Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Aus dem courrier vum Pierre Gramegna 

Aus dem courrier vum Pierre Gramegna
image credits: gouvernement.lu

Do gëtt et zanter 4 Joer eng Reklamatioun vun engem auslänneschen Investisseur géint eng grous Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg. De commissariat aux assurances (CAA) huet refuséiert, dozou Stellung ze huelen, an zwar esou laang, bis hien vum Verwaltunsgeriicht zu Lëtzebuerg verpflicht gouf, dat séier nozehuelen. An där Zäit goung de Konflikt weider tëscht deem Grupp vun auslänneschen, e.a. belschen Investisseuren an der Assurancëgesellschaft. De 25. September zejoert hunn zwee Staatsfonctionnairen – an hirer Kalitéit als Member vum CAA- dee Bréif als Aentwert fortgeschéckt; dobäi wier hinnen e graffe Feeler ënnerlaaf. Dat Schreiwes, wéi gesot als Aentwert op eng Reklamatioun vun engem Investisseur, goung net nëmmen un déi Persoun selwer eraus, ma och un déi betraffen Versécherungsgesellschaft. D’Affaire huet hir Kreeser gezunn – op der lëtzebuerger Finanzplaaz gëtt ewell driwwer getuschelt, wat heesche wëll, d’Saach ass op der place publique gelannt. Investor protection aus der Belsch gouf ageschalt, reagéiert méi wéi rosen iwwer de Bréif an ass der Meenung, datt d’Assurance dat Schreiwes excellent kéint fir hir eegen Zwecker benotzen am Konflikt viru Geriicht. Déi zwee Fonctionnairen missten dowéinst disziplinaresch bestrooft ginn! Investor protection ass eng Gesellschaft, déi d’Interessi vun Investisseuren vertrëtt.

4 Méint huet et gedauert, bis datt d’Aentwert aus dem Finanzministère koum! Den zoustännegen Conseiller de direction 1ère classe mengt, et sollt ee mol d’Prozesser ofwaarden an erënnert drunn…

https://www.dropbox.com/s/4vayuk54d2vrw9h/nouveau%20document%202019-04-27%2015.48.30.pdf?dl=0

 

D e Grupp IP gëtt sech domatter net zefridden a schéckt den 12. Abrëll e weidere Bréif un de Pierre Gramegna, wat d’Behuelen vun deenen zwee Staatsfonctionnairen ugeet….

https://www.dropbox.com/s/g7oogj1wdpklovp/nouveau%20document%202019-04-27%2015.58.16.pdf?dl=0                    

Dat Schreiwes goung e.a. als Copie un de Grand-Duc Henri, un de lëtzebuerger an un de belsche Premier, plus un eng Reih aner Leit. Wéi gesot, op der Finanzplaz gëtt doriwwer gepëspert, an et gi sech Froe gestallt. Ech hunn déi responsabel Persoun beim Grupp IP kontaktéiert, en interessant Gespréich, awer just mat der Confirmatioun, datt sech den Ament vill geschriwwe gëtt; de Finanzminister hätt awer ëmmer nach net op dat lescht Schreiwes vum 12. Abrëll reagéiert an et gëtt sech gefrot, virwat net och de Premier Xavier Bettel sech an d’Affaire amëscht…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *