Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesondheet

Vaccinatioun an Tram: même combat? 

Vaccinatioun an Tram: même combat?
Image par Tumisu de Pixabay

 

dat huet sech jo gutt ugekënnegt! Den 28. an 29. Dezember ginn d’Leit aus dem Gesondheetssecteur geimpft, direkt duerno kommen déi ganz eeler Leit un d’Rei. Bravo! Besser kann et net sinn! Ma wéi esou dacks stécht den Däiwel am Detail. D’Gesondheetsministesch huet ee méi komplizéierte Wee eraus gesicht an et stellt sech d’Fro vum firwat.

Den CSV- Süddeputéierten an Escher Buergermeeschter Georges Mischo koum zwou Stonnen nom Optrëtt vum Duo Bettel/Lenert mat enger Drénglechkeetsfro ugelaf, déi nun wierklech net vun der Hand ze weisen ass. An zwar wëll de Mann Informatiounen hunn – wien wonnert et als Buergermeeschter-, datt d’Ministesch schonn de 17. Dezember de Spidoldirekteren matgedeelt hätt, datt si den 28. an 29. Dezember jeeweils 200 Leit pro Spidol sollen an d’Stad schécken fir an den Victor Hugo Haalen um Lamperbierg geimpft ze ginn.

D’Kanner staunen am Kasperl-Theater! Firwat soll dat da gutt sinn?! Do mussen jo dann 200 Dokter an Infirmieren beispillsweis vun Esch oder Ettelbréck an d’Stad fueren, fir sech do d’Nol setzen ze loossen. Wär dat net méi einfach, wann si sech an hirem eegene Spidol géingen impfe loossen? Et géing 2 Minutte brauchen, Aplaaz 2 Stonnen! Schliisslech widderhëlt sech dee Spektakel dräi Wochen drop fir déi zweet Vaccinatioun.

D’Spidolsdirekteren haten der Ministesch och proposéiert op d’mannst fir den Ufank hiert Personal an hirem Gebai ze impfen, ma wéi d’schéngt wollt d’Ministesch näischt dovunner wëssen. Wat also ass d’Ursaach?

et ass natierlech spekulativ, ma 800 Leit an engem Siess op engem Koup, dat ass fir d’Kamera an d’Medien am allgemengen vill méi spektakulär, wéi e puer Dokter, déi an hirem Cabinet den Arem dohinner strecken a genéiert laachen. Ech ginn also de Verdacht net lass, datt d’Regierung wëllt vun der Geleeënheet profitéieren, fir d’Vaccinatioun  an der Ëffentlechkeet als eng gutt Saach ze “verkafen”. Nämmlecht Strategie ewéi mam Tram. An et géing mech net wonneren, wann wéi duerch e Wonner déi nämmlecht zwee Deeg net och déi ganz Regierung sech déit impfe loossen.

Déi zwee Deeg ginn also 800 Persounen aus dem Gesondheetssecteur souzesoen als Geisel geholl, vun de Medien net ze schwätzen. Datt eenzel Regierungsmember sech filme loossen a wärend dem Piiksen séisss-sauer an d’Kamera kucken, ass jo duerchaus ze verstoen. Ech si mir sécher, och de Groussherzoglechen Haff géing matmaachen. An och sos bekannte Perséinlechkeeten. Awer gläich 800 Dokter an Infirmier/èren?!

Nom 29. Dezember ass Schluss an de Victor Hugo Haalen. Fir gläich dräi Wochen. Geimpft gëtt dann neess den 18. Januar. Bis dohinner soll zousätzleche Vaccin op Lëtzebuerg geliwwert sinn!

Hei ënnendrënner déi ganz QP vum Georges Mischo:

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *