Déi schwaarz-roud Majoritéit hat d’Question time an der Chamber agefouert. D’Deputéierten kënnen engem oder méi Regierungsmember(en) am Plenum eng Fro stellen. Dat war an der Zäit eng kleng Revolutioun, zumol wann ee bedenkt, wéi gemällech eis parlamentaresch Politik um Krautmaart verleeft: eng richteg Sträitkultur hu mir net, allemol wäit ewech vum Parlamentarismus zu London, vun deem sech Lëtzebuerg allerdéngs inspiréiert huet.
E lo denkt déi nei Majoritéit driwwer no, dës question time aneschters ze gestalten. An zwar soll den Deputéierten seng Fro am Viraus vill méi präzis eraginn, wéi dat bis ewell de Fall ass. Den Ament kann nämlech de Volleksvertrieder am Virfeld bekannt maachen, datt hien beispillsweis eng Fro wëll iwwer de Klima stellen, an herno stellt sech eraus, datt et an der Haaptsaach ëm finanziell Ënnerstëtzungen geet, fir Leit a Gesellschaften, déi duerch rezent Iwwerschwemmungen staark geschiedegt gi waren. Wann de Minister net op de Kapp gefall war, konnt hien sech dat wuel denken, an awer war et ëmmer eng Zort Firwëtztut, wat d’Saach esou spannend gemaach huet: den Deputéierten kann de Minister erausfuerderen, him op den Zant fillen, kucken, op hien och suedelfest ass. Vu Westminster wéi gesot, geknäipt, awer nëmmen hallefhäerzeg, well zu London kann den Deputéierten beim Minister mat zousätzleche Froen nobueren; bei eis par contre stellt den Deputéierten brav seng Fro, sëtzt sech a lauschtert der Aentwert vum Minister no. An dat war et dann och schonn. Wann et ganz schlëmm kënnt, zweemol e kuerze Monolog, wou laanschtenee geschwaat gëtt. An trotzdeem passt et de Ministeren vu Gambia net méi an de Krom!
F ir datt d’Fro akzeptéiert gëtt, misst den Deputéierten se virdrun schrëftlech vill méi präzies formuléiert un de Chamberpresident eraginn, wéi dat bis dato de Fall ass. Domatter gëtt d’Froestonn natiirlech bedeitend manner spannend, well de Minister jo ganz genee weess, wat op hien duerkënnt a sech deemenstpriechend gutt ka preparéieren. En Ënnerscheed tëscht enger schrëftlecher an enger oraler Fro gëtt et dann eigentlech net méi. Et wier gutt, wann d’Volleksvertrieder sech géingen dogéint wieren, net nëmmen déi vu lénks bis riets, ma och déi aner, déi den Ament nach beim Trach stinn….