Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Divers

Unanimitéit géint d’Heeschen op der Strooss! 

Unanimitéit géint d’Heeschen op der Strooss!
image credits: rtl.lu

Wann ee vun Heesche schwätzt, denkt ee fir d’éischt un eis Haaptstad. Verschiddene Leit geet dat géint de Stréch, anerer soen, datt Heeschen en elementaart Mënscherecht ass. Derbäi kënnt d’Polemik, datt et sech dacks net ëm de “klassesche Clochard” handelt, ma ëm organiséiert Banden. Um Lift vum Parking Theater pecht zanter engem décke Joer en Ziedel vun der Police, fir d’Leit doropper opmierksam ze maachen. Deen Ziedel ass esou kleng ausgefall, datt hie kengem opfällt. Ma onoofhängech dofunner: wann d’Police tatsächlech derfunner ausgeet, datt et sech dacks ëm “organiséiert Kriminalitéit” handelt, stellt sech d’Fro: virwaat ënnerhëllt si näischt dogéint. Ëmmerhinn besteet zanter e puer Joer dat néidegt Gesetz dozou!

 

D’ Diskussioun huet sech bis ewell limitéiert op e Konflikt tëscht dem Gut- an dem Bösmensch. Ma ausgerechent d’Stad Dikrech hëllt en neien Ulaaf. An där Gemeng ass zanter gëschter d’Heeschen verbueden. De roude Buergermeeschter huet dat néidegt Reglement abruecht, an dat gouf an der Unanimitéit ugeholl! Also vu Rouden, vu Bloen, vu Schwaarzen, jo esouguer vu Gréngen!. Am Artikel 54 bis vum Polissereglement heescht et elo: “la mendicité est interdite sur le territore de la Ville de Diekirch”. De Buergermeeschter Claude Hagen seet am Tageblatt, et hätt ee leider musse reagéieren, well ëmmer méi dacks Persounen, déi net zu Dikrech selwer wunnen, an déi Stad heesche komm wieren; doniewt hätt sech bei de Leit d’Bild festgesaat, datt et sech bei dëse Persounen ëm Flüchtlingen déit handelen, wat awer net onbedéngt der Wourecht entsprécht.    

 

E ng durchaus interessant Entwécklung: bis ewell gouf deejenegen, deen d’Heeschen verbidde wollt, an den Eck vum Bösmensch gedréckt: eng Diskussioun – organiséiert Banden oder net- gouf direkt am Keim erstéckt. Elo, mam Seegen, pardon: mam Vote zu Dikrech, misst endlech kënnen sachlech driwwer diskutéiert ginn, och an der Gemeng Lëtzebuerg, well, wann déi vill Fraen mat klenge Kanner, déi vill eeler Männer mat Muppen tatsächlech forcéiert ginn, fir ze heeschen, an Owes mussen hiert erheeschtent Geld beim Big Boss ofginn, dann ass et Mënschenhandel,  an dee muss verbueden a haard bestrooft ginn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *