Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Dem Steinmetz säi lescht Buch: A cruel new world- DIE ZUKUNFT ENDET JETZT 

Dem Steinmetz säi lescht Buch: A cruel new world- DIE ZUKUNFT ENDET JETZT
Steinmetz

 

De Robert E. Steinmetz ass zanter 16 Joer an der Pensioun. De fréiere Polizist schreift haut keng Rapporten méi, ma Bicher. Hien hat publizistesch eng éischte Kéier virun 3 Joer op sech opmierksam gemaach, mat senger Autobiographie “….un doch lebe ich“, wouranner et vill ëm seng méi ewéi schwiereg Kandheet goung am Lamperbierger Kannerland. Zanterhir huet de Mann sech schrëftstelleresch weider entwéckelt a bréngt elo schonn säi véiert Buch eraus. E Roman mat Dramatik, voller Spannung.

Am Joer 2039 gëtt et an Amerika eng Rise-Katastroph, déi e Biergerkrich mat sech nozitt an deem extreem vill Bierger hiert Liewe loossen. Amerika ass an där Zäit en totalitären Iwwerwaachungsstaat, wat mech kuerz zu sengem éischte Buch zeréckféiert. An där Autobiographie hat de Steinmetz ënner anerem kuerz vum Fichier Central bei der Police Grand-Ducale geschriwwen, en Thema, dat virun 3 Joer an der Top-Aktualitéit zu Lëtzebuerg war http://bit.ly/2qkkoToËmmerhin weess de fréiere Chefkommissär vu wat datt hie schwätzt, respektiv schreift.

Beim Titel “a Cruel new world” denkt een natierlech un brave new world. An et bestinn duerchaus Parallellen, allerdéngs just punktuell. Déi nei amerikanesch Haaptstad heescht Las Vegas, zum groussen Deel am Besëtz vum President, dee sech Tramp nennt. Dat Ganzt soll un d’Attack vun amerikanesche Bierger géint de Kapitol zu Washington erënneren; et ass eng Erzielung iwwer e korrupten politesche System an deem déi elementäerst demokratesch Spillreegelen bei der Däiwel gefuer sinn.

Esou gouf zum Beispill d’Police carrement ofgeschafen. Op der Strooss setzt sech deen duerch, deen am stäerksten ass, am mannste Skrupelen huet. De Steinmetz beschreift de Fonctionnement vu verschiddene Ministèren, ganz ausféierlech deen vum Sozialwiesen. Déi Säiten iwwer d’Politik hu mech natierlech ugezunn, gouf – awer dat as just perséinlech- e bësselchen enttäuscht well ech näischt iwwer de Medie-Ministère fonnt hunn, ma maachen dofir hei e puer Zeilen public iwwer de Ministère fir Justiz, Police a Sécherheet.

“…Wegen der zahlreichen Austritte aus der Polizei wurden alle Polizeistationen landesweit geschlossen. Die Polizei wurde aufgelöst. So entstand ein Rechtsvakuum auf dem gesamten Landesterritorium. Die Gewalt auf der Straße nahm erschreckende Ausmaße an, seitdem galt ausschließich das Gesetz des Stärkeren. Das Chaos war perfekt organisiert, von einer Regierung, welche so nie hätte aufgestellt werden dürfen.

Um dieser unhaltbaren Situation Einhalt zu gebieten, erstellte die neue Hauptstadt Las Vegas zuerst ihr eigenes Polizeikorps, die »Freedom Fighter«. Diese genießen einen ab- soluten Sonderstatus.

Alle größeren und mittleren Städte des Staates, zu denen auch Kingman gehörte, schufen seitdem ihre eigenen autonomen Polizeieinheiten. Diese unterstehen den Bürgermeistern und ihre Autorität bezieht sich rein auf das eigene Stadtgebiet. Diese einzelnen Polizeieinheiten sind regional sehr verschieden, haben keinen Bezug zueinander und tra- gen selbst verschiedene Namen und Uniformen.

Die Chefs dieser verschiedenen Einheiten sind die Bürgermeister, zusammen mit einem von den Einwohnern in geheimer Wahl gewählten Bürger, welcher dann den Titel eines Captain trägt. Diese sind gemeinsam mit ihren Stellvertretern, den Leutnants, verantwortlich für alle Belange ihrer Einheit. Besoldet werden alle Beamten aus den einzelnen Stadtkassen…”

Méi wëll ech net verroden. D’Story ass spannend geschriwwen, et frësst een d’Säiten a sech eran, a si huet e Bezuch zu der Aktualitéit. Dat Buch kann ee kréien als Amazon/Kindle eBook fir 8,99€. Och als Amazon/Kindle Täschebuch fir de Präis vu 17,66€ oder awer klassesch als Täschebuch an der Librairie fir 17,75€. Ech wënsche vill Spaass beim Liesen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *