Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Et ginn och Argumenter géint d’AMMD 

Et ginn och Argumenter géint d’AMMD
Image par Welcome to all and thank you for your visit ! ツ de Pixabay

d’Associatioun vun den Dokter an Zänndokter steet um Krichsfouss mat der Regierung. Ënnert anerem, well si gären de Gesondheetssecteur wëll dezentraliséieren, wat esou vill heescht ewéi: manner Gewiicht op d’Spideeler leeën, méi Responsabilitéit de liberalen Dokter iwerloossen. Do klappt ee mol fir d’éischt an d’Hänn! Ze dacks huet een héieren, datt eng Persoun muss Méinte laang waarden, ier si däerf an de Scanner, an den IRM, datt ee 7 Méint Gedold muss hunn fir an eng Mammographie, et huet een et selwer erliewt, wéi staark d’Urgencen an de Klinike besicht sinn, wou kleng Kanner Owes waarde gelooss ginn vun 7  Auer bis Hallefnuecht! En décke BRAVO also un d’AMMD. Souwisou ginn et jo schonn eng Partie cabinet médical, déi verschidde Generalisten sech deelen, a wou et niewt hinnen nach deen een oder anere spezialiséierten Medezinner gëtt, an direkt niewt dem Waardezëmmer, eng kleng lëschteg Madämmchen, fir d’Blutt ze zapen. Virwat sollt do net och d’Méiglechkeet bäikommen, fir op der Plaz en IRM maachen ze loossen?

Image par Bruno /Germany de Pixabay

D’Regierung ka sech mat där Iddi net ufrënnen, si fäert, datt IRM-“Photo” op d’Kretchëssem gemaach ginn, datt also d’Onkäschten duerch de Plafong schéissen. Dorunner ass eppes drun! D’Ausland, dat äis ëmmer 10 – 20 Joer viraus ass, weist, wéi grouss d’Geforen fir esou eng Entwécklung kënne sinn, an zwar fir d’Medezinner esou gudd ewéi fir d’Patienten.

 

D’Zeitung WELT koum där Deeg mat der Hiobsbotschaft:”immer mehr niedergelassene Fachärzte verkaufen ihren Arztsitz an Firmen oder internationale Finanzinvestoren”! A ganz Däitschland ginn et 4100 sougenannte MEDEZINISCHE VERSORGUNGSZENTREN, an hannert jidfer sechstem Zenter wier eng Firma vun Investisseuren, souguer zum Deel mat Sëtz a Steieroasen wéi d’Cayman Islands. En Investisseur awer – esou éierlech wéi deen och méiglecherweis ass- investéiert säi Geld nëmmen, wann hien eppes Bar auf die Kralle zeréckkritt.

Dat huet natiirlech seng direkt Konsequenzen fir de Patient! Wéi WELT schreiwt, froen Zänndokter aus esou Zentren en Drëttel méi, wéi normal; bei den Aandokter géing d’Operatioun um groe Star ëm e Véierel zouhuelen. D’Situatioun vun de Medezinner stéing viru grousse Changementer: vill Dokter wären am Pensiounsalter a wären um Punkt, hire Cabinet opzeginn. Hir Patienten sinn hire fonds de commerce, an esou géif den Dokter ëmmer méi dacks sech als Nofolger keen Aarbechtskolleeg eraussichen, ma en “investisseur”, well bei deem méi Suen eraussprangen. Dat bedeit, datt deen neie Dokter, deen d’Praxis iwwerhëllt, eng Zort Salarié ass vum Investisseur, dee mat Sécherheet net wëll um Dréchne sëtze bleiwen!

“Den däitsche Modell ass net mam Lëtzebuergeschen ze vergläichen, an awer sollt een en A drop halen!”

Dës Gefohren fir de Gesondheetssecteur sinn reell, an nawell ënnerstëtzen ech d’Iddi vun der AMMD, sech vum ablackleche Klinikkesysteem e bësselchen – also mat Moossen- lass ze léisen! Um Geriicht krut an deem Sënn e Radiologue Recht, anerer wäerten nokommen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *