Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Un d’Lëtzebuerger Wort: Politik ass kee Spill! 

Un d’Lëtzebuerger Wort: Politik ass kee Spill!
gkonline

D’WORT huet sech eng nei Form vun Interview mat Wahlkandidat(inn)en afale gelooss. Dat ass luewenswäert. Et ginn 13 Froen gestallt, wou ee just mat enger Ziffer kann drop äntweren. Dat ass déi absolutt kierzte Form vun Äntwert, déi méiglech ass. Manner geet net. Dat Ganzt ass ënnermoolt mat Fotoen vum Kandidat a mécht wierklech Loscht, sech déi eenzel Ziffer-Äntwerten unzekucken. Ma esou eng Mini-Äntwert bedeit och e grousse Risk fir de Kandidat, falsch verstanen ze ginn. An do ass dann d’Zeitung net ganz onschëlleg.

Ënnert anerem gouf en Dënschdeg der LASEP-Kandidatin Liz Braz d’Fro gestalt, wéi vill Joer et an hiren An déit brauchen, bis hier Partei d’Verméigens- an d’Ierfschaftssteier (nees) agefouert hätt. Äntwert vun der jonker Madamm: 1 Joer!

Wow! Dat liest sech grad ewéi datt et de Sozialisten richteg eescht gemengt wär. Bannent 12 Méint gëtt d’Verméigenssteier ëmgesat, déi virun 18 Joer ofgeschafe gi war, bannent 12 Méint kënnt d’Ierfschaftssteier! Grouss Onrou an de Kreesser vun den décke Portmonnien, awer och bei Affekoten a bei Leit aus dem Finanzsecteur. D’tzozistesch Aarbechterpartei krut Krämpes, d’Geeschter ze berouegen.

Um Enn vum Interview kritt een dann awer déi heite Méiglechkeet ugebueden:

gkonline

Dat ass e bësselchen vill mam Feier gespillt! Net jiddereen huet Loscht, sech dee Video unzekucken, net jiddereen huet zu deem Ablack déi néideg Zäit, ganz dovunner ofgesinn, datt d’Wort eng konservativ an eeler Lieserschaft huet, déi op esou ee modernt elektronescht Gepiddels net wëll oder net kann zeréckgräifen. Ass allerdéngs an dësem Fall absolutt wichteg!

Well d’Madamm Braz seet dat heiten: “Wir haben unter anderem die Vermögenssteuer in unserm Wahlprogramm stehen. Und wenn die LSAP in einer nächsten Regierung vertreten sein sollte, mit Koalitionspartnern, die offen dafür sind, dann kann man schon nach Dezember 2023 darüber diskutieren“. Dat ass dach eng ganz aner Musek, ewéi wann ee just d’Ziffer 1 do stoen huet!

Wann, wann, wann. D’Sozen fanne kee Koalitiounspartner, just déi Gréng an déi falen net weider an d’Gewiicht. A vun der Ierfschaftssteier kee Wuert aus dem Mond vun der Kandidatin. Dobäi huet de Journalist si awer och op deem Punkt ugeschwat an d’Ziffer 1 ënnendrënner gesat.

D’Opreegung war also grouss an de concernéierte Kreesser, ma war ëmsoss. Och den CSV-Deputéierten Laurent Mosar hat sech dozou op Linkedin zu Wuert gemelt:

gkonline

 

Elo gëtt et eng aner Opreegung: d’Lëtzebuerger Wort geheit der CSV fir, net fair mat der jonker rouder Kandidatin mat gréngem Blutt an den Oderen ëmgesprongen ze sinn. Si géif ugegraff ginn fir eppes wat si ni gesot hätt. Kloer! Et ass wuel net falsch engem Politiker ënner d’Nues ze reiwen, datt een en Text bis déi lescht Zeil muss liesen. Ma den Ursprong vum mal-entendu, vum Gedeessems läit dach eendeiteg an der Form vum Wort-Interview!

An iwwerhaapt! Ass et net normal, datt eng Partei matzen an der Wahlcampagne eng Kandidatin vun enger anerer Partei probéiert an den Eck ze drécken? Hätt si dat net gemaach, hätt et wuel geheescht: d’CSV ass ze domm fir Oppositioun ze maachen, ëmsou méi wou et sech hei ëm e sensibelen Steiersujet handelt deen eng immens breet Majoritéit vun de Lëtzebuerger betrëfft!

Datt de Kandidat/d’Kandidatin manner ze soe kritt, datt de Risk vu Feeler, vun

Facebook

Interpretatiounsdivergenzen méi grouss gëtt. Dobäi ass Fakt, datt d’Leit sech ëmmer manner Zäit huelen fir länger politesch Interviewen bis zu Enn ze liesen. Et ass also duerchaus nozevollzéien, datt d’Journalisten probéieren, aner Pied ze trëppelen. Hei ass allerdéngs dach iwwerdriwwe ginn.

Ronn 40.000 Lieser haten d’Äntwert vun engem Joer zervéiert kritt, wéi vill vun deenen sech d’Méi gemaach haten, via QR-Code alles ze kucken, ze lauschteren an ze liesen weess d’Wort eleng. Et däerf een awer getrouscht dovunner ausgoen, datt et déi meescht bis ewell net gemaach hunn. Den Artikel am Print-Wort huet deemno -ongewollt- fir Opreegung gesuergt, iergendwéi der Aarbechterpartei geschuet an zugläich dem Liz Braz hire Bekanntheetsgrad erweidert.

Feeler soll een agesinn an net deenen aneren d’Schold ginn! E politeschen Interview op 13 mol eng Ziffer reduzéieren ass Gespills dat zu Gestreits ka féieren.

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Wat iergend ee Kandidat VIRUN de Walen individuell sou vu sech gëtt, ass dach vun totaler Onwichtegkeet, geet et HAUT just dorëm, sech als KandidatIn iergendwéi a Szeen ze setzen – an do ass d’Tribune, déi d’Wort ubidd, absolut gëeegent. Och d’Form ass hei ideal – dat huet d’Lieserschaft mat engem Bléck gecheckt. Mä nach eppes ass ëmmer rëm bedauerlech: een Numm geet duer, een “No-Name”, egal wéi gutt si oder hien ass, huet an deem Politspektakel, deen ëmmer rëm reng op d’Persoun bezunn ass, absolut keng Chance. A wéi gesot, wat do iergend een “ausseet” ass inhaltlech irrelevant, d’Haaptsaach ass, säi Gesiicht taucht däitlech op – sou ass et mat all Optrëtt virun der Kamera: wat ee seet, kritt mol kaum ee mat, d’Haaptsach ass, dat ee gewise gëtt…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *