4 Joerzéngte war, sech géint den Atom ze wieren. Ma gréng ass net gläich gréng, do ginn et gehéiereg Ënnerscheeder am Faarftoun. A Lëtzebuerg huet nun eemol net onbedéngt déi gescheitste Gréng!

Et muss ee kënnen mat der Zäit goen, wëll heeschen, et muss een och alt mol bereet sinn, seng Meenung ze änneren. Am Fall Atom gëtt et d’Beispill vun de Gréngen a Finnland: d’Partei – jo esouguer déi jonk Gréng– gesinn den Atom tatsächlech als nohalteg. Et ass fir si eng wëssenschaftlech Selbstverständlechkeet, datt den Atom Klima-neutral ass.https://bit.ly/3OLiotE D’Partei huet dat esou guer an hiert ‘Manifest’ opgeholl!

Photo de Markus Distelrath: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/centrale-nucleaire-3044473/

Dovunner awer gëtt net geschwat. Net bei de Gréngen zu Lëtzebuerg a scho guer net an der lëtzebuerger Press. Dat ass konter-revolutionär! Ma schonn virun 3 Joer hat d’Jugendidol Greta Thunberg déi nämmlecht Fro opgeworf. Onofhängeg vum abléckleche Krich an der Ukrain ginn Solarzellen a Wandmillen einfach net duer, fir d’Netz adequat ze versuergen.

Den Atom huet seng Risken, ganz kloer! Ma seng Produktioun ass grad esou kloer klimaneutral. An déi nei Generatioun vun AKWen gëtt bedeitend méi kleng an deementspriechend manner geféierlech. Natierlech bleift d’Fro: wouhinner mat deem atomaren Dreck, deen eise Planéit fir Joerhonnerte belaascht? Dat allerdéngs ass eng Fro, déi net d’Klima-Neutralitéit betrëfft!

D’Decisioun iwwer déi sougenannten Taxonomie ass am Europa-Parlament gefall. En demokratesche Vott. Leider net am Sënn vun de Gréngen, a grad déi lëtzebuerger Gréng féieren sech op ewéi de Batti; si stellen dee Vott a Fro a wëllen zesummen mat Éisträich juristesch géint d’Pläng vun der EU-Kommissioun virgoen. Hallo! Wéi ass et mam Geliits? Do goufe wuel Spuerbiren agedréit!

de Vott war schliisslech am Europa-Parlament, also souzesoen bei der Mamm vun allen Demokratien an der Europäescher Unioun. Méi demokratesch geet net. Mä nom Motto wat net däerf sinn, dat ass och net! ginn déi lëtzebuerger Gréng, geet déi lëtzebuerger Regierung an d’Attack. Staarkt Stéck!

Ofgesinn dovunner, datt et zu Lëtzebuerg juristesch net méiglech ass- ausser bei Punkten déi d’Verfassung betreffen- werfen ech déi theoretesch Fro op: wann déi groussherzoglech Regierung eppes decidéiert an duerch e Vott um Krautmäertchen duerchgesat kritt, soll dann déi frustréiert Oppositioun juristesch Schrëtt géint Gambia 2 an d’Weeër leeden? E Faass ouni Buedem! Well et läit an der Saach vun der Politik, datt d’Positiounen tëscht Regierung an Oppositioun op ville Punkten ausernee leien.

luxembourg-city.com

D’Ekipp Bettel hëlt beispillsweis hier Decisioun a Saachen Tripartite. Di Lénk sinn net averstanen. E Prozess! D’Madamm Lenert léisst sech vun der Chamber gréng Lut ginn fir eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer. D’CSV mengt, dat sollt eréischt vu 60 Joer u gëllen, kënnt awer domadder net duerch. Den nächste Prozess! Staatlech Ënnerstëtzungen an der Logementspolitik. Si ginn de Piraten net wäit genuch, nach e Prozess!

Sou léisst sech keng Politik méi maachen!  Eigentlech missten sech d’Deputéierten bewosst sinn, datt si op dës Manéier sech selwer degradéieren. Éischte Bierger vum Land ass de President vun der Chamber an net iergendee President vun engem Geriicht. D’Vollek wielt all 5 Joer e Parlament, net eng Regierung. Dat Parlament ass also demokratesch gewielt, genau ewéi dat Europäescht Parlament.

A wat op parlamentareschem Plang decidéiert gëtt, ass ze respektéieren – och wann et munchmol schwéier fält. Der lëtzebuerger Regierung passt d’Resultat vum Vott net an de Krom. Si huet sech gëschter eng bluddeg Nues geholl a wäert sech am nämmlechte Kontext nach méi dacks blaméieren. Et ginn der eben, deene gëtt et eiser Här am Dram!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *