Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Vu Geknäips a vu Gestreits 

Vu Geknäips a vu Gestreits
Photo de Andrea Piacquadio provenant de Pexels

epuer Deeg no der Allerhellege-Vakanz ass et roueg am Dall vun der Politik. Nach! Well et gëtt vill gepëspert iwwer d’Gefuddels façon du chef, vum Staatsminister. Et ass net komplett auszeschléissen, datt d’Plagiatsgeschicht politesch Konsequenze kritt an de Reien vun der Koalitioun. De whistle blower schéngt iwwregens fonnt ze sinn.

Bei der LSAP a bei der CSV sinn se erliichtert: et schéngt keen aus hire Reien gewiescht ze sinn, deen d’Informatioun vum Geknäips u Journalisten weider gouf. Déi Persoun wier éischter an de Reien vun der demokratescher Partei ze sichen. Man nenne Ross und Reiter! Geet net. Well éischtens ëmmer nach eng (kleng) Onsécherheet besteet a well zweetens de Journalist gebieden ass, sech u säi Quelleschutz ze halen. Mä an der DP sinn se opbruecht an an der Regierungskoalitioun ass d’Stëmmung schlecht. Am schlëmmste Fall kéint et op Neiwahlen erauslafen.

Déi politesch Musek spillt an dësen Deeg bei der LSAP, déi e Méindeg Nationalkongress huet. Et geet vill ëm Strategie. D’Haaptprotagonisten sinn Lenert, Kersch a Romain Schneider.

op deem Kongress – esou gouf gemunkelt- hätten d’Ministeren Dan Kersch a Romain Schneider sollen hier Demissioun aus der Regierung definitiv ukënnegen.

gouvernement.lu

Dat schéngt net méi esou ganz wouer ze sinn, allemol net, wat de Kersch ubelaangt. Esou kuerz virum Nationalkongress heescht et nämlech, datt et alles aneschters ewéi sécher wär, datt d’Paulette Lenert aus där enger oder anerer Ursaach bereet wier, d’Partei als Spëtzekandidatin an d’Superwahljoer 2023 ze féieren.

Dës Madamm war bis virun der Pandemie éischter en onbeschriwwent Blat. Hier grouss Renommée – déi am Laf vun dëser Woch am neie Politmonitor confirméiert gëtt- ass exklusiv op d’Gestioun vun der Covid-Kris zeréckzeféieren. Ma e Virus eleng ass nach keng Politik. Do gëtt un anere Fisselle gezunn, mat anere Bandagen geschafft!

An esou kéint et duerchaus sinn, datt den Dan Kersch dëse Méindeg um Kongress näischt ukënnegt…en attendant, datt d’Decisioun vun der Spëtzekandidatur spéider geholl gëtt. Bei de Genossen lafen an de Kulissen nach aner Diskussiounen, Ausernanersetzungen. Nees eng Kéier Strategie.

Am Superwahljoer gëtt nämlech fir d’éischt d’Parlament gewielt, Méint drop d’Gemengen. D’Sozialisten hätte gären deen Zenario aus Grënn vu politeschen Duebel-Mandater ëmgedréit. Also gëtt Drock opgebaut. An do kënnt d’Plagiatsaffair mat an d’Spill.

eigentlech ass et normal, datt bis ewell all d’Parteien sech an hire Reaktiounen op d’Geknäips vum Student Xavier Bettel zeréckgehalen hunn. Si waarden de Verdikt of vun der Universitéit zu Nanzeg. Besonnesch wouer misst dat sinn fir d’Parteien aus der Majoritéit, schliisslech fält een net iwwer säin eegene Chef hier. Déi Blo an déi Gréng hu sech strikt dorunner gehalen, net esou d’Sozialisten.

De Parteipresident Yves Cruchten léisst duerchblécken, datt d’Plagiatsgeschicht kéint politesch Spueren hannerloossen.

lequotidien

Der einzige Koalitionspolitiker, der vor Redaktionsschluss auf eine Anfrage von Reporter.lu reagierte, ist Yves Cruchten. Auch er will abwarten, deutet jedoch eine Stellungnahme zu einem späteren Zeitpunkt an. „Das lässt mich auch nicht kalt“… an um Site vum Lëtzebuerger Wort(fr) ass ze liesen: puisqu’Yves Cruchten, président du LSAP, laisse sous-entendre auprès de Reporter que les socialistes pourraient prendre leurs distances avec le chef de l’exécutif en cas de plagiat avéré.

Wat heescht dat: op Distanz goen mam Regierungschef? Him d’Mësstrauen ausschwätzen? Regierungskris? Neiwahlen? Oder just eng Kéier dem Bettel op d’Fanger geklappt an da viru mam Jabel,…deen awer nei getässelt gouf? Vill Spillraum fir Spekulatiounen am Stadion vu Gambia 2. Et ass also alles aneschters wéi roueg am Dall vun der Politik!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *